En Tour op Bur


Home Back Print Kontakt

Déi Burer1] Duerfkierch ass eng typesch Lëtzebuerger Kierch, wéi si an der zweeter Hallschent vum 19. Jht. dacks am Land gebaut goufen. Nodeems de Minett an domadder verbonnen d’Thomasschlaaken aus der Eisenindustrie als Dünger fir d’Landwirtschaft entdeckt woren, koume fir Lëtzebuerg besser Zäiten, wou d’Populatioun an de Wuelstand méi grouss gi sinn. Esou ass och 1867, wéi de Michel Fox Paschtouer wor, fir Bur decidéiert ginn, eng nei Kierch ze bauen. Déi al wor a schlechtem Zoustand an ze kleng. Well d’Kierch als Gemengegebai ugesi wor, goufen, wéi op ville Plazen am Land, och fir déi Burer nei Kierch d’Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt, dem “Lëtzebuerger Violet-le-Duc”, entworf. Tëscht 1872 an 1874 ass gebaut ginn ier de Bëschof Adames de 4. Juli 1876 d’Kierch weie konnt.2] Passend am Stil ass d’Paschtoueschhaus an der Entrée vum Kierfecht. Bis haut deet et munch al Burer nach am Häerz wéi, wa si drunn denken, wéi dat Haus, nodeems kee Paschtouer méi an d’Duerf wunne koum, verkaaft gouf.

Den Héichaltor, de Priedegtstull an d’Kommiounsbänk, wou aus Deeler de neie Massaltor gestalt ginn ass, sinn aus der Zäit, wéi d’Kierch gebaut sinn. Aus dem Virgängerbau goufen déi zwee Säitenaltär iwwerholl, déi wuel wéi Holz ausgesinn, ma fir Lëtzebuerg seelen, ma an der Gemeng Rouspert-Mompech méi dacks geleefeg, aus Stee gehae sinn. Zu Bur gouf jo laang Zäit de Burer Sandsteen / Grès de Born a Steekaulen ofgebaut.

Haaptpatréiner vun der Kierch ass zënter uralen Zäiten den hellege Martinus, deem säi Fest am Duerf um 1. Sonndeg nom 10. November gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Quirinus vu Neuss, deen den 30. Abrëll am Hellegekalenner steet. A Schrëfte fanne mir och en Hiwäis op d’Kirchweihfest um Sonndeg no Lukasdag, d.h. nom 18. Oktober. Ausser als Kiermes vun der fréierer Burer Filial Giischt, wou de Lukas Kierchepatréiner ass, gëtt dësen Dag zu Bur haut net méi begaang, während d’Martinus- an d’Quirinuskiermes bis haut an der Kierch a vun der Musek mam Hämmelsmarsch gehale ginn.

Bis zur rezenter Strukturreform no der Trennung vu Kierch a Staat, wou Bur Deel vun der neier Par-Regioun-IechternachHl.-Willibrord ginn ass, wor et eng eegestänneg Por, déi scho virun 1389 bestan huet.3] „Das auf ein hohes Alter hindeutende Martinuspatrozinum lässt vermuten, dass an diesem Ort im Sauertal schon eine Kirche stand, ehe das Gebiet um Rosport vermutlich im 7. oder beginnenden 8. Jahrhundert, in den Besitz der Trierer Frauenabtei Oeren-St. Irminen gelangte.“4] En Heinrich, Chanoine vu St. Paulin zu Tréier, ass den éischten Paschtouer am Ënnersauerduerf, deen eis d’historesch Quellen iwwerliwweren. Deemools wor et Sträit ginn wéinst engem neie Paschtouer vu Bur. Do huet dunn de Popst Innozenz IV. de 5. Februar 1247 de Bëschof vun Utrecht ugestallt, dëse Geeschtlechen „in den Besitz der Pfarrkirche von Born (Burne) einzuführen.”5] Net all Paschtéier wore fromm. Enn 1744 gëtt de Burer Paschtouer Johann Streng mat senger Härekächen, sengem Koschter an zwee auswäertege Männer wéinst Geldfälschung gefaange geholl a spéider verurteelt. Aus méi rezenten Zäiten ass bei munch eeler Leit aus der Géigend de Paschtouer Nic. Godfroid als de Burer Néckel mat villen Anekdoten, ma och als geschätzten Beichtvater an Erënnerung. Hie wor mat ee vun deenen éischten Hären an der Diözes, deen nach eng zweet Por dobäikrut: nämlech vun 1951 un d’Porverwaltung vu Mompech.6]

An dësem klengen Ausfluch an d’Burer Kierchegeschicht dierf d’Schwëster Emilie C.S.S.E. net vergiess ginn. 1911 zu Bur als Anna Roob gebuer, wor si bei deenen éischte Lëtzebuerger Elisabetherinnen, déi 1939 am deemools belsche Kongo eng Maternité an en Dispensaire fir déi Krank opgemaach hunn. Do hat si sech och ëm Weesekanner gekëmmert. Nodeems d’Land onofhängeg gi wor, an d’Schwësteren net mat de Kolonialhären de Kongo verloossen, ma wéinst de Mënschen am Land bleiwe wollten, wor si wéi vill aner donidden onschëlleg an eng tragesch Spiral vun Décolonisatioun, kale Krich, Muechtkämpf, politesche Chaos an Drogekämpf geroden an ass mat zwou vun hiere Matschwëstere vun der hl. Elisabeth, véier Lëtzebuerger Schoulschwësteren a villen aneren Uerdensleit de 25. November 1964 vu Rebellen brutal ëmbruecht ginn.7] Wikipedia kënnt nach 18 aner Uertschaften resp. Quartiere vu Stied an der Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, an der Schwäiz an a Spuenien, déi Born, Le Born oder El Born heeschen. Zu Lëtzebuerg gëtt et nieft Bur un der Sauer och Bur bei Tënten, wat awer op franséisch/däitsch Bour heescht. Eist Bur huet säi Numm wuel vun enger Salzwaasserquell „um Salzwaasser“ net wäit vun der aktueller Schoul.

Luc Schreiner


1] Déi Burer halen op d’Schreifweis Bur fir hieren Duerfnumm op Lëtzebuergesch, net Bour oder Buer.
2] Jean-Claude Muller, Sieben Kapitel Borner Kirchengeschichte von 1247 bis 1999, in: Burer Musik asbl. (Ed.), 1898-1998. 100 Joer Burer Musik. Bur. Seng Geschicht. Seng Leit. Seng Musik, Luxemburg, 1999, S. 311
3] Vgl. M. Michels, Die Geistlichen Luxemburgs seit 1801, Luxemburg, 1940, S. 46.
4] Andreas Heinz, Die heute luxemburgischen Sauertal-Pfarreien Born, Rosport und Echternach im ehemaligen Landkapitel Bitburg. in: Jahrbuch Kreis Trier-Saarburg 2023, Trier 2023, S. 264f.
5] Vgl. Jean-Claude Muller, S.284.
6] Vgl. Jean-Claude Muller, S. 293.
7 Vgl. P. Ch. Schuster & P. Jos Adam, Leidensweg & Ermordung der Missionare und Schwestern in Stanleyville. In: Heimat + Mission, 3-4, 1956, S. 86.


Links:

Kierch vu Bur

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement