Parbibliothéik

D’Parbibliothéik zu Garnech ëmfaasst de Moment ronn 4000 Bicher vun de Kategorien:

  • Krimi,
  • Abenteuer,
  • Roman,
  • historesch Erzielung,
  • Bibel,
  • Luxemburgensia,
  • Kannerbuch,
  • Jugendliteratur,
  • Krichsberichter,
  • Erbauung,
  • Dictionären,
  • Léierbicher fir Sproochen,
  • Philosophie,
  • Theologie,
  • Geschicht,
  • Sachbuch,
  • Liturgie,
  • Lidder,
  • Gesank,
  • Relioun,
  • Katechees.

D’Bicher sinn op lëtzebuerg, däitsch oder franséisch.

Dës Bicher kënnen all ausgeléint ginn.

Doriwwer eraus, huele mir awer och gär e Bicherdon un (wat schonn en etlech Leit gemaach hunn).

Alle Spender en décken an häerzleche Merci.

D’Bibliothéik ass am Parsall zu Garnech vis-à-vis vun der Kierch um 1. Stack an ass all Mëttwoch vu 14 bis 17 Auer op.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement