|
3. Adventssonndeg A - 10./11.12.2022
Lidd zum Ufank: Mag 106, 1-2
1. V Kündet allen in der Not; fasset Mut und habt Vertrauen. 2. V Gott naht sich mit neuer Huld, daß wir uns zu ihm bekehren; Léif Matchrëschten! An enger Zäit, wou d’Situatioun an der Welt an och an eiser Kierch nëmme ganz wéineg Ulass zur Freed bitt, setzt eis Mass haut d’Freed iwwer d’Kommen vu Gott an de Mëttelpunkt. Et kléngt scho komesch, an awer weisen eis déi biblesch Texter, wéi d’Freed an d’Räich vum Härgott kënne Wierklechkeet ginn an eiser Welt, wa mir da mat schaffen dorun. Mir leeën ze dacks eis Hänn an de Schouss a waarden, dass anerer oder och Gott alles mécht. Mä ebe just dat funktionéiert esou net. Froe mir dofir eisen Här Jesus Christus ëm säin Erbaarmen an seng Hëllef. Här Jesus Christus, du kënns an eis Welt. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, kuck a Guttheet op däi Vollek, dat am gleewegen Verlaangeren op d’Fest vun der Gebuert vu Christus waart. Maach eist Häerz bereet fir d’Geschenk vun der Erléisung, esou datt Chrëschtdag fir eis all en Dag vun der Freed an dem Fridde ka ginn. Dorëms biede mir duerch de Jesus, déi Jong, eisen Här. Amen. Tu le vois, Seigneur, ton peuple se prépare à célébrer la naissance de ton Fils; dirige notre joie vers la joie d’un si grand mystère: pour que nous fêtions notre salut avec un cœur vraiment nouveau. Par Jésus Christ. Gott, unser Vater, durch deinen Sohn kommen Licht und Freude in die Welt. Hilf uns, damit alle Menschen deine Güte erfahren. Das erbitten wir von dir, dem Vater unseres Herrn Jesus Christus, der mit dir und dem Heiligen Geist lebt und Leben schafft in Ewigkeit. Liesung: Jes 35, 1-6a.10 / Jak 5, 7-10 / Mt 11, 2-11 Lesung aus dem Buch Jesaja. Kv Komm, o Herr, und erlöse uns! Lesung aus dem Jakobusbrief. Halleluja. Halleluja. Der Geist des Herrn ruht auf mir. Der Herr hat mich gesandt, den Armen die frohe Botschaft zu bringen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre du prophète Isaïe. R/ Viens, Seigneur, et sauve-nous ! Lecture de le lettre de saint Jacques. Alléluia. Alléluia. L’Esprit du Seigneur est sur moi: il m’a envoyé porter la Bonne Nouvelle aux pauvres. Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Matthieu. Priedegt
Léif Matchrëschten! “Freut euch im Herrn zu jeder Zeit! Noch einmal sage ich: Freut euch! Denn der Herr ist nahe.” Dat ass den Introitus fir d’Mass vum 3. Adventssonndeg, vun deem dann dëse Sonndeg och den Numm huet: “Gaudete” - “Freet iech”. Dozou passt den éischte Saz vun der Liesung vun haut: “Jubeln werden die Wüste und das trockene Land.” Freed ass sou eng Saach. Kënne mir eis haut nach echt freeën? Wouriwwer solle mir eis freeën? Wa mir eis Welt kucken, dann ass et éischter fir ze kräischen. Esou vill Nout a Misär gëtt et. Och wa mir hei bäi eis net eigentlech Nout leiden, sou spiere mir dach grad dëst Joer, wéi vill Nout an der Welt ass. Déi Géigenden, déi an extreemster Aarmut sinn, déi Länner, déi am Krich sinn, déi Mënschen, déi ënner Krankheeten a Epidemien ze leiden hunn, stinn eis ganz däitlech virun Aen a sinn eis zum Deel ganz no. Mir fillen d’Auswierkungen vun deene fundamentalen Noutsituatiounen bis bäi eis. Firwat also frou sinn? De Prophet Jesaja schreift a schwätzt och an enger Zäit, wou de Misär grouss war. Mir wëssen net wéini hien des Zeilen niddergeschriwwen huet an och net wat de geneeën Ulass war. Awer dat, wat hien uschwätzt, ass wuel ëmmer nees d’Situatioun, an déi Mënschen erageroden. Wa mir am Moment op eis hei an Europa kucken, dann hätt virun e puer Joer weder ee geduecht, dass mir mat enger Epidemie iwwerfall géife ginn, nach dass ee neie Krich direkt virun eiser Hausdier géif ausbriechen. An awer sinn dat Saachen, déi esou op eis Gesellschaft zoukommen. Ëmmer nees nei erliewe Mënschen Nout. Keng Zäit kann sech sécher sinn, dass net dach esou eppes iwwer si era brécht. Ech hu fir haut als Adventslidd Nummer 106 aus dem Magnificat (GL 221) gewielt. D’Lidd ass bal ganz aus dem Jesaja sengem 35. Kapitel erausgeholl, wat am Prinzip haut och eis Liesung ass. D’Lidd ass 1971 vum Friedrich Dörr geschriwwe ginn. Et ass deemno keen aalt oder traditionellt Adventslidd. Et ass awer ee ganz biblescht Lidd mat enger déiwer Ausso. De Kehrvers oder de Refrain: “Allen Menschen wird zuteil Gottes Heil.”, kënnt aus dem Psalm 98. Dëse Psalm gëtt an der Houmass vu Chrëschtdag no der éischter Liesung gesongen. “Alle Enden der Erde sahen das Heil unsres Gottes.“ (Ps 98, 3b) Dat ass am Fong déi zentral Ausso vu Chrëschtdag, dass Gott fir déi ganz Welt kënnt an d’Hoffnung op Erléisung aus der Nout sech fir jiddereen erfëllt. Eist Lidd versicht d’Botschaft vun der Hoffnung grad deenen, déi an Nout sinn, no ze bréngen. Den Zousproch, dass Gott trotz allem, wat et u Béisem an eiser Welt gëtt, dach kee fale léist soll all déi erreechen, déi lo am Misär sinn. Et gëtt deemno eng Erléisung, och wann si nach ee Stéck wäit ewech ass. An der zweeter Strof vum Lidd gëtt eppes ugeschwat, wat mir am Normalen net esou gär héieren. Hei steet den Hiweis op eis Schold. Vill Nout a Misär ass vun eis als Mënschen verschëllt. Krich beispillsweis ass keng natierlech Saach, keng Naturkatastrophe. Krich ass vu Mënsche gemaach. An och vill aner Nout ass vun eis provozéiert. Honger, Waassermangel an ech weess net wat nach alles, ass zu engem ganz groussen Deel grad vun eis hei an de räiche Länner verschëllt. Eist Ausnotzen vun de Mënschen an der drëtter Welt, wéi och vun der Natur, ass u Villem schold. Mir mussen eis Schold als éischt emol gesinn an agestoen. Mir mussen eis deemno bekéieren. Bekéierung ass hei net eng fromm Übung. Bekéierung heescht, dass mir eise Liewensstil änneren, dass mir mat méi Respekt mat den natierlechen Ressourcen ëmginn, dass mir net Mënschen wéi Sklaven behandelen. Gott kënnt a verzeit, jo, awer virdrun muss eis perséinlech Asiicht stoen, dass mir als Eenzeler och ëmmer nees mat schëlleg gi sinn un all der Nout. Eréischt da ka Fridden entstoen, wa mir als Mënschen eis géigesäiteg als gläich ugesinn a behandelen. „Gott naht sich mit neuer Huld, daß wir uns zu ihm bekehren; er will lösen unsre Schuld, ewig soll der Friede währen.“ (Mag 106,2) D’Bedingung, dass et an eiser Welt besser geet, ass ganz einfach wéi kloer: Mir selwer mussen eis änneren, mir alleguer. D’Lidd ziilt sécher op een éiwege Fridden tëschent de Mënschen a Gott. Mä de Fridde mat Gott kann nëmmen dann echt sinn, wa mir och Fridden an eisem tëschemënschlechen Liewen hunn. Dat eent geet net ouni dat anert. Wa mir als Mënschen et géife fäerdeg bréngen, fir ënnert enaner Fridden ze maachen, wa mir et géifen hikréien, dass jiddereen dat fir d’Liewe kritt an och nëmmen dat, wat et wierklech brauch, da wier eis Welt quasi wéi ee Paradäis. D’Strofen 3 a 4 vun eisem Lidd beschreiwen esou ee paradiseschen Zoustand vun der Welt. Dat ass wuel eng Utopie oder ee schéinen Dram. Awer Villes kéint fir eis méiglech sinn, wa mir eng echt Bekéierung an eisem Verhalen géifen maachen. Des zwou Strofen si bal wuertwiertlech vum Jesaja. (Jes 35, 5-7) Eis Liesung huet leider net dee ganzen Text iwwerholl. Hei dofir elo déi entspriechend Sätz vum Jesaja: “5Dann werden die Augen der Blinden aufgetan und die Ohren der Tauben werden geöffnet. 6Dann springt der Lahme wie ein Hirsch und die Zunge des Stummen frohlockt, denn in der Wüste sind Wasser hervorgebrochen und Flüsse in der Steppe. 7Der glühende Sand wird zum Teich und das durstige Land zu sprudelnden Wassern. Auf der Aue, wo sich Schakale lagern, wird das Gras zu Schilfrohr und Papyrus.“ Déi drëtt Strof vum Lidd thematiséiert grad an eiser Zäit eng Weltsituatioun, déi, wa mir net géigesteieren, an deenen nächste Joren ëmmer méi virulent gëtt. D’Knappheet vum Waasser a ville Géigenden vun der Welt ass elo schonn ee risege Problem. Mir sinn eis der Nout net ëmmer bewosst. Ech liesen dofir och hei an der Strof fir eis een Opruff, dass mir aus deene räiche Géigenden eis beméien, dass all Mënsch Zougang huet zu guddem Waasser an dass esou och kënnen Felder ugeluecht ginn, wou déi Leit Nahrungsmëttel kënne produzéieren, déi si brauchen. Ech denke schonn, dass et net vill Fantasie brauch, fir ze gesinn, wat fir eng Sprengkraaft grad d’Thematik vum Waasser haut huet. Deemools beim Jesaja war et schonn ee Problem. Haut verschlëmmert sech dat a groussen Deeler vun der Welt. Wa mir also elo dëst Lidd sangen, da soll et eis oprëselen. Et ass net nëmmen ee frommt Liddchen, wat mir eng Kéier am Joer am Advent erofsangen. Neen, et ass eng Opfuerderung un eis, dass mir endlech eis beméien a fir Gerechtegkeet suergen. Mir wieren sécherlech wäit vun engem echte Paradäis ewech. An awer kéinte mir ville Mënschen besser Konditiounen fir d’Liewe schafen, wa mir eis all ee Stéck méi géifen dorëms beméien. Vill Nout kéint da positiv geléist ginn, sou wéi et d’Lidd an der véierter Strof beschreift. Kënne mir eis haut nach echt freeën? Jo, dat kënne mir schonn, wa mir eis ëm Gerechtegkeet beméien a wa mir selwer eis och bekéieren. Erléisung kënnt vu Gott als ee Geschenk. Et setzt allerdéngs viraus, dass mir eis och ee wéineg Méi ginn. Lidd zum Schluss vun der Priedegt: Mag 106, 3-5 3. V Aus Gestein und Wüstensand werden frische Wasser fließen; 4. V Blinde schaun zum Licht empor, Stumme werden Hymnen singen, 5. V Gott wird wenden Not und Leid. Er wird die Getreuen trösten, Fürbitten
Vill Mënschen an eiser Zäit hunn Angscht an hu keng Hoffnung méi. Si all wëlle mir an eisem Gebiet viru Gott bréngen:
Baarmhäerzege Gott, du schenks eis Hoffnung, Liewen a Léift. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Durant ce temps de l’Avent, alors que sommes invités à vivre ensemble l’attente du Sauveur, présentons au Seigneur toutes les personnes qui ont besoin d’être illuminées par une clarté nouvelle. Dans la confiance, faisons-lui part de nos demandes. Gowegebiet
Här, eise Gott, an dëser Feier erfëlle mir den Optrag vun dengem Jong. Huel eis Gowen un a gëff denger Kierch d’Gnod, ëmmer an iwwerall säin hellegt Affer ze feieren. Schenk eis duerch dëst Geheimnis däin Heel, dat’s du fir d’ganz Welt virgesinn hues. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Permets, Seigneur, que le sacrifice de nos eucharisties te soit toujours offert dans ton Église, pour accomplir le sacrement que tu nous as donné et pour réaliser la merveille de notre salut. Par Jésus. Gott, du Geber alles Guten, wir bringen diese Gaben vor dich, wie es dein Sohn uns aufgetragen hat. Schenke der ganzen Welt das Heil, das du ihr zugesagt hast. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn. Präfation
Hochgebet – „Jesus leidet mit den Menschen“
Ja, heilig bist du großer Gott. Er lebte im Zwiespalt, versucht und verlassen; Er war, wo Menschen kämpften und litten, Deshalb gedenken wir seines Todes und seiner Auferstehung. Vater, wir bitten dich, dein Heiliger Geist lasse jetzt Brot und Wein Bei seinem letzten Abendmahl sprach Jesus Worte, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMT UND TRINKT ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens Eine Verheißung durchzieht unser Leben: Er gibt uns Vertrauen, selbst Unmögliches zu versuchen, Guter Gott, wir bitten dich für uns, für unsere Kirche, Wir gedenken all der Menschen, die wir geliebt haben und die gestorben sind, Zusammen mit der Gottesmutter Maria, dem heiligen Josef, dem Zimmermann, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
D’Räich vu Gott kënnt net einfach esou. Et kënnt do, wou ee bereet ass, fir eppes vun sengem Iwwerfloss ofzeginn, oder wou een seng Muechtpositioun engem aneren géint iwwer net ausspillt. Biede mir ëm dëst Räich vu Gott: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Do wou d’Bereetschaft fir d’Deelen do ass a wou d’Solidaritéit zur Normalitéit gehéiert, do sinn d’Grondlagen fir de Fridden an eiser Welt geluecht. Awer wéi schwéier dat ass, wësse mir all. Dofir froe mir eisen Här ëm säi Fridde fir eis. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, komm duerch des helleg Moolzecht eis schwaache Mënschen zu Hëllef. Maach eis fräi vu Schold a bereet eis fir op dat kommend Fest vu Chrëschtdag. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Seigneur notre Dieu, nous attendons de ta miséricorde que cette nourriture prise à ton autel nous empêche de céder à nos penchants mauvais et nous prépare aux fêtes qui approchent. Par Jésus... Amen. Gott der Barmherzigkeit, wir haben in diesem heiligen Mahl erfahren, wie gut du zu uns bist. Du befreist uns aus aller Schuld. So gehen wir dem kommenden Fest mit großer Freude entgegen. Wir danken dir und preisen dich durch Christus, unsern Herrn.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement