Tischgemeinschaft

Die Mahlzeit Jesu und was daraus geworden ist


Home Back Print Kontakt

Wann dir des Zeile liest, dann ass d’Zäit vun eisen Éischtkommuniounsfeieren fir dëst Joer schonn erëm eriwwer. Awer, wat bleift, ass eist kierchlecht Liewe mat senger dach ganz eegenaarteger Frëmmegkeet virum Tabernakel. Nach ëmmer hale mir Sakramentspresessiounen, feieren Härläichendag, maache mir Bietdeeg a knéien eis virun enger Monstranz mat enger „konsekréierter“ Hostie. Wat huet dat eigentlech mat dem Jesus a mat senger Botschaft ze dinn? Et ass eng grouss Fro, déi mech scho mäi ganzt Liewen trakasséiert.
Wat wollt de Jesus wierklech?

Dem Hubertus Halbfas säi Buch besteet aus zwee Deeler. Am éischten Deel (S. 11-125) presentéiert hie véierzéng Geschichten, wou Mënschen sech zesummefanne beim Iessen. D’Geschichte fänken u mat dem Abraham iwwer Ovid a Camus bis hin zu moderne literareschen Erzielungen. All Kéiers ginn d’Texter presentéiert a kommentéiert. Et dréint sech ëmmer nees ëm Gaaschtfrëndschaft an Ophuele vu Mënschen, déi um Wee sinn oder eben och net. Gaaschtfrëndschaft stëft Fridden, stëft Gemeinschaft. D’Ofleenung vun der Gaaschtfrëndschaft awer bréngt de Géigendeel. Et ass vläicht eng ganz wichteg Erkenntnis fir eis Zäit? „Wer in Zukunft noch Kommunion- oder Konfirmandenunterricht erteilt, sollte die hier erzählten Geschichten weitergeben.“ (S. 9) Et ass sécherlech och méiglech aner Geschichten ze gebrauchen. Awer wouer ass, dass mir, wa mir op d’Éischt Kommunioun virbereeden, net nëmme fromm schwätzen an doriwwer alles u Mënschlechkeet, Gaaschtfrëndschaft, Gemeinschaft an Hëllef vergiessen. Ass et net esou, dass mir an eiser Kierch vill schwätzen, beim Handelen awer dacks däitlech versoen?

Am zweeten Deel vum Buch (S. 127-205) kuckt den Auteur da méi genee op des Dëschgemeinschaft vum Jesus. Den Halbfas ass sécherlech ee kriteschen Denker an Theolog an awer muss ee mat him d’Fro wierklech stellen: Huet dat sougenannt „Letzte Abendmahl“ echt esou stattfonnt, wéi et den Apostel Paulus an déi synoptesch Evangelie beriichten? (S. 133-135) Déi éischt Chrëschten hunn sech warscheinlech genee, wéi de Jesus et zu senge Liefzäite gemaach huet, zu einfachen gemeinschaftlechen Iesse versammelt. Des Praxis goung dem Kult ëm Christus viraus. (S. 139) Mir schwätze bis haut, dass um Gréngen Donneschdeg Christus d’Eucharistiefeier an d’Priistertum agesat hätt. Dat sinn awer theologesch Fiktiounen, déi sech net op deen echte Jesus zeréckféiere loossen. De Jesus huet ëmmer nees mat ville Mënsche vun alle Schichten a Gruppen zesumme giess an esou Gemeinschaft gefleegt. Dat sougenannt „Lescht Abendmahl“ war wuel kaum eppes aneres. (S. 143ff.) Interessant ass, dass am Johannesevangelium keen Asetzungsbericht ass. Et gëtt een Iessen. Awer do steet als wichtegst Erzielung d’Wäsche vun de Féiss duerch de Jesus. „Wenn hier an die Stelle der Mahlgemeinschaft die ‚Fusswaschung’ tritt, könnte darin auf den eigentlichen Sinn der Mahlgemeinschaft verwiesen sein: dass alle Eucharistiegemeinschaft nichts nützt, wenn sie sich nicht in gegenseitigem Dienst und gegenseitiger Liebe bewährt.“ (S. 150) Problematesch ass dann och d’Verknëppung vum Iesse mat dem Dout vum Jesus. D’Deitung vun der Eucharistie als een Affer bewierkt, dass et eng nei Beliewung vun der Priister-Roll huet misse ginn, déi dann eng Klerikaliséierung vun der Kierch no sech gezunn huet. Dat allefalls ass eppes, wat no allem Wëssen deen historesche Jesus absolutt ofgeleent huet. (Vgl. S. 154ff.) „Wer von gottgewollten Sühnopfern spricht, spricht zugleich von einem Gottesbild, das die prophetische Tradition Israels bereits überwunden hatte.“ (S. 160) Do hannen dru verfält och den aktuellen „Katechismus der katholischen Kirche“. An deene leschte Säite vum Buch geet den Halbfas staark an d’Geriicht mat eisem bis haut gültege Verständnis vun der Eucharistiefeier. Munches, wat sech am Laf vun eiser Geschicht do entwéckelt huet, ass méi wéi abstrus. D’Kritik vum Halbfas ass sécherlech haart. Et kann ee Munches och méi differenzéiert gesinn. Awer et misst haut an eise Kierchen villméi iwwer des ganz Problematik nogeduecht ginn.
Dëst Buch luet dozou an

Carlo Morbach


Hubertus Halfas Tischgemeinschaft Die Mahlzeit Jesu und was daraus geworden ist. Patmos Verlag, Ostfildern 2022, 215 Seiten, 20,- €.


Links:

Liestipps ...

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement