Nei Kiercheréit & Conseil de Gestion Paroissial

Gedanken zur neier Verwaltung vun de Kierchegidder


Home GoBack Print Kontakt

D’Gesetz, dat d’Kierchefabricken ofschaaft, ass publizéiert an trëtt den 1. Mee 2018 a Kraaft. Domadder geet eng laang Ära hei zu Lëtzebuerg op een Enn, wou déi eenzel kleng Pargemeinschaften relativ autonom waren. Der Saach kann ee sécherlech notraueren. Mir sinn eis awer och alleguer bewosst, datt munches net méi zäitgeméiss war. Natierlech kann een iwwert d’Aart a Weis streiden, wéi déi nei Situatioun an d’Wee geluecht gouf. Si ass awer lo numol Fakt an et notzt näischt, fir sech allem, wat nei ass, ze verweigeren. Mir mussen an d’Zukunft kucken a versichen mat deenen neien Gegebenheeten eens ze ginn. Dat verhënnert net, datt een sech derfir asetzt, datt nach hei oder do Ännerungen un dem Gesetz oder un den Ausféierungen gemaach solle ginn. An deenen nächste Wochen ass et lo eis Aufgab, fir déi nei Verwaltung vun de Kierchegidder och an eiser Par op d’Been ze stellen an ze versichen, dat Bescht dorausser ze maachen.
Duerch déi nei Situatioun kritt keen eppes ewechgeholl. All Konten, Terrainën a Gebaier bleiwen fir deen Zweck erhalen, fir dee si bestëmmt waren a sinn. Datt rechtlech gesinn elo dee berühmten Fong de legalen Proprietär ass, ännert näischt un der Bestëmmung vun all deem Besëtz, deen bis elo vun deenen jeeweilegen Kierchefabricken verwalt gouf. Ech wënsche mir dofir, datt mir mat rouegem Kapp a mat duerchduechtem Iwwerleeën un d’Saach eruginn an eis net duerch falsch Meenungen a Behaaptungen ier maache loossen. Dofir maachen ech och e ganz dringend Appell, fir opzehalen mat all deem Gespréich, dat net der Wourecht entsprëcht. Loosse mir déi nei Méiglechkeeten gesinn, déi an dëser neier Struktur stiechen, an eis op déi wesentlech Aspekter vun eisem Schaffen fir eis Gemeinschaft konzentréieren.
Mir hunn et elo an der Hand, fir entweder duerch eist Verhalen alles futti ze maachen oder awer fir eppes Neies opzebauen. Zäiten änneren sech. Nëmme, wa mir all zesummenhalen a –stinn, kann et eis gelëngen, fir mat Hoffnung an Zouversiicht an dës nei Zäit ze goën.

Carlo Morbach, Paschtouer

Sidd Dir intresséiert, fir an Zukunft bei engem Kiercherot an Äerer Gemeng matzemaachen? Da mellt Iech bei engem Member vun eiser Pastoralékipp, fir zesummen an d’Gespréich ze kommen!
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement