Liens . Links
 

Martinsfeier zu Housen

Fir d’Martinsfeier, den 11.November ware ganz vill Kanner op Housen komm. Hei gesidd Dir e puer Fotoe vun dëser schéiner Feier

Ee grousse Merci dem Här Dechen fir déi flott Mass ; dem Dirigent Fernand Scheller mat sengem Chouer an Organist, fir déi schéi musikalesch a gesanglesch Ënnerstëtzung während der Mass an nom Cortège ; dem Nicole Kleer an der Kannerpastoral, fir d’ Preparatioun vun der ganzer
Feier an hei besonnesch de Mammen déi dat gutt d’ Martinsbrout gebak hunn. Villmools Merci der Gemeng Parc Housen, fir d’ Stelle vun de Fakelen ; de Jugendpompjeeë fir d’ Këmmeren vum Feier an de gudde Verlaf vum Cortège ; dem Besëtzer vum Päerd an dem Martin um Päerd, fir hir Präsenz. An dann nach een extra décke Merci de Kommuniounskanner an alle Kanner mat hiren Elteren, fir déi vill Spillsaachen déi mir kritt hunn, fir d’ Flüchtlingskanner am Foyer vun der Caritas zu Ettelbréck.

Während der Mass goufe ganz vill Spillsaache gesammelt fir mat de Flüchtlingskanner am Foyer zu Ettelbréck ze deelen

Den 2.Dezember waren déi Kanner, déi bei der Gestaltung vun der Martinsfeier gehollef haten, mat hiren Elteren op Ettelbréck an d’Flüchtlingsheem vun der Caritas. D’Freed bei de Kanner, hiren Elteren an deene Responsabele war grouss, wéi d’Flüchtlingskanner sech ënnert deene ville Spillsaachen, déi konnten eraussiichen, déi hinnen am Beschte gefall huet.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement