Prières universelles Fürbitten


Home Back Print Kontakt

Zënter ville Joren ass den Robert Altmann zu Iechternach an der Basilika Sonndes an der Houmass a schreift Fürbitten, déi hien dann och selwer virdréit. Mat onermiddlechem Äifer versicht hien dem Gebiet eng Aktualitéit ze ginn, déi ganz dacks ënnert d’Haut geet. Sou Gebieder si sécherlech als éischt u Gott geriicht. Si erënneren eis awer dann och selwer a ganz perséinlech un déi villfälteg Suergen an Noutsituatiounen, déi et an eiser Welt gëtt. Eis Liturgie vun der Mass soll am Fong ëmmer nees och déi aktuell Situatiounen opgräifen. Am Stress vun deem, wat een als Paschtouer oder Pastoralassistentin dann awer sou huet, geet dat heiansdo zimmlech ënner. Em sou méi wichteg ass et, dass et sou Leit gëtt wéi de Roby Altmann, déi d’Aktualitéit an de Bléck huelen an vun do aus dann och Gebieder formuléieren, déi dat dann an d’Liturgie abréngen.

Ech perséinlech sinn net all ze dacks zu Iechternach fir d’Houmass. Mä all Kéiers dann, wann ech d’Chance hunn, zu der Zäit mat de Leit an der Basilika zesummen ze feieren, sinn ech ëmmer nees erstaunt an och zudéifst beréiert iwwer déi villfälteg Intentiounen, Gedanken an Iwwerleeungen, déi den Roby Altmann an senge Gebieder uschneit. Jo des Gebieder sinn och een Opruff un eis. Well wéi ka Gott soss an eis Welt agräifen ausser duerch eis. An eben am Gebiet fänkt dat un. Do gi mir eis als Chrëschten als éischt emol selwer bewosst, wat misst geschéien. Ech sinn dankbar fir all des Iddien a Gedanken. Ech sinn dankbar fir d’Ureegungen, déi aus dëse Gebieder erausfléissen. Dankbar sinn ech perséinlech dem Roby Altmann, dass hie mir d’Aen opgemaach huet fir dee groussen Theolog Eugen Biser.

Dëst gutt Buch mat déiwe Fürbitten vum 2.12.2018 bis 11.9 2022 kann ech iech nëmmen un d’Häerz leeën. Et luet eis all an selwer nozedenken an och ze bieden an deene ganz villen Uleies, déi eis haut beweegen.

D’Buch vum Robert Altmann fann dir am Infozenter vun der Basilika a kënnt et och do kafen.

Carlo Morbach


Robert Altmann: Prières universelles / Fürbitten Echternach 2022, 30 €


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement