Wuert-Gottes-Sonndeg … an dann?!


Home GoBack Print Kontakt

Wann d’Bibel eng vun den Haaptquellen vum chrëschtleche Glawe soll sinn, da geet et sécher net duer, datt mir eemol am Joer de „Sonndeg vum Härgott sengem Wuert“ feieren. Et geet kee Wee laanscht de reegelméissegen an déiwe Kontakt mat der Helleger Schrëft, dee nëmme méiglech gëtt duerch d’aktivt Liese vun der Bibel, am Dialog mat de Liewensfroe vun ons alleguer. Den hellegen Hieronymus, Kierchepapp aus dem 4. Joerhonnert, déi dreiwend Kraaft bei der Iwwersetzung vun der Bibel op Latäin (Vulgata) huet et sou gesot: „Ignoratio Scripturarum, ignoratio Christi“, wann een d’Helleg Schrëft net kennt, da kann ee Christus net kennen. Esou einfach ass et. Einfach ass et allerdéngs net!
D’Pastoralekipp vun der Par St-Willibrord Regioun Iechternach proposéiert eng Rei Aktivitéite mat a ronderëm d’Bibel, fir dem „Joer vum Härgott sengem Wuert“, wéi et vun der Kathoulescher Bibelfederatioun ausgeruff ginn ass, eng gewëssen Dynamik an Konkreetiséierung ze ginn.
Mir proposéieren dofir eng Rei Angeboter:

 

Wéinst dem Corona-Virus op spéider verluecht
Éischt Schrëtt an der Bibel
Dräi Owender fir sech am Buch „mat de siwe Siggelen“ erëmzefannen. Méindes, de 16. März; den 23. März; den 30. März - 19.30-21.00 Auer - Veräinshaus, Iechternach

Wéinst dem Corona-Virus op spéider verluecht
De Bagage vun de Missionaren.
D’Scriptorium vun der Abtei Iechternach. Konferenz mam Prof. Emile Seiler. Sonndes 29. März 16.00 Auer
Wéinst dem Corona-Virus op spéider verluecht
Partage biblique (en français)
Lecture du sermon sur la montagne (Mt 5-7). Les lundis, une fois par mois, de 19.30 à 21.00. Prochain rendez-vous : lundi, le 6 avril 2020.

E Projet an der Maach...
Mir liese d’Matthäusevangelium ganz …
eng Bibelnuecht an der Basilika
Viraussiichtlech den 12.6.2020 vun 19.00 Auer un an der Basilika (Detailer kommen no)
Eng häerzlech Aluedung fir jiddereen. Bréngt wa méiglech Är Bibel mat!
Fir méi Informatiounen an Umeldung:
Tel: 72 01 49, Email: iechternach cathol.lu (Parbüro)

„Tolle lege – Huel a lies“
sou huet den Hellegen Augustinus den Impuls vu Kanner, déi gespillt hunn, kritt, fir selwer aktiv an der Bibel ze liesen! D’Pastoralekipp géif sech wënschen, datt och Dir d’Freed entdeckt, fir an der Helleger Schrëft ze liesen, am beschten an ärer eegener Bibel, awer oder am Bichelchen vum Matthäusevangelium déi d’Par Iech schenkt, am Internet… jee, iwwerall, wou Dir de Räichtum vun deenen Texter entdecke kënnt. Zesummen um Wee, mat Iech, mam Wuert vu Gott!


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement