Dippach

D’Par gouf 1827 gegrënnt an d’Kierch ass vun 1845—1847 gebaut ginn. Den 30. September 1847 gouf se konsekréiert. D’Kiermes zu Dippech gëtt den éischte Sonndeg am Oktober gefeiert.

Wann een d’Kierch vu bausse kuckt, fällt engem op, datt et e Qudratbau mat engem Kuppeldaach ass an datt den Tuerm an de Chouer ugebaut sinn.

Am Joër 1917 ass den Ducksall an der Kierch gebaut ginn.

Vun 1971—1975 gouf d’Kierch komplett restauréiert.

D’elektronesch Uergel ass aus dem Joër 1975.

1997 huet d’Kierch missen zougemaach ginn, well eng vun den holze Saile vum Wuerm befall war an huet missen ersat ginn.

D’Agangsdir, d’Tabernakelwand, d’Kräiz an de Kräizwee sinn aus Koffer a goufe vum Kënschtler Albert Hames gemaach.

Op der Dir sinn d’Helleg Elisabeth an den Hellege Geescht duergestallt.

Op der Tabernakelwand gesi mir d’Symboler (Mënsch, Stéier, Léiw, Adler) fir déi véier Evangelisten.

Den Altoer an den Ambo sinn aus Gilsdorfer Steen.

Am Chouer hänken zwee grouss Wand teppecher vum Ben Heyart.

D’Freskemolerei am Gewëllef ass e Wierk vum Ad Deville.

D’Fënsteren an der Kierch si modern a goufen 1975 vun der Firma Zanter hirgestallt.

Am Kiercheschëff an um Ducksall fënnt ee Statue vu verschiddenen Hellegen. D’Helleg Elisabeth ass d’Haaptpatréinesch an den Hellege Leodegarius de Niewepatroun.

Niewent dëse ginn et Statue vun der Muttergottes, dem Johannes Nepomuk, der Apollonia, der Odilia, dem Jousef, dem Antonius, dem Aloysius, dem Theresia vu Lisieux, dem Willibrord an der Maria Immaculata. D’Statu vun der Helleger Apollonia ass vum Meeschter Greef vun Altwies. Et ass eng vun de gelongensten Duerstellungen vun dëser Helleger an eng vun de wäertvollsten a schéinsten aus der Lëtzebuerger Sakralkonscht.

Am Klackentuerm hänken 2 Klacken aus dem Joër 1846.

Déi grouss Klack huet en Duerchmiesser vun 90 cm a weit 420 kg. Hiren Toun ass de La. Op der Klack ass e Bild vum Kräiz mat der Maria Magdalena an der Madonna. Drënner steet op Latäin geschriwwen: „Ich fordere Dich täglich auf, anbete das göttliche Wesen.“

Déi kleng Klack huet en Duerchmiesser vun 80 cm a weit 300 kg. Hiren Toun ass de Si. Op der Klack ass e Bild vun engem Bëschof am Ornat an e Mariebild. Den Text op der Klack heescht iwwersat: „Diese (Glocken) mögen stets die Gebete und Wünsche der Gläubigen zum Himmel leiten und freudig klingen den Menschen.“

1960 goufen d’Klacken elektrifizéiert.

Op der Haaptstrooss steet eng Kapell aus dem Joër 1948, déi vun den Dippecher Leit finanzéiert a gebaut ginn ass, wéi de Krich eriwwer war.

E Stéck vun der Kierch ewech ass de Kierfecht mat enger Morgue, déi 1988 gebaut ginn ass.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement