Ouschterméindeg - 13.4.2020

«Auf dem Weg mit dem auferstandenen Christus» - Priedegt vum Paschtouer Carlo Morbach


Home Back Print Kontakt Link

Aféierung an d’Mass
De Jesus lieft! Hien huet den Doud iwwerwonnen! Hien huet esou nei Hoffnung bruecht. Dat ass den Inhalt vun eisem Glawen op dësen Deeg. Mir soen och Merci. Mir wëllen eis freeën. Awer wéi soll dat elo an eisem Liewen eng Auswierkung oder eng Äntwert fannen? Vläicht musse mir eis och als éischt emol op de Wee maachen, op de Wee an eisem Nodenken, op de Wee zu eise Matmënschen, op de Wee vun eisem chrëschtlechen Glawen. Villes musse mir warscheinlech nei léieren an nei entdecken sou wéi d’Jünger, déi op Emmaus ënnerwee waren. Loosse mir Jesus Christus an eisem Häerz begréissen:

Tagesgebet
Guter Gott,
du hast durch die Auferstehung deines Sohnes, Jesus Christus,
deiner ganzen Schöpfung neue Hoffnung geschenkt.
Öffne unsere Augen für deine Gegenwart und dein Wirken in dieser Welt.
Lass die österliche Freude und Zuversicht
immer mehr unser ganzes Leben bestimmen.
Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Wegbegleiter und Bruder,
der in der Kraft des Heiligen Geistes mit dir wirkt und lebt in Ewigkeit.

1. Lesung: Apg 2,14.22b-33 / 2. Lesung: 1 Kor 15,1-8.11 / Evangelium: Lk 24,13-35

Priedegt (2020)
Léif Frënn! Heiansdo wëll ee just nach fort! Fort aus dem Misär. Fort aus der Trauer. Fort aus der Krankheet. Fort aus dem Hamsterrad vum Alldag. An der Emmauserzielung kréie mir zwee Frënn vum Jesus gewisen, déi esou traureg an enttäuscht waren, dass si einfach nëmmen wollte wäit fort vun deene Platzen, wou si mam Jesus zesumme waren, wou si frou waren, wou si Gemeinschaft a Liewen erlieft haten. Ech hunn den Androck, dass warscheinlech jiddereen vun eis och emol esou eng Erfarung gemaach huet. Eist Liewen ass dacks zimmlech haart. Net alles leeft riicht oder esou, wéi mir eis et wënschen. An all Liewen gëtt et wuel Zäiten, wou mir alles am léifsten géifen hischmäissen an da ganz wäit fort op eng einsam Insel wéilte flüchten.

De Gefill, dass engem alles iwwert de Kapp wiisst, dass een net méi meeschter iwwert d’Liewen ass, kennt schonn emol an eis op. Awer ass Flucht eng Léisung? Kënne mir virun eis selwer fortlafen?

An dëser schéiner Erzielung vun Emmaus ass et och esou. Déi Zwee wollte fort. Awer hier Vergaangenheet ass domadder net ewechgeholl, weder dat Trauregt nach dat Frout. Hier Trauer war grouss. Dat kann ee verstoen. Et ass zudéifst mënschlech. An der Trauer sinn si awer och wéi blann. Näischt kann si scheinbar do eraushuelen.

An da kennt de Jesus an d’Spill, onerkannt zum Éischten. Hien hëlleft hinnen nodenken. Hien erënnert si un all dat, wat war. Hien mécht hinnen d’Aen op fir genee déi Botschaft, déi de Jesus ëmmer nees gesot huet, an déi si bis elo nach ëmmer net richteg verstanen haten. De Jesus versicht hinnen ee Wee opzemaachen fir ze verstoen, dass een net nëmmen dat Trauregt dierf gesinn, dass net nëmmen op dat tragescht Enn dierf kucken. Si haten an der Botschaft an an den Zeechen vum Jesus esou Villes u Guddem a Schéinem, u Mënschlechem erlieft. Dat kann dach net duerch säin Doud einfach verschwonne sinn? De Jesus selwer hëlleft hinnen am Denken eng nei Ouverture ze fannen.

An elo war de Wee do fir aus der Trauer eraus. Si maache genee dat, wat si sollte maachen. Si lueden de Jesus, deen si bis elo net erkannt haten, an, fir bäi hinnen ze bleiwen. Dat war de wichtege Schrëtt. Beim Deelen vum Iessen erkennen si hien, erkennen si de Wee, erkennen si de Sënn vu senger Botschaft. Lo brauchen si hien net méi als „mënschleche“ Begleeder. Lo wëssen si, wat hier Missioun ass: Si musse selwer léieren ze deelen a Guddes ze maachen an der Welt. Si musse ganz einfach wéi de Jesus d’Liewen deelen.

An domadder si mir och bäi eis. Och mir sollen esou eist Liewen deelen. Dem Jesus seng Botschaft ass net weltfriem an ofgehuewen. Si besteet genee doranner fir zesummen ze liewen an der aktueller Welt. Si besteet doranner ze hëllefen an ee fir deen aneren do ze sinn. Dir fannt mat Sécherheet genuch Méiglechkeeten a Geleeënheeten dat ze maachen. Loosse mir einfach dat maachen, wat mir kënnen, bescheiden an awer konsequent. Dann ass och fir eis Ouschteren an de Jesus geet mat eis duerch d’Liewen. Amen.

Fürbitten (2020)
Den Härgott ass deemools am Jesus mat den Apostelen a Frënn ënnerwee gewiescht. Hien ass och elo bäi eis a begleet eis. Dofir dierfe mir bieden:

* Op de Weeër vun eisem Alldag, doheem, op der Aarbecht an an der Schoul: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

* Op de schéine Weeër vun eiser Fräizäit, beim Spadséiergang, beim Sport, bäi der Erhuelung: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

* Op de méihsame Weeër vun eiser Ohnmacht, an der Enttäuschung, an der Trauer, an der Einsamkeet: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

* Op den duerchkräizte Weeër vun eisem Scheiteren, eiser Krankheet, eise Schmierzen: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

* Op den hoffnungsvolle Weeër vun eisem neien Opbroch, dem neien Ufank, der neier Liewenskraaft: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

* Op den Holzweeër, op den Irweeër an op den Ëmweeër vun eisem perséinleche Liewen: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

* Op de Weeër vum Stierwen, der Trauer, awer och op deenen vun der Erléisung: Bleif bäi eis, Här. Bleif bäi eis, Här.

Du, Gott kenns eis Weeër. Du begéins eis ëmmer nees a gëss eis Kraaft. Mir soen dir Merci a luewen dech elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Meditation
Bleibe bei uns Herr,
denn es will Abend werden,
und der Tag hat sich geneigt.
Bleibe bei uns und bei deiner ganzen Kirche.
Bleibe bei uns am Abend des Tages,
am Abend des Lebens,
am Abend der Welt.
Bleibe bei uns mit deiner Gnade und Güte,
mit deinem heiligen Wort und Sakrament,
mit deinem Trost und Segen.
Bleibe bei uns,
wenn über uns kommt die Nacht des Zweifels
und der Anfechtung,
die Nacht des bitteren Todes.
Bleibe bei uns und allen deinen Gläubigen
in Zeit und Ewigkeit.
Evangelisches Gesangbuch Nr. 854

Segen
Der auferstandene Herr schenke euch
die Behutsamkeit seiner Hände,
die Güte seiner Augen,
das Lächeln seines Mundes,
die Treue seiner Schritte,
den Frieden seiner Worte,
die Wärme seines Herzens,
das Feuer seines Geistes,
das Geheimnis seiner Gegenwart!
Das gewähre euch der gütige und barmherzige Gott,
der Vater, + der Sohn und der Heilige Geist. Amen

Mass vum 12 Abrëll

Click op d’Bild w.e.g fir de PDF ze liesen!

Mass vum 19 Abrëll


Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement