Informatiounen - Informations

D’Kierch begleed d’Mënschen an de wichtegste Statiounen vum Liewen. Wann ee Mënsch gebuer gëtt, wann hien eruwiesst, wann hie feiert, wann e schëlleg oder krank gëtt, wann hie bestued gëtt oder Priester geweiht gëtt, ëmmer dann ass d’Kierch präsent. Duerch déi 7 Sakramenter verbend sie all des Momenter vum Liewen mat Gott.
D’Sakramenter – Zeechen vun der Léift vu Gott zu eis Menschen – brengen zum Ausdrock, datt den Härgott selwer eis am Liewen begleed, zur Säit steet an eis mat senger Léift a Gnood erfëllt. Et ass en Zeeche vun enger perséinlecher Begéinung mat Jesus Christus an deene verschiddene Momenter vum mënschleche Liewen.

Hei an der Par:
Am allgemengen kënnt der Iech un d’Sekretariat vun der Par (4, rue de l’école L-8391 Nospelt- Tel: 26 10 21 78 - mamerdall cathol.lu) riichten, hei kritt Dir dann all noutwendeg Informatiounen.

Klickt op ee Bild fir weider Informatiounen zu deenen eenzelnen Sakramenter ze kréien.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement