24X Weihnachten erleben

Ee literareschen Adventskalenner


Home GoBack Print Kontakt

Een zweeten literareschen Adventskalenner wëll ech iech virstellen. Dëst Buch ass sécher e wéineg méi aussergewéinlech. Entstanen ass et am Kader vun engem Grupp vun engagéierten Chrëschten, déi iwwer Konfessiounsgrenzen ewech zesummen versichen hire Glawen an eiser Zäit ze liewen, jo och nei ze erliewen an ze gestalten. Dësen Adventskalenner kann een och esou liesen. Hie went sech un all Mënschen, déi un déi grouss Botschaft vu Jesus Christus gleewen. Modern a mat villen, ech géif gäre soen, méi onkonventionellen Gedanken ass de Wee duerch den Advent mat dësem Buch wuel een Erliefnis a mécht nei Dieren op, fir eist Liewen als Chrëschten an der Zäit vun haut. Usprochsvoll ginn Traditiounen an Gedanken ronderëm Chrëschtdag mat eiser Zäit a Kontakt bruecht. Natierlech verlaangt d’Liesen vun dësem „Adventskalenner“ vum Lieser all Dag e bëssi Zäit a Matdenken. Awer grad an dësen Zäiten, wou mir eis méi bescheiden sollten doheem ophalen, ass et grad elo eng gutt Iddie, fir sech emol erëm méi mat der Botschaft vu Christus ze beschäftegen. Dëst Buch schléit och ee grousse Bou iwwer d’Bibel u sech. Net nëmmen déi kuerz Geschicht vun der Gebuert vum Jesus soll betruecht ginn, neen, dee ganze Wee, dee Gott wëll mat eise Mënsche goen an deen an der Bibel opgezeechent ass, kënnt zur Sprooch. Mech huet dat breet Spektrum vu Gedanken an Iddien, déi dëst Buch präsentéiert, iwwerrascht. Et sprengt duerchaus eisen klengen Denkhorizont, dee mir esou ronderëm Chrëschtdag gewinnt sinn. Virun allem ass et awer eben och ee Projet deen iwwert d’Grenzen vun deenen eenzelen konfessionell gebonnenen Kierchen ewech geet. Chrëschte sinn all déi, déi un dës Botschaft vu Chrëschtdag gleewen. Dofir sollte mir och zesummen dëst Fest feieren. Als Virbereedung ass dëst interessant an déifgrënnegt Buch gutt gëeegent. Ech kann iech et nëmmen empfeelen.

Carlo Morbach


Oscar König, 24X Weihnachten erleben
SCM R. Brockhaus Verlag, Holzerdingen 2020, 196 Seiten, 14,99


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement