Fir eng Kierch méi no bei Gott a méi no bei de Mënschen


Home Go Back Print Kontakt Parbüro Eis Par

Mir kennen alleguer de Sproch: “D’ Zäiten änneren sech an mir änneren eis an hinnen.” Et gouf eng Zäit, do war di Plaz wou d’Leit gelieft, geschafft, akaaft hunn, wou se hir Fräizäit verbruecht hunn, sech mat aneren zesummefonnt hunn a Veräiner an hire Glawe praktizéiert hunn eng an di selwescht. Dat ass haut net méi esou. Haut lieft een op enger Plaz, et schafft een op enger anerer, et ass een do an engem Veräin engagéiert wou een e Bezuch derzou huet, a wann een an d’ Mass geet, dann ass dat net méi onbedingt do, wou ee wunnt, mee do wou et een arrangéiert a wou ee sech wuelspiert.

Och d’Bevölkerung an den Dierfer a Stied huet changéiert. D’Zuel vun den Awunner ass an d’ Luucht gaangen, et sinn och Leit bäikomm, déi aus engem anere Sprooch oder Kulturkrees kommen an eventuell esouguer och eng aner Relioun hunn. D’Bild vu Par huet sech geännert. Et komme manner Leit an de Gottesdéngscht an den Duerchschnëttsalter vun deenen, déi un de kierchlechen Aktivitéiten deelhuelen resp. an de kierchleche Veräiner aktiv sinn, ass an d’ Luucht gaang. An een Deel vun deene Leit, déi an de Gottesdéngscht kommen, versteet oder schwätzt keng vun eise gewinnte Gottesdéngschtsproochen.

Zënter laangem wunnt net méi an all Par e Paschtouer. (...) D’ Strukture vun dene Paren, wéi se den Ament nach bestinn an och hir territorial Delimitatioun entspriechen also net méi onbedingt der reeller Situatioun. Well d’Par ass eng Gemeinschaft vu Gleewegen, déi hire Glawen regelméisseg mateneen deelen am Gebiet an der Feier vun de Sakramenter vrun allem der Eucharistie an am Austausch iwwer d’ Helleg Schrëft. Net ze vergiessen d’ Suerg ëm di Aarm an di Benodeelegt an d’ Beméien, dass de Glawen un di kommend Generatiounen weidergereecht gëtt.

An de Gegebenheete vun haut ass dat am Kader vun deene Paren, déi elo bestinn, net méi méiglech. A vrun allem ginn di aktiv Kräften, déi an de Paren nach ze fanne sinn, iwwerfuerdert, well se an alle Beräicher gefrot ginn aktiv ze sinn an dat féiert iwwer kuerz oder laang zu Middegkeet a Resignatioun. Eng Ännerung ass also noutwenneg ginn. Am Laf vum Joer soll d’Zuel vun de Pare reduzéiert ginn. Fir eis hei bedeit dat konkret, dass déi aktuell Parverbänn Ennersauer (mat de Paren Bur,Hierber, Méischdref, Mompech, Rouspert, Steenem an Uesweller), Iechternach (just d’Par Iechternach), Konsdrëf (mat de Paren Bech, Befort, Bäertrëf, Hemstel, Konsdrëf) a Lënster (mat de Paren Buerg- a Jonglënster, Beidler, Eeschler a Roudemer) zu enger neier Par fusionnéieren. Am vergaangene Fréijoer wore jo an all de Gemenge vum Dekanat an zu Lënster Versammelungen. Di nei Par soll ënnert de Schutz vun engem Patroun gestalt ginn. An de leschte Parbréiwer woren d‘Leit opgeruff een Hellegen ze wielen. D’Majoritéit huet sech fir den hellege Willibrord entscheed. Natierlech bleiwen di lokal Patrozinien bestoen an och d’Kiermesse gi gefeiert wéi se falen.

Duerch di nei Par gëtt um administrative Plang natierlech Muenches méi einfach. Och d’Verännerung am Beräich vun der Verwaltung vun de Gidder vun der neier Par, wou villes nach net gewousst ass, soll erméiglechen dat wat d’ Leit an a fir di enzel Kierchegemeinschaften ginn hunn besser a fruchtbar ze verwalten, fir d’Onkäschten, déi op eis zoukommen, besser kënnen ze bestreiden. Um pastorale Plang sollen op den Uertschaften Equipes locales op d’Been ze gestalt ginn, déi em dat kierchlecht Liewen op der Plaz beméit sinn. Vetrieder aus dësen Equipen treffen sech am neie Parrot fir ze plangen an zesummen ze iwwerleeën wéi mer d’ Zukunft vun der neier Par kënnen gestalten an den Erausfuerderungen kënne gerecht ginn. Eng grouss Erausfuerderung un eis all um pastorale Plang wäerd di ausserschoulesch Kateches sinn, déi mer bis den Hierscht 2017 mussen op d’ Bee gestalt hunn. Um Programm vun der Primärschoul gëtt de Reliounsuntereecht ab dem kommende September duerch en anert Fach ersat. Dat ass am postprimären Unterrecht elo schon de Fall. Esou ginn natierlech eng ganz Rëtsch Benevolen gebraucht, fir dës “Catéchèse en paroisse” ze assuréieren.

Do dernieft ginn am Beräich vun der Trauerbegleedung an den Trauerfeierlechkeeten ”Equipes des funérailles” agesat. Duerch déi soll däitlech ginn, dass de leschten Abschid vun engem Mënsch eng Ugeleeënheet vun der Gemeinschaft ass a net nëmmen d’ Saach vum Paschtouer an der Familljen. Och do ginn nach aner Leit gebraucht. Di domat verbonnen Ëmstrukturéierungen/Neierunge si geduecht fir dass d’Kierch méi no bei de Mënschen ass an hire Realitéiten méi gerecht ka ginn an och méi no bei Gott, deen äis erausschéckt als Missionarinnen a Missionaren vu senger Baarmhäerzegkeet a fir säi Räich vu Gerechtegkeet Fridden a Gerechtegkeet opzebauen. Duerch di nei Pare kann et zu enger Zesummeféierung vun den aktive Kräfte kommen, déi da mat méi Elan a méi Efficacitéit kënnen hiren Déngscht maachen.

Esou gëtt de kierchleche Raum erëm eng Plaz, wou echt Gemeinschaft erlieft gëtt, déi dréit an déi zukunftsweisend ass. Et ass natierlech kloer, dass esou Verännerungen och wéi dinn, well mer mussen ëmdenken. Esou sinn dann zum Beispill an der eenzelner Uertschaft d’Kierchen net méi Parkierch. Mee just eng Kierch an der neier Par, an ech géing mengen dat misst di gréisst sinn an déi di zentral geleeën ass -wat logesch wier- ass d’Parkierch. Natierlech ginn an deenen anere Kierchen, wéi bis elo Gottesdéngschter ugebueden an d’Leit vum Duerf sinn invitéiert Initiativen ze ergräifen an zum Gebiet an der Kierch ze invitéieren, mam Viirdeel dass de Krees vun deenen, déi se kënnen invitéieren méi grouss gëtt.

An der neier Par kënne vill Massen zu verschiddenen Zäiten an a verschiddene Sproochen ugebuede ginn, wou geziilt och Gruppe kënnen ugeschwat ginn (Kanner, Jugendlech, Familljen, krank an eeler Leit etc.). Et ka sinn, dass den een oder anere seet: “ Bis elo ass et jo awer gaangen, fir wat kann dat da net weider esou goen?” Mee si mer éierlech: Et ass scho laang net méi gutt gaangen. Et gëtt scho laang vill geklot an all méiglech Richtungen. An dat verbreet eng negativ Stëmmung, déi mat missionareschem Elan a Freed um Glawen an um Evangelium näischt méi ze dinn huet. Wa mer zesumme réckelen an eis froen: Wat ass eis am Glawe wichteg a wéi kënne mer de Glawen weider vermëttelen, da sinn ech iwwerzeegt da fanne mer zesumme Mëttelen a Weeër fir erëm eng nei Dynamik an eist Kierchsinn eran ze bréngen.

Duerfir ass a bleift et och wichteg, dass mer fest a Christus verwuerzelt sinn. Esou wéi e Bam gutt Friichten dréit, wann e fest am Buedem verankert ass a seng Wuerzelen ëmmer erëm nom Waasser ausstreckt, esou brénge mir als nei Pargemeinschaft, eng Gemeinschaft vu jonken a manner jonken, vu gesonden a kranken, vu Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, eng Gemeinschaft, wou ganz verschidden Talenter a Charismen ze fanne sinn op deene verschiddene Plazen et fäerdeg, positiv Friichten an eiser Gesellschaft ze droen, wa mer fest am Evangelium, wa mer fest a Christus verankert sinn.

(No enger Virlag vum Abbé Maurice Péporté vum PV Ettelbréck fir eis ugepasst. a publizéiert am Parbréif Ënnersauer vum 04.02.-01.04.2017)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement