Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
Nott: Dës Lëscht ass nach net komplett a gëtt mat der Zäit no a no erweidert.
Altlinster - Allënster
De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Haupert (3. November)
Altrier - Altréier (op der Schanz)
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mathias (24. Februar) [1]
Bech
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer (24. Juni)
[2]
Bollendorf-Pont - Bollenduerfer Bréck
Kierch ass der Mariä Himmelfaart geweit (15. August). Zweete Patréiner ass den hellege Willibrord
[3]
Breidweiler - Präiteler
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert (3. November)
Colbette - Kolwent
D’Patréinesch vun der Kapell ass déi helleg Margaretha (20. Juli)
Consdorf - Konsdref
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Baartelméis (24. August)
Echternach - Iechternach (Eechternoach) - Basilika
D’Basilika ass dem hellege Willibrord geweit (7. November)
Girsterklaus - Giischterklaus (Klaus)
D’Kapell ass der Mariä Himmelfaart geweit. (15. August). Niewepatréiner sinn den hellege Jousef an den hellege Lukas.
Herborn - Hierber
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jakobus (25. Juli)
[4]
Junglinster - Jonglënster (Lënster)
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten (11. November)
Moersdorf - Méischdref
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten (11. November)
[5]
Mompach - Mompech (Mompich)
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remi (1. Oktober)
[1] [2] [3] [4] [5] Lizenz Creative Commons BY-NC-ND
Fotos: by Jim Wanderscheid / intranet.cathol.lu [cc by-nc-nd]