|
17. Sonndeg am Joereskrees B 24./25.7.2021
Léif Matchrëschten! Et si scho ganz grouss Géigesätz: Bäi eis gi Liewensmëttel reegelrecht verschwent. Si ginn dacks schonn ewech geheit, obschonn si nach länger gutt wieren. An dann op der anerer Säit ginn et vill Géigenden an der Welt, wou Mënschen Honger leiden an net wëssen, wéi si deen nächsten Dag kënnen iwwerliewen. Mir verdrängen dat ganz dacks. Mir kucken ewech, wa mir opmierksam gemaach ginn op Aarmut an Honger. De Jesus huet net ewech gekuckt. Hien huet den Honger vun de Mënsche gesinn. Hien invitéiert déi vill Mënschen fir sech ze setzen. No engem Dankgebiet deelt hien Brout aus. Jiddereen gëtt sat. Ee Wonner, een Zeechen, een Uruff fir eis haut? De Jesus luet eis och an, engersäits fir eis ze setzen a beschenkt ze ginn, anerersäits fir selwer ze deelen. Ruffe mir d’Erbaarmen vu Christus un. Här Jesus Christus, du gesäis d’Nout vun deene ville Mënschen. Här, erbaarm dech eiser. Dagesgebiet
Härgott, du beschütz all déi, déi op dech hoffen, ouni dech ass näischt gutt an näischt helleg. Leed eis an dengem räichen Erbaarmen a looss eis d’Gidder vun dëser Welt esou gebrauchen, datt mir eng Kéier béi dir déi éiweg Freed fannen. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Tu protèges, Seigneur, ceux qui comptent sur toi; sans toirien n’est fort et rien n’est saint; multiplie pour nous tes gestes de miséricorde afin que, sous ta conduite, en faisant un bon usage des biens qui passent, nous puissions déjà nous attacher à ceux qui demeurent. Par Jésus Christ. Guter Gott, wir leben im Überfluss und trotzdem verspüren wir Hunger. Wir haben uns um deinen Tisch versammelt und hoffen, dass du unseren Hunger nach Wahrheit und Gerechtigkeit, und unseren Hunger nach Lebendigkeit und Freude stillst. Wir bitten dich, mach uns nun empfänglich für die Speise, die nur du geben kannst. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn. Liesungen: 2 Kön 4, 42-44 / Eph 4, 1-6 / Joh 6, 1-15 Lesung aus dem zweiten Buch der Könige. Kv Herr, du tust deine Hand auf und sättigst alles, was lebt, mit Wohlgefallen. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus. Halleluja. Halleluja. Ein großer Prophet wurde unter uns erweckt: Gott hat sein Volk heimgesucht. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du deuxième livre des Rois. R/ Tu ouvres la main, Seigneur : nous voici rassasiés. Lecture de la lettres de saint Paul apôtre aux Éphésiens. Alléluia. Alléluia. Un grand prophète s’est levé parmi nous : et Dieu a visité son peuple. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt
Léif Matchrëschten! Virun enger Rei Joren hat ech eng besonnesch Daffeier an enger vun eise Kierchen. Op eng gewëssen Manéier war et eng ökumenesch Feier. Als Paschtouer hunn ech ee Kand duerch d’Daf an eis kierchlech kathoulesch Gemeinschaft opgeholl an an der selwechter Feier huet de Paschtouer vun der Lëtzebuerger evangelescher Kierch ee Kand an déi evangelesch Kierch opgeholl. Zwee offiziell Vertrieder vun zwou chrëschtlechen Gemeinschaften hunn an enger méi oder wéineger gemeinsamer Feier zwee Kanner gedeeft. Den Zweck oder den theologeschen Inhalt vun der Feier fir des zwou Kierchen ass dee selwechten. Ee Mënsch gëtt opgeholl an d’Gemeinschaft vun de Chrëschten. Ee Mënsch bekennt sech zu deem Glawen, deen eis vu Jesus Christus hir bezeit gouf, a gëtt deementspriechend als een neie Matmënsch am Glawen ugeholl. "Ein Herr, ein Glaube, eine Taufe, ein Gott und Vater aller", sou huet et éinescht an der Liesung geheescht. Hei si véier Begrëffer genannt, déi jeeweils eenzeg sinn. Do sinn engersäits den Här, mat deem wuel Jesus Christus gemengt ass, a Gott, de Papp genannt. Si sinn eenzeg. Dat schéngt logesch an och sécher ze sinn. Wann et Gott gëtt, dann ass hien deen eenzegen. A Jesus Christus ass fir eis als Chrëschten och eenzeg. Et ka nëmmen dee Christus ginn, deen eis an der Bibel bezeit gëtt. Awer da steet do och "ee Glawen" an "eng Daf". A grad dat léist mech nodenken mam Bléck op meng Erfarung vun dëser Daffeier. Wann et ee Glawen an och nëmmen eng Daf gëtt, firwat musse mir dann zu zwee Paschtéier aus verschiddene Kierchen untrieden, fir zwee Kanner ze deefen, déi op dee selwechten Glawen mat der selwechter Daf gedeeft ginn? Am Laf vun der Geschicht vum Chrëschtentum sinn et esou munch Streidereien ginn iwwer Froen vum Glawen, iwwer Froen vun der kierchlecher Uerdnung, iwwer Froen vun der Liturgie asw. asw. An d’Chrëschten hunn sech dann och an dësen 2000 Joer méi wéi eng Kéier esou déck zerstridden, dass si sech a verschidde Gruppen opgedeelt hunn. Wa mir esou zeréckkucken, da schéngen eis munch Episoden aus der Geschicht wéi ee schlechte Film a mir froen eis haut, op et wierklech zu deenen Ofspléckungen huet misste kommen. All Kéiers waren jo och Muechtspiller mat dru bedeelegt, dass sech d’Chrëschten net verdroen hunn. Vill al theologesch Sträitpunkte sinn hautdesdaags aus dem Wee geraumt. Firwat bleiwen mir dann elo nach ëmmer bäi deem Duercherneen an der Opspléckung, déi mir bis haut hunn? Eis Welt ass natierlech eng Welt voller ënnerschiddlecher Meenungen a Stréimungen. An och d’Traditiounen sinn esou villfälteg, dass si kaum ënner een Dag kéinten gepaakt ginn. Mir wëllen am allgemengen Ofwiesslung. An dat ass nu mol och um Gebitt vun der Relioun esou. D’Chrëschten hunn duerchaus verschidden Traditiounen an si wëllen déi iergendwéi och behalen a weider fleegen. Den Auteur vum Epheserbréif huet ee grousst Uleies, an dat ass d’Eenheet vun de Chrëschten. Dofir stellt hien des Eenheet och an enger ganzer Rei vun Begrëffer duer an ënnersträicht d’Wichtegkeet an d’Bedeitung vun der Eenheet: "Ein Leib und ein Geist, wie euch durch eure Berufung auch eine gemeinsame Hoffnung gegeben ist; ein Herr, ein Glaube, eine Taufe, ein Gott und Vater aller." Awer Eenheet ass fir hien net eng einfach Gläichförmegkeet, mä eng villfälteg Relatioun mat ville Facetten. Et ass een organescht an dynamescht Ganzt. Ech kucken dofir och op eis Geschwësterkierchen ganz aneschters, wéi dat sécher fréier an eise kathouleschen Reien de Fall war. Mir sinn ënnerschiddlech Gemeinschaften mat ënnerschiddlechen Traditiounen. An awer besteet eng Eenheet. D’Ënnerscheeder vun deenen eenzelen chrëschtleche Konfessiounen droen zu enger géigesäiteger Beräicherung bäi. Hei kënnt d’Villfalt vun eisem Glawen zum Ausdrock a mir kënnen eis géigesäiteg ergänzen an och nei Impulser ginn. Den Auteur vum Epheserbréif rifft eis haut op, fir trotz allen Ënnerscheeder, trotz allen ënnerschiddlechen Meenungen an Traditiounen eis dach awer op dat Gemeinsaamt ze besënnen, dat eis ganz déif a fest verbënnt. Eise Glawen an eis Daf verflichten eis virun allem op d’Gebot vun der Léift. Mir kënnen duerchaus ënnerschiddlech Weeër goen. Mir mussen eis awer mat Respekt begéinen: "Ich, ..., ermahne euch, ein Leben zu führen, das des Rufes würdig ist, der an euch erging. Seid demütig, friedfertig und geduldig, ertragt einander in Liebe, und bemüht euch, die Einheit des Geistes zu wahren durch den Frieden, der euch zusammenhält." Genee dat ass et, wat zielt, dass mir een op deen aneren zouginn am déiwen Respekt, dass mir eis dach all op dee selwechten Här Jesus Christus beruffen. Dat gëllt sécher um Niveau vun deene grousse Kierchen, wéi ech et eben ugedeit hunn. Mä dat gëllt awer och hei um Niveau vun eise klengen Duerfgemeinschaften, déi elo lues a lues zu enger neier Eenheet sollen zesummewuessen an zesumme solle schaffen. Mir hunn als Chrëschten an dëser Welt eng besonnesch Beruffung. An eben der Beruffung entspriechend solle mir liewen an handelen. Als Chrëschten wësse mir eis vu Gott ugeholl, esou wéi mir sinn an dat och ouni Virbedéngung. An eben dowéinst, aus dëser Léift vu Gott eraus, aus dësem Virschoss u Vertrauen vu Gott zu eis, gëtt et fir eis och nëmmen eng Méiglechkeet an eisem Handelen, an dat ass esou ze handelen wéi Gott, an eben dann all eis Matmënschen esou ze huelen, wéi si sinn an hinnen a Léift an a Respekt ze begéinen. Sécher dat fält heiansdo schwéier. Awer et ass wuel dee richtegen Wee. Den Zesummenhalt vun der chrëschtlecher Gemeinschaft, op elo am Klengen um Niveau vun enger Par oder am Groussen um Niveau vun deenen ënnerschiddleche Kierchen, grënnt net an der géigesäiteger Sympathie, mä eben an dëser Léift vu Gott zu eis Mënschen, eng Léift, déi mir da genausou sollen weiderginn. An der Gemeinschaft vun de Chrëschten kënnen dofir och ganz ënnerschiddlech, jo och géigesätzlech Mënschen a Gruppen sinn. D’Erausfuerderung ass eben, fir sech an der Léift vu Gott géigesäiteg unzehuelen. Amen. Fürbitten
Gott huet eis net nëmmen d’Liewen geschenkt. Hien suergt och fir eis. Dofir wëlle mir elo zu him bieden: 1) Mir biede fir all Mënschen, déi net genuch fir z’iessen hunn. Gëff hinnen, wat si fir hiert Liewen brauchen. Härgott, héier eis. 2) Mir bieden fir déi Mënschen, déi am Iwwerfloss liewen. Erwäch an hinnen d’Bewosstsinn vun der Verantwortung fir all déi, déi sech net selwer hëllefe kënnen. Härgott, héier eis. 3) Mir bieden fir déi Mënschen, déi un der Produktioun vun Liewensmëttel bedeelegt sinn. Looss si hir Verantwortung fir d’Wuel an d’Gesondheet vun alle Mënschen net vergiessen. Härgott, héier eis. 4) Mir bieden fir déi Verantwortlech am Staat an an der Wirtschaft, datt si hiert Handelen um Wuel vun alle Mënschen ausriichten. Härgott, héier eis. 5) Mir bieden fir eis Verstuerwen, datt hiert Liewen an denger Herrlechkeet opgehuewen ass. Haut denke mir besonnesch un ... . Härgott, héier eis. Gudde Gott, du kenns eis, an du weess, wat fir eis gutt ass. Schenk eis een opmierksaamt Häerz, a looss eis deng Léift an eisem Alldag spieren. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. II.
La parole de Dieu est nourriture pour la vie éternelle. Laissons-la nous inspirer afin que nous puissions nous adresser comme il se doit au Père de toute bonté. Présentons-lui nos prières en faveur de nos frères et sœurs. Entre chaque intention, nous garderons un moment de silence. Gowegebiet
Gudde Gott, huel dës Gowen un, déi mir vun denger Guttheet empfaangen hunn. Looss deng Kraaft an hinne wierken, fir datt mir an dësem Liewen duerch si gestäerkt ginn, an op dem Wee vum Fridden an der Gerechtegkeet weiderkommen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Accepte, Seigneur, ces offrandes prélevées pour toi sur tes propres largesses; que ces mystères très saints, où ta grâce opère avec puissance, sanctifient notre vie de tous les jours et nous conduisent aux joies éternelles. Par Jésus Unsterblicher Gott, du hast uns Brot und Wein geschenkt als Nahrung für unser vergängliches Leben. Wir bringen diese Gaben vor dein Angesicht: gib sie uns wieder als Sakrament der Unsterblichkeit durch Christus, unsern Herrn. Hochgebet - „Teilen“
Sanctus Gott, dein Sohn Jesus Christus, aber auch seine Jünger und Freunde, So bitten wir: Dein Heiliger Geist komme Am Abend vor seinem Leiden nahm Jesus einmal mehr das Brot, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON, Ebenso nahm er nach dem Mahl den Becher mit Wein und sagte zu ihnen: NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS, Geheimnis des Glaubens Jesus hat alle dazu eingeladen. Wenn wir hier Brot (und Wein) miteinander teilen, führen wir weiter, Wir bitten dich, Vater, für die Kirche: Treuer Gott, wir vertrauen dir auch die Menschen an, Zusammen mit der Gottesmutter Maria, dem heiligen Josef, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Mënschen an der Welt hunn Honger. Mir hu Brout am Iwwerfloss. Biede mir mat deem Gebiet, dat de Jesus eis geléiert huet, dass jiddereen genuch fir säi Liewen huet. Loosse mir eis selwer drun erënneren, dass mir mat Verantwortung droen, dass all Mënsch ka liewen. Vater Unser … Friddensgebiet
Mir liewen an enger Welt vu villes Ongerechtegkeeten a vun Onfridden. Dëser Welt wëll Gott am Jesus an a senger Botschaft Fridden ubidden. Huele mir dee Fridden un? Här Jesus kuck op eise gudde Wëllen a schenk eis all däi Fridden. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Meditation
Zwanzig Laibe Gerstenbrot Schlussgebiet
Här, eise Gott, mir hunn zesummen d’Gediechtnes vum Leiden vu Christus gefeiert an dat hellegt Sakrament empfaangen. Wat déi Jong eis an senger onendlecher Léift geschenkt huet, dat soll eis net zum Gericht ginn, mä et soll eis déi Fridden bréngen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Nous avons communié, Seigneur, à ce sacrement, mémorial de la passion de ton Fils; fais servir à notre salut le don que lui-même nous a légué dans son immense amour. Lui qui règne. Unser Vater im Himmel, wir durften Gast sein bei der Feier der Danksagung deines Sohnes. Bekräftigt durch dein Wort, gestärkt im heiligen Mahl und ermutigt durch die hier versammelte Gemeinde gehen wir wieder hinaus ins alltägliche Leben. Wir bitten dich, begleite uns auf unserem Weg durch die Zeit mit deinem Schutz und Segen. Dir sei Dank, Lob und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement