Eucharistie (Kommioun) - Eucharistie (communion)

Schons säit de fréisten Zäiten feieren d’Chrëschen d’Eucharistie (griech.: Danksagung). Sie versammlen sech besonnesch um Sonndeg, dem éischten Dag vun der Woch – dem Operstehungsdag vu Christus – fir Gott ze luewen, fir him fir alles Merci ze soen a virun allem, fir Jesus Christus ze empfänken a sengem Läif a Blutt – de gewandelte Goowen vu Brout a Wäin. An der Eucharistie – der Kommioun – ass et deemno Christus selwer, deen sech eis schenkt a stäerke wëll duerch säi Läif, dem Brout vum Liewen.

Christus am Brout vum Liewen empfänken as e wichtege Moment am Liewe vum Chrëscht a fir déi ganz chrëschtlech Gemeinschaft. Et ass e Fest fir sie all! Am Liewen vun all Kand ass d’Éischt Kommioun also e grousse Moment, op deen et sech muss virbereeden.

Praktesch Informatiounen:

Den Här Äerzbëschof huet folgend Bestëmmungen festgeluecht, betreffend den Empfang vun der éischter Kommioun:

  • gedeeft sinn
  • mindestens 8 Joer hunn
  • 3 Joer un der Par-Kateches deelhuelen
  • regelmässeg un der Sonndesmass deelhuelen
  • Preparatioun op den Empfang vum Sakrament an der Par matmaachen.

D’Virbereedung op d’Kommioun dauert ca. 6 Méint a besteet aus Kommiounsunterrecht souwéi aus verschiddenen Aktivitéiten a Kannermassen an dem regelméissege Besuch vum Sonndesgottesdéngscht.
Am Mee/Juni ass normalerweis eng Informatiounsversammlung fir d’Elteren vun deene Kanner déi interesséiert sinn, hir éischt Kommioun am folgende Schouljoër ze maachen. Hei deele mir all noutwendeg Informatiounen betreffend d’Virbereedung mat. Hei gin d’Kanner dann och provisoresch ageschriwen. Déi definitiv Umelldung ass nach virun der Summervakanz.
D’Kommioun selwer fënnt all Joer den 1. Sonndeg no Ouschteren an der Parkierch zu Mamer statt.

Responsabel a Koordinatorin : Mme Nicole KNOCH, Parassistentin


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement