Pfarrei Berdorf

Bäertref

D’Geschicht vun der Par Bäertref ass relativ rezent. Jarhonnertelaang war Bäertref just eng Filial vu Konsdrëf an hat och just eng kleng Filialkierch, en einfache romanesche Bau, deen, ëmgin vum Duerfkierfecht, an der Mëtt vum Duerf, op deem héchste Punkt, stoung. Schon zur Réimerzäit huet et op dëser Plaz eng heednesch Kultplaz gin, ob denen hiren Iwerreschter e fréit chrëschtlecht Hellegtum entstanen ass, deem säi Mëttelpunkt weiderhin e fréieren réimesche Véiergöttersteen (Herkules, Juno, Minerva, Apollo) bliwen ass, deen och nach haut an der heiteger Kierch steet. Dës bescheiden Duerfkierch huet sech am Laf vum 18. Jarhonnert als ze kleng erwisen. Ausserdem war d’Kierch v.a. fir eeler Leit schwéier accessibel a si war baufälleg. De Problem gouf méi akut, wéi Bäertref no ville Beméiungen 1803 zu enger selbstänneger Par erhuewe gin ass. Spéitstens elo huet sech d’Fro vun enger eegener Parkierch an och engem Paschtoueschhaus gestallt. Fir d’éischt gouf 1820 en neit Paschtoueschhaus gebaut. Déi al Kierch ze vergréisseren oder eng nei op déi selwecht Plaz ze bauen, war net méiglech, well net genug Plaz do war. De 26.2.1829 ergoung de Bauoptrag fir eng nei Kierch op deem Terrain vis-à-vis vum Paschtoueschhaus, wou si bis haut steet, un den Theodor Fichtel vu Bäertref. Wou, wéini an ob iwerhaapt e Grondsteen vun der Kierch geluecht gouf, ass net bekannt. Ouni Rücksicht op hir kulturell an historesch Bedeitung gouf déi al Kapell geaffert, andeems se zum bëllege Steebroch fir déi nei Kierch gouf. Et koum een och net op d’Iddi, wéinstens eng Skizz oder e Grondrëss dervun ze maachen, sou datt een iwert d’Ausgesin vun dëser Kapell nëmme spekuléiere kann. Am spéide Summer 1830 war de Bau vun der Kierch souwäit ofgeschloss, allerdéngs huet nach alles, wat den Intérieur betrëfft, gefeelt. Den 11.1.1831 gouf de réimesche Véiergöttersteen an déi nei Kierch transferéiert an als Ënnerbau fir den Haaptaltar opgestallt, awer esou, datt e ganz verdeckt war. Och goufen déi kleng Niewenaltär an d’Statue vun den Hellege an där neier Kierch opgestallt an déi zwou kleng Klacken opgehaangen. Déi virleefeg Benediktioun war de 26.6.1831 mam Dechen Coner vun Iechternach. An denen nächste Jaren gouf en Optrag fir en neie klassizisteschen Héichaltar un de Bildhauer Reif vun Tréier ergin. Et bleift onbekannt, wéini d’Wandmolereien an den Altar fäerdeg goufen. Op jidde Fall huet d’Kierch an hirer voller Pracht präsentéiert, wéi 1844 de Kinnék Groussherzog Wilhelm II. an 1846 de Bëschof Jean-Theodor Laurent op Besuch koumen. Den 30.6.1847 gouf déi nei Kierch vun deem selwechte Bëschof endlech feierlechkonsekréiert. 1857 gouf den Ausbau vum Tuerm an Optrag gin souwéi d’Uschafen vun dräi Klacken, déi déi zwou aner Klacken ergänze sollten. 1862 koum eng Tuermauer derbäi. Dësen Tuerm sollt d’Bild vu Bäertref bis zum groussen Tuermbrand vun 1941 prägen. Em 1865 muss de Priedegtstull entstane sin. E puer Joer méi spéit gouf en neien Altar an Optrag gin, dee, genau wéi de Virgängermodell, ganz aus Holz war an de réimesche Véiergöttersteen emfaasst huet. Zu där selwechter Zäit gouf d’Gewölbe vum Chouer nei ausgemoolt an 1900 goufen nei faarweg Kierchefënsteren ugeschaaft. Dës Fënstere goufen am 2. Weltkrich all zerstéiert. Tatsächlech sollt d’Bäertreffer Parkierch am 2. Weltkrich déi schwéierst Schiëd vun hirer Geschicht erfueren. Duerch dee schon ernimmten Tuermbrand vun 1941 gouf den Tuerm an d’Sakristei beschiedegt, an an der Rundstedtoffensiv (1944) gouf d’ganzt Duerf, och d’Kierch an hiren Tuerm, schwéier beschiedegt. D’Duerf ass nom Kirch rem relativ séier opgebaut gin, nei Haiser an Hoteler goufe gebaut, just d’Kierch war scheinbar vergiess gin. Réischt 1949-1950 gouf d’Rekonstruktioun vun der Kierch an Ugrëff geholl. 1951 gouf en neien Tuerm, gläichzäiteg als Waassertuerm, e puer Meter vun der Kierch ewech, gebaut. An der Mëtt vun de 50 Jaren gouf de Chouerraum vun der Kierch nei gestalt. Well déi al Molereien praktesch ganz zerstéiert gi waren, gouf d’Chouerwand mat enger moderner Mosaik versin. D’Motiver dofir, nämlech d’Kräizegungsszen, emgin vun denen zwee altestamentleche Virbiller vum Christusaffer, goufen aus dem Antependium vum alen Héichaltar iwerholl. Den Altare vun 1883 gouf duerch deen Altar, dee bis haut do ass, ersat. Fir d’éischt säit Mënschegedenken gouf de réimesche Véiergöttersteen net méi verkleedt, mee bewosst als Ënnerbau vun der Mensa siichtbar gemaach. Een eemolegen Témoignage vun der Ënner- an Anuerdnung vun de kulturellen a geeschtege Wäerter vun der réimesch-griechescher Kultur an déi chrëschtlech-abendländesch Welt! D’Zweet Vatikanescht Konzil (1962-1965) gouf der Kierch en neit Selbstverständnis, dat säin Ausdrock och an enger erneierte Liturgie an domatt enger erneierter Opfaassung vum Kierchebau fonnt huet. Sou sollt den Altar méi däitlech als Afferaltar par rapport zum Expositiounsaltar betount gin. Den Uert vun der Verkënnegung gouf méi no bei den Altar geréckelt, fir d’Eenheet vu Wuertgottesdéngscht an Eucharistiefeier ze ënnersträichen. Deenen neien Direktiven entspriechend gouf 1976 den Altarraum vun der äertreffer Parkierch, op Initiative vum Paschtouer Arsène Braun (zu Bäertref vun 1975-2001), nei organiséiert. Virun den Haaptaltar gouf e méi e klengen Volléksaltar gestallt, deen aus der fréierer Kommiounsbänk ugefäerdegt gouf. E Brand an der Krëppchen e puer Joerméi spéit war den Ustouss fir eng gréisser Renovéierung vun der Kierch als Virbereedung op d’150-järegt Bestoë vun der Kierch am Joer 1982.

Filialkierch Bollendorf-Bréck

Kierch vu Bollenduerf-Bréck

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement