D’Bibel: e Buch fir mäi Liewen
An de Sonndesmassen vum 14. -15. Januar a vum 22.-23. Januar wëlle mer dem Härgott sengem Wuert eng besonnesch Plaz ginn.
Das Christentum ist die « Religion des Wortes Gottes », nicht « eines schriftlichen,
stummen Wortes, sondern des menschgewordenen, lebendigen Wortes ». Verbum Domini 7
Papst Franziskus hat den III. Sonntag im Jahreskreis zum „Wort-Gottes-Sonntag“ bestimmt. Wie aus dem Apostolischen Schreiben „Aperuit illis“ hervorgeht, wünscht der Papst, dass dieser eigene Bibelsonntag der Feier, dem Nachdenken und der Verbreitung des Wortes Gottes gewidmet sein soll. Nicht zufällig ist für die Veröffentlichung des Dokumentes des 30. September gewählt worden: an diesem Tag gedenkt die Kirche des heiligen Hieronymus.
D’Dokument vum Poopst Franziskus fannt dir op der Säit: www.vatican.va
|
|
 |
Liesen an der Bibel:
Témoignage zum Bibelsonndeg 2023 vum Tom Osborne
Gonneréng, Gischterklaus, Lënster 2023 01 21-22
Biblesch Liesungen: Jes 8,23b-9,3 / Ps 40, 1-13 / 1 Kor 1, 10-13.17 /Mt 4,12-23
 |
 |
Liesen an der Bibel:
Témoignage zum Bibelsonndeg 2023 vum Tom Osborne
Biblesch Liesungen: Jes 49, 3.5-6 / Ps 40, 1-13 / 1 Kor 1, 1-3 /Joh 1,29-34
 |
Wuert-Gottes-Sonndeg … an dann?!
Wann d’Bibel eng vun den Haaptquellen vum chrëschtleche Glawe soll sinn, da geet et sécher net duer, datt mir eemol am Joer de „Sonndeg vum Härgott sengem Wuert“ feieren. Et geet kee Wee laanscht de reegelméissegen an déiwe Kontakt mat der Helleger Schrëft, dee nëmme méiglech gëtt duerch d’aktivt Liese vun der Bibel, am Dialog mat de Liewensfroe vun ons alleguer. Den hellegen Hieronymus, Kierchepapp aus dem 4. Joerhonnert, déi dreiwend Kraaft bei der Iwwersetzung vun der Bibel op Latäin (Vulgata) huet et sou gesot: „Ignoratio Scripturarum, ignoratio Christi“, wann een d’Helleg Schrëft net kennt, da kann ee Christus net kennen. Esou einfach ass et. Einfach ass et allerdéngs net!
D’Pastoralekipp vun der Par St-Willibrord Regioun Iechternach proposéiert eng Rei Aktivitéite mat a ronderëm d’Bibel, fir dem „Joer vum Härgott sengem Wuert“, wéi et vun der Kathoulescher Bibelfederatioun ausgeruff ginn ass, eng gewëssen Dynamik an Konkreetiséierung ze ginn.
Mir proposéieren dofir eng Rei Angeboter:
Bibeltreff Freides moies
Dëse Grupp vun enger Dose Leit liest eenzel Bibel-Schrëften „vum Ufank bis zum Schluss“ (Lectio continua). Bis elo hunn si d’Lukasevangelium an d’Matthäusevangelium, souwéi eng Rei vum hellege Paulus senge Bréiwer zesummen geliest. De Moment setze si sech mam Johannesevangelium auseneen.
Leedung: Tom Osborne
All Freides moies, vum 9.00-11.30 Auer am Parsall zu Iechternach (beim Parbüro)
De Grupp start am Hierscht an e neit Aarbechtsjoer
Vesper an der Basilika Donneschdes owes
All Donneschdeg-Owend (ausser de Schoulvakanzen) gëtt d’Vesper gesongen, eng Zäit vu Gebiet a Gesang mat der Helleger Schrëft an der grousser benediktinescher Traditioun vun der Abtei zu Iechternach.
Donneschdeg-Owes, 19.00 Auer an der Basilika (Stëll Anbetung: 18.30 Auer)
„Tolle lege – Huel a lies“
sou huet den Hellegen Augustinus den Impuls vu Kanner, déi gespillt hunn, kritt, fir selwer aktiv an der Bibel ze liesen! D’Pastoralekipp géif sech wënschen, datt och Dir d’Freed entdeckt, fir an der Helleger Schrëft ze liesen, am beschten an ärer eegener Bibel, awer oder am Bichelchen vum Matthäusevangelium déi d’Par Iech schenkt, am Internet… jee, iwwerall, wou Dir de Räichtum vun deenen Texter entdecke kënnt. Zesummen um Wee, mat Iech, mam Wuert vu Gott!