400. Jubiläum vun der Tréischterin am Leed

400 jubilé de la Vierge Marie, Consolatrice des affligés

« D’Oktav rifft ons ëm däin Altor »

Den Héichpunkt vum kierchleche Liewen hei zu Lëtzebuerg sinn ouni Zweifel all Joers déi zwou Woche vun der Muttergottes-Oktav, wou vill Pilger a Pilgerinnen aus dem In- an Ausland de Wee an d’Kathedral bei eis Tréischterin a Patréinesch fannen. Dëst Joer feiere mir eis Oktav, déi ënnert dem Thema steet « Pilger vun der Hoffnung », vum 10. bis de 25. Mee. Grad am Jubiläumsjoer vu « 400 Joer Veréierung vun der Tréischterin » si mir all opgeruff un de Feierlechkeete vun der Oktav deelzehuelen. Dofir invitéieren mir iech un eisem Pilgerdag vum Dekanat ‘Süden-West’ deelzehuelen.

Dënschdeg, den 20. Mee 2025

Treffpunkt 16:45 An der Méchelskierch
17:00 Kuerz Andacht
17:25 Prëssessioun iwwert d’Corniche an d’Kathedral
18:00 Feierlech Mass virum Votivaltoer vun eiser Tréischterin

Le point culminant de toute la vie de l’Église au Luxembourg sont chaque année les deux semaines de l’Octave de Notre-Dame, où de nombreux pèlerins du pays et de l’étranger se rendent à la cathédrale pour vénérer notre Consolatrice et Patronne. Cette année nous célébrons notre Octave sous le thème « Pèlerins d’espérance » du 10 au 25 mai. En cette année jubilaire des « 400 ans de vénération de la Consolatrice », nous sommes tous appelés à participer aux célébrations de l’Octave. C’est pourquoi vous êtes invites à notre pèlerinage du doyenné « Süden-West »

Mardi, le 20 mai 2025

Rendez-vous 16:45 En l’église Saint-Michel
17:00 Courte prière
17:25 Procession vers la cathédrale (par la Corniche)
18:00 Messe solennelle devant l’autel votif de la Consolatrice des affligés

Verschidden Aktivitéiten am Laf vum Joer
  • Den 8. Dezember 24 war den Optakt vun de Feierlechkeeten zum 400. Jubiläum vun der Tréischterin am Leed.
    Cathédrale de Luxembourg: 10:30 Messe pontificale (Télésmass)
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement