Date mat Gott – mol anescht?

«Über sieben Brücken musst du gehen» vu Karat


Home Back Print Kontakt

© Tom Osborne

Wéi ech déi Foto vun der aler Bréck zu Iechternach iwwer d’Sauer gesinn hunn, hunn ech spontan un dat Lidd «Über sieben Brücken musst du gehen» vu Karat geduecht.

Grat an der leschter Zäit hunn d’Brécken nees eng besonnesch Bedeitung kritt. Bis Mëtt Mäerz si mir éischter gedankenlos driwwer gefuer, ouni un hier besonnesch Bedeitung ze denken. Brécke verbanne Länner mateneen. Mat enger Bréck kann een iwwer en Dall kommen. Am iwwerdroene Sënn si Brécken eppes, wéi wann ee sech d’Hand reecht, wann een mateneen a Kontakt trëtt, eng Bréck vu Mënsch zu Mënsch also.

Am Lidd vu Karat kréie mir gesot, datt mir iwwer siwe Brécke goe mussen, siwen donkel Joren iwwerstoe mussen. Heiansdo geet alles einfach vun Hand, mee mir kënnen och Schwieregkeete begéinen op eisem Wee. Net ëmmer kann ee gewannen, mee um Enn vum Tunnel ass dach vläicht Liicht?

Über sieben Brücken musst du gehn, sieben dunkle Jahre überstehn, sieben Mal wirst du die Asche sein, aber einmal auch der helle Schein.

Manchmal geh ich meine Straße ohne Blick, manchmal wünsch ich mir mein Schaukelpferd zurück, manchmal bin ich ohne Rast und Ruh, manchmal schließ ich alle Türen nach mir zu.

Manchmal ist mir kalt und manchmal heiß, manchmal weiß ich nicht mehr was ich weiß, manchmal bin ich schon am Morgen müd, manchmal such ich Trost in einem Lied.

Manchmal scheint die Uhr des Lebens still zu stehn, manchmal scheint man nur im Kreis zu gehn, manchmal ist man wie von Fernweh krank, manchmal sitzt man still auf einer Bank.

Manchmal greift man nach der ganzen Welt, manchmal meint man, dass der Glücksstern fällt, manchmal nimmt man lieber wo man gibt, manchmal hasst man das was man doch liebt.

Über sieben Brücken musst du gehn, sieben dunkle Jahre überstehn, sieben Mal wirst du die Asche sein, doch einmal auch der helle Schein.

Mir sinn op eisem Wee net eleng. Bäi allem wat mir u Schwieregem, u Widderspréchlechem, un Trauregem begéinen, jo, och bäi deene froue Momenter kënne mir eis un der Botschaft vum Jesus orientéieren. Dat ass och eng Bréck, wou mir an eisem Liewen driwwer goe kënnen, e Liicht um Enn vum Tunnel, op eisem Liewenswee.

De Jesus seet eis am Johannesevangelium am 8. Kapitel, 12. Vers: „Ich bin das Licht der Welt. Wer mir nachfolgt, wird nicht wandeln in der Finsternis, sondern wird das Licht des Lebens haben.“

Josiane Mirkes

Links:

Top

Jugend / pour les jeunes

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement