Desakralisatioun vun der Kierch um Scheedgen


Home Back Print Kontakt

D’Kierch um Scheedgen ass laut dem Gesetz vum 13.02.2018 als Besëtz vun der Gemeng Konsdref definéiert ginn. Am Mee 2020 gouf d’Prozedur vun der Entweiung vum Gemengerot an d’Weeër geleet an den Äerzbistum huet alles am Dezember 2020 ugeholl.

Sou ass d’Kierch um Scheedgen elo duerch d’Dekret “Des. 10/2020”, den 16.Dezember 2020 desakraliséiert a muss elo eidel geraumt ginn. Dëst Dekret hänkt säit Januar am Reider vun der Kierch zu Konsdref aus an ass och op der Homepage vun der Par Regioun Iechtrnach St.Willibrord publizéiert (www.cathol.lu/iechternach).

D’Statu vum Hellege Matthias bleift iwwer der Kierchendier stoen an d’Klacke bleiwen am Kierchtuerm.

Et gouf versicht, datt sou vill méi méiglech an de Kierche vun der Par Regioun Iechternach St.Willibrord benotzt gëtt:

Villes huet eng nei Plaz an de Kierchen zu Konsdref an zu Präiteler fonnt: Reliquieplack aus dem Héichaltoer, Zelebratiounsaltoer, Sedilien, gëlle Kette vun der Muttergottesstatu, Magnifikater, Ouschterkäerzestänner, liturgesch Géigestänn: Kielech, Hostieschuel, Ziborium..., Wäirauchfaass mam Schëffelchen, Gong, Prëssessiounskräiz, Krëppchen, Altoerdicher an aner Nappen, Vasen.

D’Kräiz vum Sakristeischaf hänkt am Parbüro zu Iechternach an d’Käerzestännere kommen an de Kierche vun der Gemeng Rouspert-Mompech an de Gebrauch.

D’Par Musel a Ganer St.Nicolas huet d’Statu vum Hellege Jousef fir d’Trëntenger Kierch an d’Herz-Jesu-Statu (aus dem Héichaltoer) fir eng Weekapell zu Waldbriedemes kritt.

D’Muttergottesstatu (mat hirem Zepter, hire Krounen, hirem Rousekranz an dem Häerz) steet jo bekanntlecherweis säit dem Summer 2020 an der Böcklinskapell am Europapark zu Rust (D).

Weiderhi wäerten de Kierchefong an de Bistum sech mat deene méi “grousse” Saachen aus der Scheedgens Kierch befaassen an dofir gëeegent Plaze bestëmmen.

Kiercherot Konsdref

Links:

Scheidgen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement