Léiffrächen Lied

Notre-Dame des mineurs

O Léiffrächen héich um Bierg,
Breet Däi Mantel iwer Käl (iwer äis)
Seen eis all mat Gutt a Blutt,
Leet eis all zum éiwgen Häl.(Paradäis)

Du gutt Mamm, reech eis Déng Hand
Bied fir eis bei Déngem Kand.

O Léiffrächen, hal gutt Wuecht
Datt kee Leed eis d’Léift zerschléit
Datt de Glaf wéi Stol sou hoart
Datt am Minett d’Gléck eis bléit.

Du gutt Mamm, reech eis Déng Hand
Bied fir eis bei Déngem Kand.

Dir, Léiffrächen weiht sech nees
Grouss a Kleng am rouden Dall,
D’Trei zur Kiirch an d’Trei zum Land
Schwieren Dir Déng Kanner all.

Du gutt Mamm, reech eis Déng Hand
Bied fir eis bei Déngem Kand.

Anfangsworte des „Léiffrächen-Liedes“. Verfasser des Ursprungtextes ist Th. Wies, von 1914-1919 Lehrer in Kayl. Pfarrer Emile Linden komponierte die Melodie dazu. Im Laufe der Zeit hat das Lied mehrere Umänderungen erfahren. Die jetzige Textfassung stammt von Pfarrer René Carmes (von 1960-1974 Pfarrer in Kayl).

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement