Roedgen

An engem Bericht vu 1738 gëtt eng al Kapell ernimmt.

Riedgen war bis 1772 eng Annex vu Réisseng. Dunn ass et bäi d‘Par Reckeng komm. Vun 1805 bis 1808 huet et zu der Par Leideleng gehéiert an zënter 1808 ass et rëm eng Filial vu Reckeng.

Déi heiteg Kapell ass 1872 gebaut ginn an ass dem Apostel Thomas geweit, deem säi Fest op den 3. Juli fällt.

D’Kiermes gëtt um leschte Sonndeg am Abrëll gefeiert, dem Dag vun der Reckenger Kiermes.

Vu bausse gesäit een, datt d’Kapell eng rechteckeg Form huet.

E klengen Tuerm gëtt et op der Säit vun der Agangsdir.

Iwwert der Dir gesäit een eng Muttergottes statu an der Fassad.

Zënter e puer Joër gi keng Sonndesmasse méi an der Kapell gefeiert a vun 2007 un gëtt se vun der „Eglise Protestante de France“ fir hir Gottesdéngschter gebraucht.

D’Kapell gouf an de Joren 1969-1978 komplett renovéiert.

D’Fënsteren (Firma Zanter) an d’Bänke goufen duerch neier ersat an d‘Tabernakelsäil, d’Statu vun der Rousekranzmadonna, den Ambo, d’Wäiwasser dëppchen, d’Kräiz an de Kräizwee vum Egino Weinert vu Köln ugeschaf.

Um Ambo gesi mir d’Päischt wonner an d’Himmelfahrt vu Christus. Des Weidere gesi mir Szenen, wou de Jesus der Samariterin beim Buer begéint an den Zachäus um Bam sëtzt. Da ginn et nach Duerstellunge vun enger Pieta an dem Jesus, dee no de Steiere gefrot gëtt (Mk 12,17: „Was des Kaisers ist, gebt dem Kaiser und was Gottes ist, Gott.“)

Op der Plack vum Ambo sinn d’Symboler vun de véier Evangelisten:

  • Stéier (Lukas)
  • Léiw (Markus)
  • Mënsch (Matthäus)
  • Adler (Johannes)

Op der Tabernakelseil ginn dës Szenen aus der Bibel duergestallt:

  • d’Hochzäit vu Kana
  • d’Abendmahl
  • d’Begéinung mam Thomas
  • déi dräi Kinniken
  • de Jonas am Bauch vum Fësch
  • d‘Verkënnegung vum Här
  • d‘Gebuert vum Jesus
  • d‘Operstéiung
  • d‘Christi Himmelfahrt

D’Kräiz iwwert dem Altoer huet zwou Säiten. Op der enger gesäit een d’Kräizegung an op der anerer d’Lamm Gottes, dat den Doud iwwer wonnen huet als Zeeche vun der Operstéiung.

Et sinn och nach e puer al Statuen erhale bliwwen: déi vum Hellegen Thomas aus dem 15. Jorhonnert an déi vum Hellegen Celsus aus dem 18. Jorhonnert.

D’Klack vun der Kapell ass aus dem Joër 1855.

Et ass net bekannt vu wiem se gegoss ass.

Si ass 40 kg schwéier an op den Toun Do# gestëmmt.

Zënter 1979 gëtt d’Klack zu Riedgen elektrësch gelaut.

Am Duerf gëtt et e klenge Kierfëcht laanscht der Haaptstrooss.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement