
|
32. Sonndeg am Joereskrees A - 7./8.11.2020Kiermes an der Buerg, zu Präiteler, Dickweiler a Méischdref
Aféierung an d’Mass
Léif Matchrëschten! Dëse WE feiere mir eise groussen Landespatréiner, den hellege Willibrord. Hien ass jo och zënter der Neiuerdnung vun eiser Diözes eise Parpatroun. Eis Parkierch, d’Basilika vun Iechternach mat sengem Graf soll fir eis all een Zentrum sinn, wou mir eis doheem fillen a wou mir gestäerkt ginn fir eis Missioun als Verkënneger vum Glawen haut an eis Gesellschaft eran ze wierken. Wéi de Willibrord solle mir d’Botschaft vu Jesus Christus an eis Welt erausdroen an si selwer natierlech och liewen. (Zu Präitler feiere mir awer och de Weiedag vun der Kierch. Dat soll eis natierlech elo mat Freed erfëllen an eis och drop opmierksam maachen, dass mir all verantwortlech sinn, fir dëst Gebai, dat eis Virfaren opgeriicht an erhalen hunn. Mir sinn haut op geruff fir genee esou derfir ze suergen, dass mir weiderhin zesummen als Gemeinschaft an dësem Haus kënne sinn a feieren.) Froe mir eiser Här säin Erbaarmen an seng Hëllef un: Kyrie
Dagesgebiet
32. Sonndeg am Joereskrees Dieu qui es bon et tout-puissant, éloigne de nous tout ce qui nous arrête, afin que sans aucune entrave, ni d’esprit ni de corps, nous soyons libres pour accomplir ta volonté. Par Jésus Christ. Willibrord Liesungen 32. Sonndeg A: Weish 6, 12-16 / 1 Thess 4, 13-14 / Mt 25, 1-13 Lesung aus dem Buch der Weisheit. Kv Meine Seele dürstet nach dir, mein Gott. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Thessalonich. Halleluja. Halleluja. Seid wachsam und haltet euch bereit! Denn der Menschensohn kommt Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture du livre de la Sagesse. PSAUME (Ps 62 (63), 2, 3-4, 5-6, 7-8) Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Thessaloniciens. Alléluia. Alléluia. Veillez, tenez-vous prêts: c’est à l’heure où vous n’y pensez pas que le Fils de l’homme viendra. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Predigt
Léif Matchrëschten! Eis Liesung vun haut kléngt scho ganz spannend. U wien ass dësen Text geriicht? Wa mir den Ufank vum Kapitel 6 aus dem Buch vun der Weisheet kucken, da steet do ganz däitlech am éischte Saz: "Hört also, ihr Könige, und seid verständig, lernt, ihr Richter der Enden der Erde!" (Weih 6, 1) An dann ee Stéck méi wäit am Text heescht et: "An euch also, ihr Gewalthaber, richten sich meine Worte, damit ihr Weisheit lernt und euch nicht verfehlt." (Weish 6, 9) Wann ech dat also richteg gesinn, da gëllen déi Zeilen, déi mir haut héieren hunn, emol an éischter Linn deenen an der Gesellschaft, déi d’Soen hunn. Haut sinn dat wuel net einfach d’Kinneken oder déi regéierend Politiker. Ech denken, dass haut ee vill méi groussen Grupp vu Mënschen domadder ugeschwat ass. Ëmmer nees si mir a Positiounen, déi Entscheedungen verlaangen. Bäi allem awer, wat muss entscheet ginn, ass et eminent wichteg, dass déi jeeweileg Entscheedung gutt a gerecht ass. D’Buch vun der Weisheet seet eis haut, dass d’Weisheet duerchaus liicht ze erkennen ass. Si sëtzt quasi virun eiser Hausdier a waart nëmmen drop, dass mir si eraloossen. Weisheet ass eppes, wat mir all ouni grouss Méi kënnen hunn. Mir musse just eis Aen opmaachen. A grad do läit da wuel och de Problem begruewen. Vill Mënschen liewen einfach esou an den Dag eran. Si loossen sech dreiwen vum Alldag, vun der Aarbecht, vun hirem Wonsch no Freed a Gléck, no Amusement asw. Vill Mënsche loossen sech och einfach vun dem Iwwerfloss un Informatiounen, op richteg oder falsch, aus eisen omnipresente Medien beaflossen an iwwerhuelen einfach dat, wat gesot a gewise gëtt, ouni selwer sech doriwwer nach weider Gedanken ze maachen. Et ass wuel keng Zäit, déi esou a sengen Gedanken a Meenungen manipuléiert war wéi eis Zäit. Vun alle Säiten kommen Iddien a Gedanken a mir verschaffen si kaum. Mir ginn och net nofroen, op et richteg ass, wat do gesot gëtt. Wa mir scho nëmmen grad elo an der Coronazäit gesinn, wéi vill Fake-News do duerch d’Geschicht geeschteren, wéi vill Verschwierungstheorien hire Laf huelen, da muss et eis dach grujelen. Am Saz direkt no eiser Liesung steet am Buch vun der Weisheet ee ganz markanten Gedanken: "Ihr wahrhafter Anfang ist Verlangen nach Bildung; Bemühen um Bildung aber ist Liebe." (Weish 6, 17) De Ufank vun all Weisheet beim Mënsch ass d’Verlaangen no Bildung. Wëlle mir eis wierklech "bilden"? Wëlle mir wierklech nach eng echt a seriéis Bildung hunn? Wéi mir all wëssen ass déi Zäit an der Schoul, wou mir geléiert hunn, net ëmmer liicht gewiescht. Et huet een sech missten ustrengen, fir dëst oder dat ze léieren, fir sech also ze "bilden". Vill hunn sech schwéier gedinn mat dem Léieren. Villen ergeet dat och nach haut esou. Wann een awer eng Léift zum Wëssen, zu neiem Wëssen huet, da fält et engem relativ liicht fir een neie Grad u Bildung ze erreechen. Ech muss eng Léift dozou hunn. Genee dat ass den Ufank vun all Wëssen, vun all Fuerschung fir Neies ze entdecken. D’Wëssen läit virun eis. Awer mir mussen eis och drëm beméien, fir et an eis opzehuelen. D’Evangelium vun haut zeechent eis do ee ganz schéint Bild, dat mir duerchaus op eis selwer kënnen uwenden. Do geet rieds vun dommen a gescheite Leit, vu Mënschen, déi einfach esou an den Dag era liewen ouni nozedenken, a vu Mënschen, déi ee Bléck an d’Zukunft maachen an sech virbereeden bzw. sech drop astellen, dass och Nout ka sinn. Wann ech op eis Well vu Krankheet kucken, da war dat wuel mat eis elo och esou. Mir hunn an den Dag era gelieft a gemengt, dass esou eng Epidemie eis dach ni kéint erreechen. Mir si béis iwwerrascht ginn vun deem séieren Verbreeden. An och elo nach, no Méint wou mir mat der Krankheet liewen, si nach ëmmer net voll derbäi, fir eis eeschthaft drëm ze beméien a seriéis matzehëllefen, dass mir dës Nout iwwerwonne kréien. "Wer sie (also d’Weisheet) am frühen Morgen sucht, braucht keine Mühe", seet eis Liesung haut. Wien zur Zäit opsteet an sech beméit, wien sech mat Zäit un d’Aarbecht vun der Léisung mécht, deen huet Erfolleg. Et geet also schonn drëm, fir mat klorem Verstand net einfach ouni Gedanken an den Dag eran ze liewen, mä fir am Viraus och ze kucken, wat eventuell wichteg ka sinn, fir ee gutt Liewen. De Mënsch soll net nëmmen säi kuerzen aktuellen Amusement am Bléck hunn, net nëmmen ee kuerzfristegen Profit astiechen, mä eben méi wäit denken, u muer denken. Bäi allem, wat mir maachen, dierf net nëmmen eis momentan Situatioun wichteg sinn. Wa mir beispillsweis d’Diskussiounen ëm eis Natur kucken, dann ass dat jo do och de Fall. Am Moment liewe mir nach zimmlech gutt. Awer eisen aktuelle Liewensstil bewierkt eng enorm Verschlechterung vun der Natur fir d’Zukunft. Genee dat kann ech an d’Evangelium vun haut era liesen. Ech muss och un d’Zukunft denken, un déi Generatiounen, déi no eis kommen. An dat huet eben erëm eppes mat Léift ze dinn. Net nëmmen egoistesch mäin aktuellen Amusement kucken an den Dag genéissen, mä och aus Léift un déi denken, déi duerno nach eppes vun dëser Welt wëllen hunn. D’Fakten leien virun eis. Mat e bëssi Verstand, mat e bëssi Weisheet kënne mir alles erkennen. Awer mir mussen de Schrëtt maachen. Jidder eenzelen muss erkennen, dass och hien en Deel vun der Léisung vun de Suergen a Problemer ass. Domat sinn ech erëm um Ufank vu menge Gedanken. D’Liesung vun haut ass net nëmmen u Kinneken oder Politiker geriicht. Si ass un eis all geriicht. Mir all wëllen ee Wuert matschwätzen an eiser Gesellschaft. Dofir musse mir och all eis beméien, dass dat och vu Weisheet gepräägt ass, wat mir mat wëllen entscheeden. Loosse mir eis dofir och déi folgend Sätz aus dem Buch vun der Weisheet zu Häerz huelen: 17 Ihr wahrhafter Anfang ist Verlangen nach Bildung; Bemühen um Bildung aber ist Liebe. Fürbitten
Gott, eisem allmächtege Papp, deen eis all Hoffnung schenkt, wëlle mir eis Suergen an Uleies uvertrauen. Hien bieden mir em seng Kraaft an Hëllef: 1) Mir bieden fir all Chrëschten am Lëtzebuerger Land, dass mir eis vum hellege Willibrord sengem Beispill leede loossen an esou zu liewegen Zeien vun der gudder Noriicht vu Gott ginn. 2) Mir bieden fir all Mënschen, déi sech an dëser Woch an der Basilika beim Graf vum Willibrord versammelen, dass si do Kraaft fannen, sech ëmmer erëm nei op d’Botschaft vu Gott ze konzentréieren, an iwwert hire wierkleche Sënn nozedenken. 3) Mir bieden fir all Mënschen, déi eng leedend Platz hunn, dass si hir Muecht an hiert Wëssen fir de Virdeel vun deenen ënnerprivilegéierten, ënnerdréckten an aarme Mënschen asetzen an esou fir d’Gerechtegkeet an de Fridden an der Welt suergen. 4) Mir bieden fir all Mënschen op der Welt, dass si een op deen aneren zouginn, sech ouni Virurteeler begéinen, sech géigesäiteg respektéieren an esou eng fruchtbar Zesummenaarbecht an een echte Fortschrëtt fir all Natiounen garantéieren. 5) Mir bieden fir all Verstuerwen aus eiser Gemeinschaft, dass si béi dir, Härgott, éiweg glécklech sinn an do d’Erfëllung vun hirer chrëschtlecher Hoffnung op d’Opersteeung vun den Doudegen fannen. 6) Mir wëlle fir eis selwer, als Membere vun eiser kierchlecher Gemeinschaft, bieden, dass mir et fäerdegbréngen an eiser esou dacks kaler Welt Hoffnung, Léift a Freed ze verbreeden. Härgott, du wëlls, dass et alle Mënsche gutt geet. Un eis ass et sech dofir anzesetzen. Härgott, schenk eis fir des wichteg Aufgab deng Kraaft. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. II.
Nous avons écouté la Parole; qu’elle descende jusqu’en nos cœurs pendant que nous prions pour la grande famille humaine. Seigneur, exauce notre prière.
Père très bon, nos cœurs hésitent parfois à embrasser ton désir d’une grande famille humaine, où chacune et chacun est reconnu, accepté et possède le nécessaire. Accorde-nous de mettre tous nos efforts à la réalisation de ce rêve. Et que ton rêve devienne le nôtre, par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
32. Sonndeg am Joereskrees Sur les offrandes que nous présentons, Seigneur, jette un regard de pardon et de paix; qu’en célébrant la passion de ton Fils, nous entrions de tout coeur dans son mystère. Lui qui règne. Willibrord Schlussgebiet
32. Sonndeg am Joereskrees Fortifiés par cette nourriture sainte, nous t’adressons, Seigneur, nos actions de graçe et nous implorons ta miséricorde: que l’Esprit Saint fasse persévérer dans la droiture ceux qui ont reçu la force d’en haut. Par Jésus. Willibrord
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement