Témoignage zum Bibelsonndeg 2023

Gonneréng, Gischterklaus, Lënster 2023 01 21-22


Home GoBack Print Kontakt

Témoignage zum Bibelsonndeg 2023

Gonneréng, Gischterklaus, Lënster 2023 01 21-22

Thomas P. Osborne

Biblesch Liesungen: Jes 8,23b-9,3 / Ps 40, 1-13 / 1 Kor 1, 10-13.17 /Mt 4,12-23
Haut am 3. Sonndeg vum Joreskrees A gëtt an onser grousser Por nawell vill mateneen gefeiert: d’Sebastianskiermes, d’Antoniuskiermes, de Sonndeg an der Woch vum Gebiet fir d’Eenheet vun de Chrëschten alleguer an de Sonndeg vum Wuert Gottes oder vun der Bibel. Et ass sécher de Bezuch zur Bibel, zur Helleger Schrëft oder den Hellege Schrëften, déi mir och als „Dei Verbum“ oder „Wuert Gottes“ awer och als Verbum Domini, parole du Seigneur, dem Härgott säi Wuert unerkennen, déi de Kristallisatiounspunkt vun onse Feierlechkeeten haut ausmécht.

1. D’Reform vun der Liesuerdnung vun de Bibeltexter an der Mass vum 2. Vatikanesche Konzil huet d’Schrëftwuert aus dem Buch Jesaja a Verbindung bruecht mam Abschnitt aus dem 4. Kapitel vum Matthäusevangelium.

„Das Volk, das im Dunkel lebt, sieht eine helles Licht; über denen, die im Land der Finsternis wohnen, strahlt ein Licht aus.“

„Le peuple qui marchait dans les ténèbres a vu se lever une grande lumière; Et sur les habitants du pays de l’ombre, une lumière a resplendi“:

am Kontext vum Buch Jesaja eng hoffnungsvoll Ukënnegung fir d’Norden vum Land Israel, deen am Joer 722/721 viru Christus vun der Assyrescher Weltmuecht iwwerrannt an zerstéiert ginn ass, an d’Leit wäit ewech vun hirem Land am Exil zerstreet gi sinn. Comme les temps se ressemblent! No Joren, Joerzéngten, Joerhonnerten … blouf d’Hoffnung, datt dat Land a Vollek, wat am Donkelen ënnergaangen ass, vun engem Retter nees zum Liewen geruff soll ginn. Wat oder wien tatsächlech Rettung a Liicht, Kompassioun a Mutt an ons Welt bréngt, doriwwer muss een sech ëmmer nees nei, kritesch Gedanken maachen.

De Matthäus gräift dat prophetescht Bibelwuert nees op, et huet zu sengem Wuertschatz an zu senger Gedankewelt, zu senger Spiritualitéit gehéiert! Hie gräift dat Wuert op an deit domadder d’Wierken vum Jesus am heednesche Galiläa, am Norden vun Israel, weit ewech vum reliéisen Zentrum vum Juddentum, vu Jerusalem a sengem Tempel. Et ass do, hondshannen, géinge mir vläicht soen, wou Gott intervenéiert, fir säi Vollek aus der Däischtert vun der mënschlecher Existenz ze befreien. „Gottes Wort“ – Bibelwuert, mee och de Jesus als Wuert Gottes – „ist wie Licht in der Nacht“.

2. 2019 huet de Poopst François Chrëscht-Kathoulesch Diözesen a Gemeinschaften opgeruff e Sonndeg vum Wuert Gottes op eng besonnesch Aart a Weis ze feieren. Hien huet ënnerstrach, wéi wichteg et ass, „im Alltag das Lesen und die Vertiefung der Heiligen Schrift wie auch das Beten mit ihr fortzusetzen“ a wéi noutwendeg et ass, eenzel Gleeweg uerdentlech auszebilden als „authentische Verkünder des Wortes“ (Aperuit illis 3).

De Poopst präziséiert a senger Lettre apostolique: „Ce dimanche de la Parole de Dieu viendra ainsi se situer à un moment opportun de cette période de l’année, où nous sommes invités à renforcer les liens avec la communauté juive et à prier pour
l’unité des chrétiens. Il ne s’agit pas d’une simple coïncidence temporelle : célébrer le Dimanche de la Parole de Dieu exprime une valeur œcuménique, parce que l’Écriture Sainte indique à ceux qui se mettent à l’écoute le chemin à suivre pour parvenir à une unité authentique et solide.“

Esou eng Initiative steet sécher an der Kontinuitéit vum Konzilsdokument Dei Verbum. A sengem sechsten Kapitel mam Titel „Die Heilige Schrift im Leben der Kirche“, gëtt gesot, datt Alles misst gemaach ginn, fir datt „den Christusgläubigen den Zugang zur Heiligen Schrift weit offenstehen“ kann (DV 22): Iwwersetzungen an de modernen Sproochen, ausgoend vun den Urtexter op Hebräesch, Aramäesch a Griichesch, an net méi vun der laténgescher Vulgata, gi lancéiert; nei Bibelausgaben fir d’Leit, biblesch Formatioun an eng Reform vun der Liesuerdnung vun de Gottesdéngschter, fir datt den Dësch vum Wuert méi räich gedeckt soll ginn – dat alles soll realiséiert ginn.

Dem Poopst François säin Opruff steet och an der Ligne vun der Bëschofssynod zum „Wort Gottes im Leben und in der Sendung der Kirche“ am Joer 2008, an vum postsynodalen Dokument „Verbum Domini“, dat vum Poopst Benedikt XVI. 2010 promulgéiert ginn ass. Ënnert deene villen déifgreifenden Iwwerleeungen a Pisten fir d’Bibelpastoral, déi doranner ausgeschafft gi sinn, gëtt an Nr. 73 dann héichoffiziell vum Paradigma vun der „Animation biblique de toute la pastorale“ geschwat. Also, d’Bibel ass net nëmmen e klengen Deel vun der Pastoral an vun der Missioun vun
der Kierch, mee kann a soll dat ganzt Liewen vun der chrëschtlecher Gemeinschaft „inspiréieren“, „guidéieren“, „beliewen“, „beootmen“.

Parallel zu deenen Dokumenter a nach vill anerer sinn och vill regional, national a diözesan Initiativen geholl ginn – uechter d’Welt – fir Chrëschten a chrëschtleche Gemeinschaften ze hëllefen, si ze beweegen, ze animéieren, eleng oder a Gruppen d’Bibel ze liesen an an den Dialog mat dem tatsächlechen Liewen vun de Mënschen ze bréngen. D’Bibel reflektéiert Mënsche-Liewen, wéi et ass an der Wierklechkeet, a weist awer och de Wee weider: Spigel a Kompass ass d’Wuert fir ons … „Gotteswort ist wie Licht in der Nacht, es hat Hoffnung und Zukunft gebracht …“

3. Wann e Sonndeg fir d’Bibel soll positiv all déi Aarbecht a Beweegung vun deenen 50-60 Joren an Erënnerung ruffen an ënnerstëtzen, muss een awer och kloer gesinn, datt vill Retizenzen a vill Resistenzen verhënnert hunn, datt mir ons als Chrëschten a chrëschtlech Gemeinschaften op dem Wee fir reegelméisseg an der Bibel ze liesen engagéiert hunn. Firwat hu mir et schwéier domadder?
Wat fäerte mir eigentlech?
- Hu mir et schwéier, ons auserneenzesetzen mat Schrëften, mat enger Billersprooch a mat Denk-Aart a Weisen an Hiweiser, aus enger ganz aneren Kultur, méi wéi 2000 Joer al?
- Si mir gewinnt, fir d’Bibel nëmmen als eng Quell vun dogmateschen, moraleschen an
hierarcheschen Beweiser an Imperativen ze gesinn, déi an onsem Weltbild an Erfarungshorizont keng Plaz hunn?
- Schléisst onst „wëssenschaftlecht“ Verständnis vum Universum, vum Liewen iwwerhaapt a vum Mënscheliewen esou eng biblesch Botschaft aus?
- Sinn d’Bibel an d’Liesen vun der Bibel net „protestantesch“? Mir Katholicken hunn de
Katchëssem: dat geet ons duer!
- Ass d’Bibel net fir Geeschtlech, Pateren a Schwësteren, déi ons souwisou soen wéi d’Schrëften ze verstoe sinn? O, vläicht och fir e puer fromm Leit?
- Ass et net och esou, wann een d’Bibel tatsächlech méi no a méi genee liest an hir Villfältegkeet an Liewensnähe entdeckt, datt ee riskéiert „säi Glawen ze verléieren“ oder op mannst e kräfteg a Fro ze stellen an nei duerchschaffen ze mussen …? An dat wëlle mer souwisou net an duerfir wëlle mir ons sécher keng Zäit huelen. Mir organiséiere léiwer Dëppefester! An awer, kéint Deelen an d’Eescht-Huele vun der Helleger Schrëft, an domadder och vum konkrete Liewen, ons net trotzdeem räich maachen?
- Ech stelle mir oft d’Fro, op den Effort vun der Bibelpastoral, vun der Animation biblique de toute la pastorale de Wee ass? E Wuert vum Encouragement huet de Poopst François mir ginn, wéi ech an menger Funktioun vum Generalsekretär vun der „Katholischer Bibelföderation“ en Exemplar vun der „Biblia católica de la Familia“ iwwerreecht hunn. Mat wéineg Wierder huet hien ons Courage gemaach: „Maach esou virun!“

Vill Froen an Iwwerleeungen, déi mir tatsächlech eescht huelen missten, a mat deene mir eis missten genee, an aller Rou, auserneesetzen.

4. „Er öffnete ihren Sinn, dass sie die Schriften verstehen“, esou huet de Poopst Franziskus säin Opruff fir de Sonndeg vum Gottes Wuert ze feieren ugefaangen en Zitat aus dem leschten Kapitel vum Lukasevangelium (24,45). Wann een dat ganzt Lukasevangelium liest, dann erkennt een e laange Formatiounswee, wou Aenzeien zum Diener des Wortes ginn (Lk 1,2).

- Et muss een sech op de Wee maachen, zesummen mat Aneren a mam Jesus selwer.
- Et muss ee léieren, richteg ze lauschteren op de Ruff vum Liewen wéi och vum Wuert vum Jesus a vun de Schrëften.
- Et muss ee léieren, solidaresch mat de Mënschen, an hirer, an onser Nout, de Wee ze goen.
- Et muss een sech offe maachen, fir kënnen an den Träipen an am Häerz vun de Stëmme vun de Mënschen a vum Wuert vum Härgott betraff ze ginn, an aus der Befruchtung Friichten vun der Compassioun, vun der Hoffnung a vum Glawen ze droen.
- Et muss een d’Aen grouss opmaachen, fir um Wee d’Presenz vum Operstanenen Jesus ze erkennen, als „Gottes Knecht“ an als „Lamm Gottes“, dat geheimnisvollt Glawensbekenntnis vum Johannes dem Deefer, dat mir an de Liesungen vum leschte Weekend héieren haten.
- Mir mussen ons Aart a Weis, fir der Schrëft ze begéinen, änneren, erweideren a verdéiwen: net méi nëmmen an de Gottesdéngschter, wou mir e puer zesumme geschnëppelt Abschnitter iwwer ons ergoe loossen; mir musse selwer d’Bibel an d’Hand huelen, eleng a mat Aneren zesummen. Mat klengen Abschnitter ufänken, progressiv méi laang Texter, souguer ganz Schrëften entdecken, mat hirer Dynamik, Déift an hirem Souffle! Fir Christus kennen ze léieren, musse mir d’Schrëften
opsichen a kennen. Den Hellegen Hieronymus huet et zwar negativ ausgedréckt: „Ignoratio scripturarum, ignoratio Christi“ „Ouni d’Schrëfterkenntnis, keng Christuserkenntnis!“. Mee ouni Kenntnis, Respekt an Engagement fir ons Matchrëschten keng chrëschtlech Gemeinschaft! Zesummen d’Schrëften ze liesen an ze deelen, wéi d’Brout an der Mass, kann ons hëllefen zu enger liewensnoer a solidarescher Gemeinschaft ze wuessen. E laange Wee fir Vertrauen an der Déift ze
bauen … et geet awer net ouni!

„Gotteswort ist wie Licht in der Nacht,
es hat Hoffnung und Zukunft gebracht,
es gibt Trost, es gibt Halt in Bedrängnis, Not und Ängsten,
ist wie ein Stern in der Dunkelheit“

Le Psaume 40 (39), que nous avons prié ensemble entre la lecture du livre d’Isaïe et l’extrait de l’Évangile de Matthieu, exprime d’une manière succincte la manière d’écouter et de vivre de la parole biblique, de la parole de Dieu:

Tu ne voulais ni offrande ni sacrifice, tu as ouvert mes oreilles;
Tu ne demandais ni holocauste ni victime, alors j’ai dit: „Voici, je viens.

Dans le livre, est écrit pour moi ce que tu veux que je fasse.
Mon Dieu, voilà ce que j’aime:
Ta loi me tient aux entrailles.“
J’annonce la justice dans la grande assemblée;

Vois, je ne retiens pas mes lèvres,
Seigneur, tu le sais …

Eng häerzlech Aluedung also fir iech mat op de Wee ze maachen! Vläicht kënne mir de Wee zesummen woen?


Link(s)

Wort Gottes Sonntag

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement