E Wuert fir de Samschdeg de 2.5.2020


Home Back Print Kontakt

Firwat? Eng Fro, déi vill Mensche beschäftegt. Mir wëlle gäer verstoen aus wat fir Ursaachen eppes ass oder geschitt. An dat ass och gutt esou. Firwat? Eng Fro, déi vill Mënsche bei der Covid-19-Pandemie net aus dem Kapp geet. Wann ons Leed begéint, wa mir Schwéieres matmaache mussen, dann ass et awer guer net liicht eng Äntwert op déi Fro ze fannen. Saachen, déi dann aaner Leit zu ons soen, kléngen dack huel an hëllefen net wierklech weider. Dack gett et just eng Léisung: Et muss een doduerch. Dat erliewe mir jo elo all ganz konkret.

Virun ongeféier 10 Joer hat ech eng ganz schwéier Zäit a mengem Liewen. Villes grad um Basisniveau vun der Kierch hat mech deemols elle fäerdeg- a krank gemaach. Firwat? Eng Äntwert krut ech deemols net. Allerdings, et gouf en Evangelientext, wou ech eppes dra fonnt hat, wat mir Kraft gouf fir net opzeginn. En ass haut um Gedenkdag vum hellegen Athanasius virgesinn. Vläicht kann en och Iech hëllefen, wann Dir momentan munches aushale musst.

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. (Mt 10, 22-25a)
In jener Zeit sprach Jesus zu seinen Jüngern:
22 Ihr werdet um meines Namens willen von allen gehasst werden; wer aber bis zum Ende standhaft bleibt, der wird gerettet.
23 Wenn man euch in der einen Stadt verfolgt, so flieht in eine andere. Amen, ich sage euch: Ihr werdet nicht zu Ende kommen mit den Städten Israels, bis der Menschensohn kommt.
24 Ein Jünger steht nicht über seinem Meister und ein Sklave nicht über seinem Herrn.
25a Der Jünger muss sich damit begnügen, dass es ihm geht wie seinem Meister, und der Sklave, dass es ihm geht wie seinem Herrn.

Chrëscht, däi Schicksal ass och ëmmer dat vum Jesus. Du bass net besser wéi hien. Dee Gedanken hat mech deemols iwwer Waasser gehal. Mam Bléck op de Jesus um Kräiz, dee selwer näischt méi maache konnt, konnt ech aushalen. Natierlech woren do och léiw Mënschen, déi mech ënnerstetzt haten.

Chrëscht, däi Schicksal ass och ëmmer dat vum Jesus. Kräiz an Doud hu net dat leschte Wuert. „Wer aber bis zum Ende standhaft bleibt, der wird gerettet.“ (Mt 22) An deem Saz fannen ech eppes vun Ouschteren an Operstehung erëm. Selwer konnt ech viru 10 Joer no munchem Aushale mierken: Um Enn gett alles gutt. Bis haut spieren ech dat.

Um Enn gett alles gutt. Ennerwee dohi si mir net elleng. Grad elo, wou d’Oktav ugeet, gi mir drunn erënnert. Mir hunn eng Mamm, déi och bei onse Kräizer steet. Op d’Maria dierfe mir kucken a wéi si vertrauen. Mat desem musikalesche Grouss wenschen Iech all léif Mënschen a vill Courage fir alles, wat Dir zur Zäit aushale musst.

Luc Schreiner
Text vu gëscht
Klick op d’Kalennerblat vun haut fir de ganzen Text als PDF!
Text vu muer
Sonndes- Gottes- Déngscht

Links:

Top

Gedanken

Daily Gospel

Évangile du jour

Evangelho do dia

Evangelium des Tages

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement