lb fr

Kannerkatechees a Familljemassen

Léif Elteren, léif Kanner,

Wéi déi meescht vun iech wëssen, ass ët fir eis kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg eng Zäit vun de groussen Ännerungen. Eng vun deenen Ännerunge betrëfft d’Glawensvermëttlung bei de Kanner.

Zënter dem September 2017 gëtt et an der Grondschoul kee Reliounsunterrecht méi. Hei ass e groussen Deel vun der kathoulescher Glawensvermëttlung geschitt. Och d’Preparatioun op d’Eischtkommioun ass zu engem groussen Deel bis elo an de Reliounscoursen an der Schoul gemaach ginn. D’Eischtkommioun ass dat grousst Glawensfest fir eis Grondschoulkanner, wou si fir d’éischt an hirem Alter selbstänneg dierfe JO zu Gott soen.

Fir dass si dëse JO awer weiderhi kënnen, sou gutt preparéiert wéi bis elo agoen, an dass si hire Wee mat an zu Gott kennen a goe kënnen, si mir als Elteren an Erwuessener aus der Par erëm méi gefuerdert. Vun der Kierch aus gëtt dës Weebegleedung a Glawenserzéiung an der Kannerkatechees proposéiert.

Hei e puer Informatiounen, wéi d’Kannerkatechees an eiser Par « Mess-Réibierg Sainte-Famille » organiséiert ass. Mir schaffen a verschiddenen Altersgruppen:

• Butze-Katechees (1-4 Joer) zesummen mat den Erwuessen
• Midikatechees Cycle 1 & Cycle 2 (4-7 Joer) zesummen mat den Erwuessen
• Maxikatechees Cycle3 & Cycle4 (7-12 Joer) zesummen mat den Erwuessen
• Jonk Teens (12-14 Joer)
• Jugendbegleedung (vu 15 Joer un)
• Erwuessen

Mir hunn 2 Aktivitéiten:

• d’Familljemass
• d’Katechees

Am Prinzipp fënnt ongeféier eng Familljemass pro Mount statt. Wärend der Familljenmass kënnen all d’Kanner no der Begréissung bis d’Wandlung mat e puer Elteren an den Home goen. Hei kréien si d’Evangelium vum Dag kandgerecht mat enger Geschicht, engem Rollespill erzielt. Vun der Wandlung u si mir dann erëm mat an der Kierch.

Uschléissend un d’Familljenmass ass d’Kannerkatechees. Hei treffen sech ofwiesselnd déi verschidde Gruppe vu Kanner mat hiren Eltere fir wärend +/- 1,5 Stonn d’Thema vum Dag ze verdéiwen.

D’Kanner maache Spiller, Bastelereien, Lidder a Gespréichsronnen zum Thema a setzen sech op hir altersgerecht Aart a Weis mat hirem Glawen auserneen. D’Eltere maachen zu der selwechter Zäit eng geleete Gespréichsronn iwwert dat selwecht Thema, dass och mir als Erwuessener eise Glawe verdéiwen an eis Kanner op hirem Wee gemeinsam ënnerstëtze kënnen.

Interessant Froen

  • Wéi geet dat mat der Eischtkommioun?

    Zënter dem September 2017 kënnen d’Kanner d’Preparatiounsjoer fir d’Kommioun no 2 Joer Participatioun an der Kannerkatechees ufänken. D’Eltere mellen hiert Kand am Ufank vum Schouljoer beim Paschtouer un. Viraussetzung fir d’Kommioun ze maachen ass d’Deelhuelen un de Kommiounsvirbereedungsaktivitéiten zousätzlech zu der Kannerkatechees. Eng Versammlung fir méi Detailer zu der Kommioun an der Katechees ass am Ufank vun all Schouljor. Détailer ginn am Parblat matgedeelt.

  • Mussen d’Eltere mat an d’Kannerkatechees?

    D’Presenz vun den Elteren an der Kannerkatechees ass häerzlechst recommandéiert.
    1. Dëst ass e flotte Glawensmoment deen an der Famill zesummen erlieft gëtt. Verschidden Aktivitéiten, Lidder, Spiller, Bastelsaachen, asw. ginn zesumme gemaach.
    2. Setzen d’Elteren sech an de Gespréichsronne selwer mat hirem Glawen auserneen. Wat heescht fir mech gleewen? Wat vermëttelen ech mengem Kand gär beim Glawen un den Härgott?
    3. D’Eltere kënnen de Kanner hier Glawensfroen am Kontext mat der Kannerkatechees mat opfänken a beäntwerten. Wa mer bedenken, dass 2 Reliounsstonnen d’Woch duerch 1 Aktivitéit 1 Mol am Mount ersat ginn, musse mer eis bewosst ginn, dass vill Froen, déi d’Kanner soss dem Reliounsjoenseignant stelle konnten, am Raum hänke bleiwen. Hei sinn d’Elteren natierlech gefuerdert, fir hir Kanner elo méi aktiv mat ze begleeden.

  • Wéi kënne mir dëst als Famill erliewen, wann eis Kanner verschidden Alteren hunn?

    Dëst ass guer kee Problem, mir sinn hei flexibel an dir kënnt iech eraussichen, wat fir Iech méi passend ass, ob dir méi jonk Kanner mat bei de « Grousse Grupp » huelt, oder ëmgedréint. Dat eenzegt, wat dir bedenke musst, d’Kanner vum Kommiounsgrupp mussen am Grupp vun deenen « Groussen » deelhuelen.

  • Wéi eng Sprooch gëtt an der Kannerkatechees geschwat?

    Am Grupp mat de Kanner gëtt gréisstendeels Lëtzebuergesch geschwat. Dëst kann awer dem Besoin no och méisproocheg sinn. Den Elteregrupp wäert gréisstendeels op Lëtzebuergesch a Franséisch sinn, ausser de Besoin an d’Kompetenz fir eng aner Sprooch besteet och nach.

N.B. :
D’Datumer vun de Familljemassen an der Kannerkatechees fann dir ëmmer am aktuelle Parblat, sou wéi op de Plakater, déi an de Kierchen aushänken. Wann dir d’Parblat per E-Mail wëllt geschéckt kréie mellt Iech iwwert mess-reibierg cathol.lu.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement