NOUT-TELEFON > D’BEGRIEFNISPASTORAL ass all Dag erreechbar Tel. 621 686 102

TÉLÉPHONE D’URGENCE > L’EQUIPE DES FUNÉRAILLES est accessible tous les jours au tél. 621 686 102

 

Begriefnispastoral - Equipe de funérailles

NOUT-TELEFON > D’BEGRIEFNISPASTORAL ass all Dag erreechbar Tel. 621 686 102

TÉLÉPHONE D’URGENCE > L’EQUIPE DES FUNÉRAILLES est accessible tous les jours au tél. 621 686 102


Envoi ecclésiastique fir d’Begriefnispastoral vum Isabelle Asseray

D’Equipe Begriefnispastoral huet mat der Mme Isabelle Asseray e neie Member kritt. No hirer Formatioun an hirem Stage ass si den 17.3.2024 offiziell vum Här Aerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich agefouert ginn.

Eis beschte Félicitatiounen dem Isabelle Asseray, an dem Kardinol e grousse Merci datt hien fir den Envoi ecclésiastique bei eis komm ass.


D’Equipe Begriefnispastoral: ganz wäertvoll Benevolen an der Par Atertdall Sainte-Claire

Fir den Asaz an d’Aarbecht vun eiser Equipe Begriefnispastoral:
Hinnen ee ganz grousse Merci. Si sinn all Benevolen an der Par, an dat heescht, si verdéngen näischt a maachen déi ganz Aarbecht gratis.

Zu hierem benevollen Asaz gehéieren eng ganz Rei Déngschtleeschtungen. Do ass fir d’éischt emol eng Telephonspermanence, déi d’Memberen vun der Equipe à tour de rôle iwwerhuelen, esou dat bei engem Stierffall an der Par Atertdall Sainte-Claire ëmmer en Uspriechpartner do ass, um Téléphone d’urgence: 621 686 102.

D’Memberen vun der Equipe Begriefnispastoral huelen dann och mat der Famill vum Verstuerwenen Kontakt op, fir no engem Trauergespréich, d’Begriefnis am Kontakt mat dem Paschtouer festzeleen a mat der Famill virzebereeden. D’Equipe Begriefnispastoral ass och selwer beim Begriefnis derbäi, fir d’Liturgie hëllefen ze gestalten. Nom Begriefnis kann d‘Famill sech ëmmer nach un d’Equipe wenden, fir aner Froen ze klären.

D’Memberen vun der Equipe Begriefnispastoral hëllefen och op Allerhellegen d’Griewer ze seenen an si proposéieren eemol am Joer eng Erënnerungsfeier un déi Persounen, déi am Laf vum Joer gestuerwe sinn.

All d’Memberen vun der Begriefnispastoral si vum Bëschof ernannt, hunn eng Formatioun matgemaach a leeschten all déi Déngschter am Benevolat. Als Curé-modérateur sinn ech ganz frou iwwert dës wäertvoll Hëllef. A wann sech Persounen ugesprach fillen, fir an dëser Equipe matzemaachen, kënnen si sech am Parbüro mellen, fir den Oflaf vun der Formatioun matgedeelt ze kréien.
MERCI VILLMOOLS!

Hei sinn d’Memberen vun der Equipe Begriefnispastoral aus der Par Atertdall Sainte-Claire:

Isabelle Asseray, Albertine Boonen-Hemmer, Marie-Paule Fischbach, Betty Heimermann-Wio, Eugénie Nahrgang-Gilson, Marie Claire Rasqué-Dolizy a Francine Reiser-Beckerich.

L’Equipe des funérailles, ces bénévoles très importants dans notre paroisse

La paroisse Atertdall Sainte-Claire se réjouit d’avoir une équipe de bénévoles pour la préparation et l’organisation des funérailles. Cette équipe assure une permanence téléphonique: 621 686 102 où la famille en deuil peut prendre contact en vue de la préparation et de l’organisation des funérailles en relation avec le curé-modérateur de la paroisse.

Les bénévoles de cette équipe rencontrent la famille et sont présents lors de la célébration des funérailles afin de s’occuper de la liturgie et de donner, aussi après les funérailles toutes les informations souhaitées.

Les membres de l’équipe des funérailles aident aussi à bénir les tombes à la Toussaint et organisent une fois par an une célébration commémorative pour tous ceux qui sont décédés au cours de l’année.

Notons bien que tous les membres de cette équipe sont nommés par l’évêque après avoir achevé une formation initiale et s’engagent alors comme bénévoles, ce qui veut dire: ils rendent ces précieux services gratuitement, sans être rémunérés.

Comme curé-modérateur, j’apprécie beaucoup leur engagement bénévole et compétent, et je leur exprime ici un chaleureux MERCI!

P. Jean-Jacques Flammang SCJ, curé-modérateur de la paroisse Atertdall Sainte-Claire

PDF 374.4 kB, 15. November 2022
Photo équipe des funérailles - Begriefnispastoral-Equipe - Par Atertdall Sainte-Claire 2022
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement