12. Sonndeg am Joereskrees B - 19./20.6.2021

Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! A Gebuergenheet sinn, a Sécherheet sinn, dat ass ee grousse Wonsch vun eis Mënschen. Als gleeweg Mënschen wënsche mir eis dat sécherlech och vu Gott. An da kommen Nout a Suergen, jo Krankheet an Doud. Mir froen eis, wou Gott ass an dem Leed vun der Welt. Wéi dacks begéinen eis am perséinleche Liewen Misär, Krisen, Krankheet an Doud? Wou ass do Gott? Wou ass hien an de Kricher, an de Katastrophen, an der Aarmut? Këmmert sech Gott nach ëm eis? Haut héiere mir am Evangelium d’Geschicht vum Stuerm um Séi. De Jesus louch vir am Boot an huet sech ausgerout. Si ruffen hien an hien hëlleft. Ruffe mir hien elo och fir eis em Hëllef an der Nout vun der Zäit an och an eise perséinlechen Suergen.

Kyrie

Här, Jesus Christus, du bass mat eis ënnerwee an de Stierm vun der Zäit.
Här, Jesus Christus, du bass ëmmer ganz no bäi eis.
Här, Jesus Christus, du hëllefs eis a gëss eis Kraaft.

Ufanksgebiet

Hellegen Gott, hëllef eis, datt mir ëmmer däin Numm an Éieren halen an dech gär hunn. Du entzéis dech kengem, dee fest op dech vertraut an an denger Léift verwuerzelt ass. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, déi Jong, eisen Här a Brudder, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen.

Fais-nous vivre à tout moment, Seigneur, dans l’amour et le respect de ton saint nom, toi qui ne cesses jamais de guider ceux que tu enracines solidement dans ton amour.

Guter Gott, je tiefer wir in die Geheimnisse der Schöpfung und der Natur eindringen, desto mehr staunen wir über deine Größe und Weisheit. Öffne unsere Augen und Ohren, damit wir in allem Geschaffenen dich erkennen, und schenke uns ein hörendes Herz, damit wir dich immer mehr lieben lernen. Darum bitten wir durch Jesus Christus, unseren Bruder und Herrn.

Liesungen: Ijob 38, 1.8-11 / 2 Kor 5,14-17 / Mk 4,35-41

Lesung aus dem Buch Ijob.
Der HERR antwortete dem Ijob aus dem Wettersturm und sprach: Wer verschloss das Meer mit Toren, als schäumend es dem Mutterschoß entquoll, als Wolken ich zum Kleid ihm machte, ihm zur Windel dunklen Dunst, als ich ihm ausbrach meine Grenze, ihm Tor und Riegel setzte und sprach: Bis hierher darfst du und nicht weiter, hier muss sich legen deiner Wogen Stolz?

Kv Danken sollen alle dem Herrn; denn seine Huld währt ewig.
Sie, die mit Schiffen das Meer befuhren, *
Handel trieben auf den großen Wassern,
die dort schauten die Werke des Herrn, *
seine Wundertaten in der Tiefe. – (Kv)
Sie stiegen empor zum Himmel, /
in die Urtiefen sanken sie hinab, *
sodass ihre Seele vor Not verzagte,
sie wankten und schwankten wie Betrunkene, *
verschlungen war all ihre Weisheit. – (Kv)
Sie schrien zum Herrn in ihrer Bedrängnis *
und er führte sie heraus aus ihren Nöten,
er machte aus dem Sturm ein Säuseln *
und es schwiegen die Wogen des Meeres. – (Kv)
Sie freuten sich, dass die Wogen sich legten, *
und er führte sie zum ersehnten Hafen.
Sie sollen dem Herrn danken für seine Huld, *
für seine Wundertaten an den Menschen. – Kv

Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde ein Korinth.
Brüder und Schwestern! Die Liebe Christi drängt uns, da wir erkannt haben: Einer ist für alle gestorben, also sind alle gestorben. Er ist aber für alle gestorben, damit die Lebenden nicht mehr für sich leben, sondern für den, der für sie starb und auferweckt wurde. Also kennen wir von jetzt an niemanden mehr dem Fleische nach; auch wenn wir früher Christus dem Fleische nach gekannt haben, jetzt kennen wir ihn nicht mehr so. Wenn also jemand in Christus ist, dann ist er eine neue Schöpfung: Das Alte ist vergangen, siehe, Neues ist geworden.

Halleluja. Halleluja. Ein großer Prophet wurde unter uns erweckt: Gott hat sein Volk heimgesucht. Halleluja

Aus dem heiligen Evangelium nach Markus.
An jenem Tag, als es Abend geworden war, sagte sagte Jesus zu seinen Jüngern: Wir wollen ans andere Ufer hinüberfahren. Sie schickten die Leute fort und fuhren mit ihm in dem Boot, in dem er saß, weg; und andere Boote begleiteten ihn. Plötzlich erhob sich ein heftiger Wirbelsturm und die Wellen schlugen in das Boot, sodass es sich mit Wasser zu füllen begann. Er aber lag hinten im Boot auf einem Kissen und schlief. Sie weckten ihn und riefen: Meister, kümmert es dich nicht, dass wir zugrunde gehen? Da stand er auf, drohte dem Wind und sagte zu dem See: Schweig, sei still! Und der Wind legte sich und es trat völlige Stille ein. Er sagte zu ihnen: Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben? Da ergriff sie große Furcht und sie sagten zueinander: Wer ist denn dieser, dass ihm sogar der Wind und das Meer gehorchen?

Lecture du livre de Job.
Le Seigneur s’adressa à Job du milieu de la tempête et dit: «Qui donc a retenu la mer avec des portes, quand elle jaillit du sein primordial; quand je lui mis pour vêtement la nuée, en guise de langes le nuage sombre; quand je lui imposai ma limite, et que je disposai verrou et portes? Et je dis: “Tu viendras jusqu’ici! tu n’iras pas plus loin, ici s’arrêtera l’orgueil de tes flots!»

R/ Rendez grâce au Seigneur : Il est bon ! Éternel est son amour !
Qu’ils rendent grâce au Seigneur de son amour,
qu’ils offrent des sacrifices d’action de grâce,
ceux qui ont vu les œuvres du Seigneur
et ses merveilles parmi les océans. R
Il parle, et provoque la tempête,
un vent qui soulève les vagues :
portés jusqu’au ciel, retombant aux abîmes,
leur sagesse était engloutie. R
Dans leur angoisse, ils ont crié vers le Seigneur,
et lui les a tirés de la détresse,
réduisant la tempête au silence,
faisant taire les vagues. R
Ils se réjouissent de les voir s’apaiser,
d’être conduits au port qu’ils désiraient.
Qu’ils rendent grâce au Seigneur de son amour,
de ses merveilles pour les hommes. R

Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens.
Frères, l’amour du Christ nous saisit quand nous pensons qu’un seul est mort pour tous, et qu’ainsi tous ont passé par la mort. Car le Christ est mort pour tous, afin que les vivants n’aient plus leur vie centrée sur eux-mêmes, mais sur lui, qui est mort et ressuscité pour eux. Désormais nous ne regardons plus personne d’une manière simplement humaine : si nous avons connu le Christ de cette manière, maintenant nous ne le connaissons plus ainsi. Si donc quelqu’un est dans le Christ, il est une créature nouvelle. Le monde ancien s’en est allé, un monde nouveau est déjà né.

Alléluia. Alléluia. Un grand prophète s’est levé parmi nous, et Dieu a visité son peuple. Alléluia.

Évangile de Jésus Christ selon saint Marc.
Toute la journée, Jésus avait parlé à la foule. Le soir venu, Jésus dit à ses disciples : « Passons sur l’autre rive. » Quittant la foule, ils emmenèrent Jésus, comme il était, dans la barque, et d’autres barques l’accompagnaient. Survient une violente tempête. Les vagues se jetaient sur la barque, si bien que déjà elle se remplissait. Lui dormait sur le coussin à l’arrière. Les disciples le réveillent et lui disent : « Maître, nous sommes perdus ; cela ne te fait rien ? » Réveillé, il menaça le vent et dit à la mer : « Silence, tais-toi ! » Le vent tomba, et il se fit un grand calme. Jésus leur dit : « Pourquoi êtes-vous si craintifs ? N’avez-vous pas encore la foi ? » Saisis d’une grande crainte, ils se disaient entre eux : « Qui est-il donc, celui-ci, pour que même le vent et la mer lui obéissent ? »

Priedegt

An engem Interview déi lescht Woch huet eisen Äerzbëschof-Kardinol mam Bléck op d’Reaktioun vun der Kierch op d’Corona-Krise dat hei gesot: „Wir haben geschaut, wie wir Leute mit Video-Messen und Ähnlichem erreichen. Aber ich spreche jetzt so viele Menschen, die wirklich tiefe Angst hatten. Dahinter steckte Angst vor dem Tod. Eine Studie in Luxemburg hat gezeigt, dass die auch bei Jugendlichen sehr ausgeprägt war. Wir als Kirche hätten mehr über Tod und Auferstehung von Jesus Christus sprechen müssen - in Worten, die die Leute verstehen.“

Mënschen haten an hunn Angscht an der Pandemie. Dat ass ganz offensichtlech. D’Mënsche reagéieren natierlech ganz ënnerschiddlech. Déi eng hunn sech ganz zeréckgezunn, déi huet een praktesch bal net méi gesinn. Déi aner awer hunn alt och nees gemaach, wéi wann alles normal wier. Mënsche liewen ënnerschiddlech, hunn ganz perséinlech Gefiller an esou enger Krise. Dass et Mënsche gëtt, déi eng ganz grouss an déif Angscht hunn, ass kloer. Dee Moment, wou mir vun enger Nout gepaakt ginn, wou een onscheinbare Virus eis am Schach hält, reagéiere mir a versichen eist Liewen esou gutt wéi méiglech ze liewen an ze erhalen. Wéi awer kann een der Angscht begéinen?

Eisen Äerzbëschof seet dann, dass eis Kierch iergendwéi net genuch gemaach hätt. Si hätt missten iwwer Doud an Opersteeung vum Jesus schwätzen. Dat sinn a mengen Aen och an engem gewësse Sënn Floskelen, wéi si d’Kierch schonn zënter Joerhonnerten gebraucht. D’Angscht vun de Mënschen an enger Krise ass eng ganz existenziell. Si dréit sech ëm d’Erhale vu Liewen elo an der Welt vun haut. Nëmmen op Doud an Opersteeung vum Jesus ze verweisen hëlleft Villen haut absolut net. An ech hunn de Verdacht, dass dëst duerchaus vläicht berechtegt Uleies, nach net emol bäi eis als Theologen esou gesi ka ginn. Wéi fillt een sech, wann ee krank ass? Wéi fillt een sech, wann ee wierklech existenziell duerch seng Krankheet a Liewensgefor ass? Dat ass sécherlech bäi all Mënsch aneschters.

Ech kann aus eegener Erfarung e wéineg esou munch Leit verstoen. Deemools, virun elo schonn 24 Joer, wéi ech viru menger Häerzoperatioun stoung, hunn ech mir vill Gedanke gemaach. Mäi Liewe war do a Gefor. Sécher, ech hat d’Hoffnung an och d’Vertrauen, dass d’Medezin eppes kéint erreechen a maachen. Ech hat och ee Vertrauen a Gott an deem Sënn, dass ech wousst, dass ech net an d’Näischt géif falen, och wann ech géif stierwen. Awer ech war ebe just deemools als Mënsch zudéifst schockéiert iwwer esou munch Aarbechtskolleegen aus eiser Kierch mat hirem Gespréich, dat mech net erreecht huet. E Gespréich iwwer Doud an Opersteeung vum Jesus, ee Gespréich iwwert d’Stierwen, wier deemools dat lescht gewiescht, wat ech gewollt hätt, wat ech erdroen hätt. „Jetzt reden wir mal übers Sterben; das gehört zum Leben dazu. Indem wir bekennen: Wir haben keine Angst vor dem Tod.“ Een, a wier et ee Bëschof oder Kardinol gewiescht, dee mir deemools esou komm wier, hätt ech héichkantegt zur Dier eraus geheit. Ech weess, dat ass meng ganz perséinlech Säit, op des Saach ze kucken. Mä mir allefalls hätten esou Gespréicher a kengem Fall gehollef. Ech hunn och zënterhier eng Aversioun géint Villes, wat mir bis haut an eisem kierchleche Betrib maachen am Fall vun Nout a Krankheet. Ech selwer kann do net méi iwwer méi Schied sprangen.

„Warum habt ihr solche Angst? Habt ihr noch keinen Glauben?“, freet de Jesus seng Frënn am Evangelium vun haut. Ech hat dëse Saz deemools op meng Primizbiller drécke gelooss. E begleet mech och zënterhier am Liewen. An ech weess all Kéiers, wann ech Angscht virun eppes hunn, enger neier Aufgab, enger Krankheet oder sou, dann halen ech mir dee Saz virun Aen. Awer de Glawen, deen ech a mir wakereg ruffen an deene Momenter, dréint net ëm déi Geschicht, wéi de Bëschof seet, vu keng Angscht hunn virum Doud. Déi Angscht ass a bleift a mir, bis haut. An esou Gespréicher kënne mir do net hëllefen.

Dat, wat meng Angscht ewech hëlt, dat ass, wéi et am Evangelium beschriwwe gëtt, d’Agräife vum Jesus an den Oflaf vun deem, wat Angscht mécht. Natierlech geschitt an eiser Welt kee Wonner vun uewen. Awer esou dacks hunn ech Wonner erlieft, dass Mënschen eng Hand gereecht hunn, dass Mënschen do waren. Mir huet ee frommt Gespréich deemools net gehollef awer déi Hand, déi mir gerecht gouf, dat Dosinn vun engem oder méi gudden a léiwe Mënschen, déi engem d’Gefill ginn, dass een net eleng ass. De Bléck, wann een aus enger Narkose erwächt, an d’Gesiicht vun engem Mënsch, deen ee begleet, zielt, och ouni ee Wuert.

Dat, wat am Evangelium wichteg ass, wat mënschlech ass, dat ass d’Presenz vum Jesus am Boot bäi senge Frënn. Hien hält hinne keng laang a gescheit Ried. Hien ass einfach do an erënnert si un säi Matgoen an dësem Stuerm. Näischt méi an och näischt manner zielt. Eis Kierch huet ze laang mat esou inhaltlech eidelen Floskelen operéiert a war trotz hirer Omnipresenz net bäi an net mat de Leit. Dëst Matgoen an der Angscht vun de Mënsche geschitt dofir och ni an der grousser Ëffentlechkeet. Wéi ville Mënschen een am Liewen d’Hänn hält, ass net eng Saach vum grousse Publik. Et ass eng Saach vun der Intimitéit. An genee do geschitt dat Wonner, dass d’Angscht gedeelt gëtt. Dat ass meng kleng a perséinlech Meenung, déi sech aus der eegener Erfarung ergëtt, wéi mat mir ëmgaangen gouf vu Kierchepersonal an der Nout. Ech selwer maachen net alles gutt a richteg. Ech versiche mech awer alt mol nach a Fro ze stellen. Mäi Glawen un d’Begleedung vu Gott am Liewen ass grouss. Dat ass awer net ze verwiesselen mat deem, wat eng kathoulesch Kierch bis haut villfach praktizéiert.

Fürbitten

An eiser Feier vun haut wëlle mir viru Gott trieden an him eis Gebieder virleeën fir all déi, deenen hiert Liewen vun der Muecht vum Béisen bedréit ass:

  • Hat ass Weltflüchtlingsdag. Mir bieden fir déi Mënschen, déi aus hirer Heemecht hu misse flüchten an elo no Schutz sichen. Mir bieden dech: Stäerk déi international Solidaritéit mat deenen, déi alles verluer hunn. Maach eis Bléck grouss op, dass mir d’Ursaachen vun der Flucht bekämpfen an dass mir ëmmer méi Hëllef leeschten an der Nout. Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir all, déi duerch Naturkatastrophen hier Famill an all dat verluer hunn, wat si fir d’Liewe brauchen. Looss si nei Liewensgrondlagen, Uerdnung a Sécherheet fannen. Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir déi Mënschen, déi nach ëmmer ënner der Corona-Pandemie leiden. Mir kucken mat grousser Suerg op déi vill aarm Länner vun eiser Welt, déi kaum Chancen hunn mat professioneller medezinescher Aarbecht dëser Nout entgéint ze trieden. Looss si op internationalem Niveau endlech Hëllef fannen. Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir all, déi grouss Angscht hunn virun der Zukunft, déi net wëssen, wéi si kënne weider liewen. Looss si net verzweiwelen a schenk hinnen duerch eis Hëllef an der Nout. Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir eist Land, fir eis Grand-Duc a seng Famill, fir déi, déi regéieren, dass mir als Gesellschaft zesummen halen an fir Fridden a Gerechtegkeet suergen. Härgott, héier eis.
  • Mir bieden fir all eis léif Verstuerwen. Huel si op bäi dir. Härgott, héier eis.

Gott, du bass baarmhäerzeg. Mir soen dir Merci. Gëff eis Mutt a Kraaft fir eis Welt selwer zum Gudden ze féieren. Dech luewe mir elo an ëmmer. Amen.

II.

Par solidarité avec nos sœurs et frères humains, demandons à Dieu d’accorder son salut à notre monde. Dieu notre Père, entends nos voix qui montent vers toi.
– Le Seigneur regarde avec bonté les pasteurs de son Église; qu’à son exemple, ils sachent tenir le cap malgré les vents contraires.
– Le Seigneur se souvient des personnes qui souffrent; qu’elles puissent compter sur sa présence vivifiante et trouver une paix profonde dans leur épreuve.
– Le Seigneur pose son regard sur les femmes et les hommes en position d’autorité; que l’exemple de sa vie offerte stimule leur générosité et fasse jaillir en eux un grand désir de justice.
– Le Seigneur montre sa bonté aux pères en ce jour où nous les fêtons; que leur affection pour leurs enfants soit à l’image de son amour pour le monde.
– Le Seigneur voit notre communauté avec ses richesses et ses limites; qu’il soit pour elle un guide et un soutien afin que chacun de ses membres puisse s’y épanouir dans la paix.
Seigneur tout-puissant, toi qui fais des merveilles dans les plus petites choses de la vie, ouvre nos cœurs à ta présence et garde-nous dans la foi et l’espérance. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen.
(http://www.vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Baarmhäerzege Gott, huel dëst Affer vun eisem Luef an eiser Versönung un. Léis eis duerch des Feier aus aller Verstréckung an dat Béist, fir datt mir a ganzer Fräiheet dir ugehéieren. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen.

Accepte, Seigneur, le sacrifice de louange et de pardon, afin que nos coeurs, purifiés par sa puissance, t’offrent un amour qui réponde à ton amour. Par Jésus.

An deinem Tisch, barmherziger Gott, haben wir uns versammelt. Du hast uns eingeladen. Du redest mit uns, du feierst mit uns. Brot und Wein haben wir mitgebracht. Deine Gaben und unseren Hunger nach Leben. Du schenkst uns Jesus, unsere Hoffnung. Auf sein Reich warten wir. Dankbar nehmen wir aus deiner Hand Brot und Wein. Lass uns daraus immer neue Kraft schöpfen für Seele und Leib. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.

Hochgebet – „Jesus richtet auf“


Nach dem Sanctus fährt der Priester fort:
Ja, es ist unsere Freude, dich, Herr Gott, unseren Vater, zu loben und zu preisen.
Besonders danken wir dir für Jesus. Er lässt uns nicht mehr los.
Immer wieder besinnen wir uns auf das, was er gesagt und getan hat.

Zunächst gar nichts Besonderes. Dreißig Jahre ohne Aufsehen arbeiten
in der Schreinerei seines Vaters. Dann war auf einmal der Name des Täufers in aller Mund.
Die Art des Johannes, das imponierte auch Jesus: in die Wüste gehen! Wegweiser werden!
Einsamkeit war ihm lieber als alles fromme Gedränge und Getue im Tempel.

Messerscharfe Worte werfen, wie ein Chirurg, der aus dem eigenen Leib
schon alle Geschwüre herausgeschnitten hat.
Die Welt verändern, sich selbst verändern, bei dem bist du richtig!
Also hin an den Jordan! Sich taufen lassen.
Das Alte hinter sich lassen, den Trübsinn wegwaschen,
neu werden und frisch wie nach einer Dusche.

Und dann: Die Ärmel aufkrempeln:
Menschen heilen, woran nur immer ein Mensch leiden kann.
Nicht auf einen Thron. Am Boden arbeiten, an der Basis.
Nicht die Mächtigen anbeten. „Vater“ sagen lernen.

Eine gute Nachricht wurde er, eine frohe Botschaft bis hin nach Syrien,
zu den Ausländern, den Fremden, den Ungläubigen.

Überall kamen Menschen zu Kräften, lernten den aufrechten Gang, trauten sich, wieder zu leben.
Er ging zu jedem: reif oder verkracht, obdachlos oder wohlhabend, vital oder gebrochen.
Und das nicht mit flauen Sprüchen, sondern konkret. Eine Hand, die sich entgegenstreckt.
Ein Du, ohne Vorurteile, ohne Vorleistungen.
V/A: Herr, wir preisen dich!

Darin war er ein Meister. Man sagte ihm nach, dass er trösten konnte.
Und das Entscheidende: Er tat es durch jenen, den er seinen „Vater“ nannte.
Unglaublich vertraut war er mit Jahwe, dem Gott seiner Väter.
Er hat mit ihm gesprochen wie ein Kind, nächtelang zu ihm gebetet.
Seine Gebete kamen aus dem Herzen.

Viele gingen mit ihm. Unverbindlich, verbindlich:
Fremde, Frauen, zwölf Freunde, lebend aus der Gemeinschaft mit ihm.
A: Herr, wir preisen dich!

Doch seine Liebe zu den Außenseitern, sein heilender Umgang mit den Kranken,
sein Eintreten für Wahrheit und Gerechtigkeit war den Mächtigen ein Dorn im Auge.
Sie sahen in ihm einen Störenfried, der das Volk aufwiegelt.
Deshalb planten sie, ihn umzubringen.

Gott, allmächtiger Vater, wir denken jetzt an Jesu letztes Abendmahl bevor er für uns starb.
Gieße die Kraft des Heiligen Geistes über Brot und Wein aus,
damit sie verwandelt werden in den Leib + und das Blut Jesu Christi.

Und so war es bei seinem letzten Abendmahl:
Jesus nahm das Brot und sagte Dank,
brach es, reichte es seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch,
dankte wiederum, reichte ihn seinen Jüngern und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES NEUEN UND EWIGEN BUNDES.
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens!
A: Wir preisen deinen Tod, wir glauben, dass du lebst.
Wir hoffen, dass du kommst zum Heil der Welt.
Komm, o Herr! Bleib bei uns! Komm, o Herr, Leben der Welt.

Vater Jesu und unser Gott. Wir danken dir für diesen einmaligen Menschen,
der uns so kostbar ist, und den wir nicht vergessen können.
Er ging seinen Weg bis zum Ende.
Aber seine Freunde haben erfahren, dass er nicht totzukriegen ist,
dass er lebt und lebendig macht.
V/A: Herr, wir preisen dich!

Uns gab er den Auftrag, seine Liebe weiterzuschenken
und seine Worte bis an die Grenzen der Erde zu verkünden.
Dazu hat er uns den Heiligen Geist als Beistand versprochen.

Darum bitten auch wir um seinen Geist: für uns, die wir jetzt hier sind,
für alle, die unserem Herzen nahestehen, für unseren Papst Franziskus,
unseren Bischof N., unsere Priester, Diakone, Ordensangehörige,
unsere haupt- und ehrenamtlichen Mitarbeiter/innen und für unsere Toten.

Halte du deine Hand über uns alle und tu an uns, wie du an Jesus getan hast.
Lass uns nicht fallen. Trage uns, führe uns, fange uns auf jetzt und in der Stunde unseres Todes.

In der Gemeinschaft mit Maria und Josef, den Aposteln und Blutzeugen,
allen, die ihm, Jesus, ihr Leben anvertraut haben, werden wir dich loben.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Quelle unbekannt

Schlussgebiet

Gudde Gott, du hues eis duerch de Léif an d’Blutt vu Christus gestäerkt. Gëff, datt mir a kenger Situatioun dat verléieren, wat mir a jidder Feier vun der Eucharistie empfänken. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här an eise Brudder. Amen.

Renouvelés par le corps et le sang de ton Fils, nous implorons ta bonté, Seigneur: fais qu’à jamais rachetés nous possédions dans ton Royaume ce que nous célébrons en chaque eucharistie. Par Jésus.

Ewiger Gott, wir haben noch einen weiten Weg vor uns. Auf manche Wegstrecke freuen wir uns, vor anderen haben wir Angst. Wir bitten dich um deinen Segen. Für uns und für alle Menschen. Besonders für die, die mit Sorgen an die nächsten Schritte denken. Hilf uns, füreinander einzutreten, Freude und Leid miteinander zu teilen und in der Hoffnung zu wachsen bis wir dann sehen, was wir glauben durch unseren Herrn und Bruder Jesus Christus.


Mass vum 13. Juni
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 27. Juni

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement