|
Kannerpastoral - Pastorale des enfants
1. Wuertgottesdéngschter fir d’KannerDe Wuertgottesdéngscht ass den 1. Deel vun der Mass. Eemool am Mount verbréngen d’Kanner dësen Deel net an der Kierch, mee an der Sakristei, wou si ee vun de bibleschen Texter vun deem Sonndeg kenneléieren. Fir den 2. Deel vun der Mass, ginn si dann zesummen an d’Kierch. Des Gottesdéngschter riichten sech virun allem u Kanner am Grondschoulalter a fannen an der Kannerkierch zu Koplescht statt. 2. Kanner- a FamilljemassenAll 2 Méint ass eng grouss Kanner- a Familljemass zu Koplescht an der Kannerkierch. Des Massen si ganz ausgeriicht op d’Kanner a si selwer sinn och gefroot fir des Massen matzegestalten. Animéiert gin des Massen vum Musiksgrupp aus der Par. 3. Butze-KatechesDes riichten sech u Kanner am Alter vun 0 bis 6 Joër zesummen mat hieren Eltren. Se sin normalerweis all 2 Méint, Samsdesmëttes um 16.30 Auer zu Koplescht an der Kannerkierch. Et sinn des keng Gottesdéngeschter, mee eng éischt Kateches fir déi Allerklengst. Am Mëttelpunkt steet all Kéier eng biblesch Erzielung, déi op eng, dem Alter ugepasste, Manéier de Kanner erzielt gëtt. E kreativen Deel genau sou wéi e Gebiet gehéiere selbstverständlech zu all Kateches dozou. Den Ofschloss mache mir bei engem Glas Jus an enger Klengegkeet fir z’iessen. Méi Informatiounen fannt dir HEI. OPRUFF!
Et gin dauernd Leit gebraucht fir bei der Virbereedung an der Duerchféirung vun dëse Gottesdéngschter ze hellefen. |