5. Ouschtersonndeg A - 6./7.5.2023 - Héichfest vun der Tréischterin


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! An hirer éischter Oktavpriedegt hat d’Mme Renée Schmit e Méindeg dervu geschwat, dass et an eiser Gesellschaft Wüüste géif ginn. Effektiv ass Villes haut och an eisem räiche Land net an der Rei. Mä iwwerall op der Welt jäize Mënschen no Trouscht, no Léift a Gebuergenheet, ganz einfach no Mënschlechkeet an domat no enger gudder Welt, déi eis ee wierkleche Sënn vum Liewe ka bidden.1] D’Maria hat des Gebuergenheet wuel un hire Jong Jesus weider geschenkt. Aus dëser Gebuergenheet eraus huet hien säi Liewen gestalt an eng Mënschlechkeet gelieft, déi och eis kann ureegen, et him nozemaachen. D’Maria war deemools en Zeeche vun Hoffnung an Trouscht. Si kann dat och fir eis sinn. Op hier Firsprooch dierfen mir vertrauen a mat hirer Hëllef ruffe mir zu eisem Här Jesus Christus a froen hien ëm säin Erbaarmen.

1] Vgl.: http://www.cathol.lu/grouss-evenementer-evenements-phares/muttergottesoktav-octave-notre-dame/oktav-2023-octave-2023/priedegten-2023/feier-an-der-wuust.html

Här, Jesus Christus, du schenks eis däin Trouscht an der Nout vun haut. Här, erbaarm dech eiser.
Här, Jesus Christus, du gëss eis d’Hoffnung, dass eis Welt gutt gëtt. Här, erbaarm dech eiser.
Här, Jesus Christus, bäi dir si mir gebuergen an dierfe mir liewen. Här, erbaarm dech eiser.

Dagesgebiet

Härgott, eise Papp, du bass baarmhäerzeg,
du gëss äis all Trouscht:
däi Sonn huet um Kräiz Maria, seng Mamm,
och äis zur Mamm ginn.
Lauschter op eis Patréinesch, déi fir äis schwätzt,
a schenk äis an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef.
Duerfir biede mer duerch Jesus Christus, däi Sonn,
eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.

Père de miséricorde et Dieu de toute consolation,
tu as voulu que Marie, la mère de ton Fils unique,
soit aussi notre mère;
Dans ta bonté, accorde-nous,
puisqu’elle nous garde et nous protège,
le réconfort de sa consolation. Par Jésus Christ

(Liesungen vum 5. Ouschtersonndeg: Apg 6, 1-7 / 1 Petr 2, 4-9 / Joh 14, 1-12)
Liesungen vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27

Lesung aus dem Buch Jesaja.
Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o Erde, freut euch, ihr Berge! Denn der HERR hat sein Volk getröstet
und erbarmt sich seiner Armen. Doch Zion sagt: Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen. Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht.

R.: Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr.
2 Wie liebenswert ist deine Wohnung,
du HERR der Heerscharen! 
3 Meine Seele verzehrt sich in Sehnsucht
nach den Höfen des HERRN.
Mein Herz und mein Fleisch,
sie jubeln dem lebendigen Gott entgegen. 

5 Selig, die wohnen in deinem Haus,
die dich allezeit loben.
6 Selig die Menschen, die Kraft finden in dir,
die Pilgerwege im Herzen haben. 

8 Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft
und erscheinen vor Gott auf dem Zion.
11 Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen
als tausend andere.

12 Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild.
Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit.
Nicht versagt er Gutes denen, die rechtschaffen wandeln. 
13 HERR der Heerscharen, selig der Mensch,
der auf dich sein Vertrauen setzt!

Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.
Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost. 

Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit standen bei dem Kreuz Jesu seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich. 

Lecture du livre du prophète Isaïe.
Cieux, criez de joie ! Terre, exulte ! Montagnes, éclatez en cris de joie ! Car le Seigneur console son peuple ; de ses pauvres, il a compassion. Jérusalem disait : « Le Seigneur m’a abandonnée, mon Seigneur m’a oubliée. » Une femme peut-elle oublier son nourrisson, ne plus avoir de tendresse pour le fils de ses entrailles ? Même si elle l’oubliait, moi, je ne t’oublierai pas.

R.: Heureux les habitants de ta maison, Seigneur!
De quel amour sont aimées tes demeures, Seigneur, Dieu de l’univers !
Mon âme s’épuise à désirer les parvis du Seigneur ; *
mon coeur et ma chair sont un cri vers le Dieu vivant !

Heureux les habitants de ta maison :
ils pourront te chanter encore !
Heureux les hommes dont tu es la force :
des chemins s’ouvrent dans leur coeur ! R

Ils vont de hauteur en hauteur,
ils se présentent devant Dieu à Sion.
Oui, un jour dans tes parvis en vaut plus que mille.
J’ai choisi de me tenir sur le seuil, dans la maison de mon Dieu, *
plutôt que d’habiter parmi les infidèles. R

Le Seigneur Dieu est un soleil, il est un bouclier ; *
le Seigneur donne la grâce, il donne la gloire.
Jamais il ne refuse le bonheur à ceux qui vont sans reproche.
Seigneur, Dieu de l’univers, heureux qui espère en toi ! R

Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens.
Frères, béni soit Dieu, le Père de notre Seigneur Jésus Christ, le Père plein de tendresse, le Dieu de qui vient tout réconfort. Dans toutes nos détresses, il nous réconforte ; ainsi, nous pouvons réconforter tous ceux qui sont dans la détresse, grâce au réconfort que nous recevons nous-mêmes de Dieu. En effet, de même que nous avons largement part aux souffrances du Christ, de même, par le Christ, nous sommes largement réconfortés. Quand nous sommes dans la détresse, c’est pour que vous obteniez le réconfort et le salut ; quand nous sommes réconfortés, c’est encore pour que vous obteniez le réconfort, et cela vous permet de supporter avec persévérance les mêmes souffrances que nous. En ce qui vous concerne, nous avons de solides raisons d’espérer, car, nous le savons, de même que vous avez part aux souffrances, de même vous obtiendrez le réconfort.

Alléluia. Alléluia. Nous te saluons, Mère de miséricorde, Mère d’espérance et de la grâce, Vierge Marie. Alléluia.

Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean.
En ce temps-là, se tenaient près de la croix de Jésus sa mère et la sœur de sa mère, Marie, femme de Cléophas, et Marie Madeleine. Jésus, voyant sa mère, et près d’elle le disciple qu’il aimait, dit à sa mère : « Femme, voici ton fils. » Puis il dit au disciple : « Voici ta mère. » Et à partir de cette heure-là, le disciple la prit chez lui.

Priedegt

“Frau, siehe, dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.” (Joh 19, 26-27) Wéi liese mir dëst kuerzt Evangelium vum Fest vun der Tréischterin? Normalerweis gesi mir an éischter Linn ee ganz einfacht mënschlecht Geschéien. De Jesus als Mann an der Famill hannerléisst eng Mamm, déi an der deemoleger Gesellschaft als Fra kaum eng grouss Chance gehat huet. De Johannes, oder besser gesot de Jünger, deen de Jesus gär hat, soll elo d’Roll vum Jong a vum Mann an der Famill iwwerhuelen a fir déi aarm Mamm do suergen. Mä ass dat esou einfach a banal d’Bedeitung vun dësem Text?

D’Evangelium vum Johannes ass laang no dem Doud vum Jesus um Kräiz opgeschriwwe ginn. Et reflektéiert deemno och schonn eng laang Entwécklung vun der neier Glawensgemeinschaft vu Chrëschten. D’Erfarungen vun de Chrëschten, déi deemools um Enn vum 1. Joerhonnert am Norden Ostjordanland, am haitegen Syrien gelieft hunn, prägen dat ganzt Evangelium. Et sinn Erfarungen vu Nout an Ausgrenzung. Si hunn erlieft, dass si vun hire jüddeschen Bridder a Schwësteren als Ketzer ageschat goufen an deem entspriechend aus de Synagogen ausgeschloss goufen. 2]

D’Chrëschten vun der johannéiescher Gemeinschaft hunn sech als Minoritéit no der Zerstéierung vum Jerusalemer Tempel als besonnesch ausgestouss gesinn. Derniewent hunn sech aner chrëschtlech Gemeinschaften scho lues a lues hierarchesch organiséiert. Déi johannéiesch Gemeinschaft hat awer ganz aner Gedanken a Virstellungen vu Kierch. Dofir spillen am Johannesevangelium Angscht a Nout eng grouss Roll.3] D’Solidaritéit ënnert de Memberen ass ganz wichteg. Si mécht staark an der Nout.

Eise kuerzen Auszuch aus dem Johannesevangelium vun haut erzielt an deene wéinege Sätz vun esou enger Solidaritéit an der gréisster Nout. Déi zwou Persounen ënner dem Kräiz hu keen Numm. Si stinn allerdéngs an enger ganz déiwer Bezéiung zum Jesus. Dat eent ass seng Mamm, dat anert ass ee Frënd. De Jesus ass hei um Kräiz och nach ganz de Souverain vun der Handlung. Et ass markant, dass hien, deen do zu Doud kënnt, bis zum Schluss seet a weist, wéi et goe soll a kann.

Persounen sinn am Johannesevangelium ni einfach nëmmen individuell Mënschen. Si weisen iwwer sech eraus. An esou och hei déi zwee Personnagen ouni Numm.4] Steet d’Mamm vum Jesus net do als Representantin vum Juddentum, aus deem déi nei Gemeinschaft hierkënnt? Steet de Jünger net do als deen neie Jong, deen een elo säi Wee muss goen an awer och fir seng Mamm muss suergen an fir si soll do sinn, grad elo, wann ee bedenkt, dass jo och d’Juddentum no der Zerstéierung vum Tempel quasi um Enn ass?

An dëser Zeen sammelen sech all déi Erfarungen, déi d’Chrëschten vun der johannéiescher Gemeinschaft maachen. Et ass eng extreem Situatioun vu Bedreeung duerch déi weltlech a politesch Herrschaft. Si fillen sech absolutt an den Eck gedréckt. Als Affer hunn si am Fong keng Méiglechkeeten. Mä, an dat weist des Zeen ganz gutt, obwuel si quasi ouni Méiglechkeet sinn fir selwer ze handelen, bleiwen si hei déi, déi hiert Schicksal an d’Hand huelen. Si bleiwen net an hierer Schwächt. Si kënnen an dësem Ablack Solidaritéit, Verbonnenheet a Suerg ee fir deen aneren selwer an d’Hand huelen. Si hunn also eng Alternativ zu der déidlecher Bedreeung. Trotz all dem Drock, deen si ganz no un den Doud bréngt, kënnen si ee fir deen aneren do sinn. Sou eng Solidaritéit a géigesäiteg Hëllef matten an der Trauer an der Angscht ass een Zeechen vum Liewen, vun der Léift, vun der Verbonnenheet aus deenen dann Trouscht a Kraaft fir deen neie Wee eraus wuessen.5] „Es ist ein Trost, der nicht billig und von außen aufgesetzt ist, der auch nicht in leeren Worten besteht, sondern der aus gemeinsam durchlebter Trauer erwächst, die sich in wechselseitiger Verbundenheit und Solidarität verwandeln lässt in neu Hoffnung und neues Leben.“6]

Wat hu mir elo dovun? Ech denken, dass mir eis an och eis haiteg Situatioun vun der Kierch duerchaus an des Gedankewelt kënnen era projezéieren. Villes ass an deene leschte Joren zu Broch gaangen. Vill Traditiounen si verluer. Munch Tempelen sinn och fir eis zerstéiert. An awer geet et fir eis weider. Wa mir dem Jesus seng Wierder aus dësem klengen Evangelientext eescht huelen, da wësse mir, dass mir eng Mamm hunn. Virun eis gouf et Gemeinschaften, déi eis bis haut ee Wee am Glawen virgezeechent hunn. D’Maria ënnert dem Kräiz steet fir eis Relatioun zu deem, wat virun eis war. De Jünger, deen de Jesus gär hat, si lo mir. Mir hunn eng Verantwortung iwwerdroe kritt, fir engersäits dat Aalt ze schätzen an ze schützen, dann awer fir mat neiem Mutt a mat grousser Kraaft an d’Zukunft ze goen. Mir sinn déi Kanner, déi hier Wuerzelen an der Geschicht hunn, déi awer net do stoe bleiwen, mä no vir ginn. Mat Merci kucke mir op dat, wat war. Mat Vertrauen an Hoffnung kucke mir op dat, wat kënnt.

„Maria, Zeeche vun Hoffnung an Trouscht!“, sou steet et als Motto dëst Joer iwwer der Oktav. Wichteg ass wuel heibäi, dass mir d’Richtungen richteg gesinn. Am Evangelium ass et net d’Maria, déi de Wee ugëtt, mä de Jesus. Et ass och net d’Maria, déi de Johannes ophëlt fir no him ze kucken, mä grad eben ëmgedréint. De Johannes soll, beoptraagt vum Jesus, an déi nei Zäit goen an dann awer d’Mamm, also déi, déi virun eis do waren, net vergiessen. D’Maria ass net déi, déi handele soll, mä de Johannes. Wa mir d’Evangelium eescht huelen, da musse mir haut handelen an eis asetzen. Mir mussen eis als gutt Kanner vun eiser Mamm beméien, d’Botschaft vu Christus ze liewen a weider ze droen.

2] Vgl.: https://publikationen.uni-tuebingen.de/xmlui/bitstream/handle/10900/105135/Bieberstein_046.pdf?sequence=1&isAllowed=y. Den Artikle ass erschéngen: Bieberstein, Sabine, Trost (Joh 19,25-27), In: Jessen, Dietlinde (Hrsg.): Entdeckungen : ungewöhnliche Texte aus dem Neuen Testament ; Grundlagen - Auslegungen - kreative Zugänge. - Stuttgart : Verlag Katholisches Bibelwerk, 2003. - S. 206-212. Ebd. S,. 206f.
3] Vgl. heizou ebd. S. 207.
4] Vgl. ebd. S. 209.
5] Vgl. ebd. S. 210.
6] Ebd. S. 210.

Fürbitten

Eisen Här Jesus huet eis an d’Welt geschéckt, fir dass mir vun senger Léift erzielen. Mat eise Froen a Gebieder dierfe mir elo virun hien trieden an him eis Uleies virdroen:

  • Här Jesus, looss d’Kierch nom Beispill vun der Maria iwwerall op der Welt fir hier Memberen suergen, si an der Léift stäerken an si hiféieren zu enger echter Eenheet am Glawen. Christus, héier eis.
  • Hëllef alle Chrëschten Vertrauen ze gewannen an de Stonnen vu Préiwung a Verzweiwlung an dech an deng Botschaft. Christus, héier eis.
  • Schenk alle Kranken, allen déi eleng sinn, allen déi Angscht hunn, deng Zouwendung an däin Trouscht. Christus, héier eis.
  • Huel all eis Verstuerwen bäi dech a looss si do mat Maria, eiser Tréischterin, an dengem Liicht liewen. Christus, héier eis.

Baarmhäerzege Gott, du hëls eis Mënschen un. Hal eis an dir gebuergen a begleet eist Liewen mat dengem Seegen, elo an ëmmer. Amen.

II. (5. Ouschtersonndeg)

Puisque Jésus se présente à nous comme «le Chemin, la Vérité et la Vie», et puisque croire en lui nous donne accès au Père, adressons-lui nos demandes en toute confiance pour les besoins de notre monde.
Seigneur Jésus, conduis-nous vers le Père.
– Prions pour les ministres de notre Église; que tous ceux et celles qui ont reçu la grâce d’annoncer les merveilles et les bienfaits de la résurrection demeurent fidèles à la parole de Dieu afin qu’elle soit connue et aimée davantage.
– Prions pour les personnes qui siègent aux divers gouvernements du monde; qu’à l’invitation du Christ, elles soient des pierres vivantes dans la construction d’une société plus juste et plus humaine.
– Prions pour les jeunes; que l’Esprit Saint suscite autour d’eux des témoins authentiques qui leur donnent le goût de Dieu et de sa parole bienfaisante.
– Prions pour les membres de nos communautés chrétiennes; qu’ils soient conscients de l’importance de leur témoignage pour la vie du monde.
Dieu notre Père, toi que nous apprenons à connaître par les liens que nous développons avec ton Fils, daigne accueillir nos demandes et y répondre avec bonté, par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen.
(https://fr.novalis.ca)

Gowegebiet

Här, looss d’Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen,
dass se duurch séng Kraaft zum Läif an zum Blutt gi vun déngem Sonn.
Hien huet vu Maria eis Mënschennatur ugeholl.
An dëser helleger Feier soll hien äis säi gëttlecht Liewe schenken.
Duefir biede mer duurch hien, Christus, eisen Här. Amen.

Seignuer, fais que nos offrandes deviennent par la puissance de l’Esprit Saint,
le corps et le sang de ton Fils unique, Jésus Christ notre Seigneur;
Dans le sein de la Vierge Marie il a pris notre humanité;
Qu’il daigne, par ce sacrement, nous donner part à sa divinité. Lui qui.

Héichgebiet

Präfatioun (aus der Mass vun der Tréischterin vu Kevelaer)
In Wahrheit ist es würdig und recht,
dir, Herr, heiliger Vater, immer und überall zu danken
und dich bei der Gedächtnisfeier
der seligen Jungfrau Maria, der Trösterin der Betrübten,
mit gebührendem Lob zu besingen.
Sie hat dein Wort mit unbeflecktem Herzen aufgenommen,
in jungfräulichen Schoß empfangen,
und indem sie den Schöpfer gebar, den Anfang der Kirche begründet.
Unter dem Kreuz ihres Sohnes
hat sie das Testament seiner göttlichen Liebe empfangen
und alle Menschen als Söhne angenommen,
die durch Christi Tod ewiges Leben erlangten.
Sie wurde zum Bild der betenden Kirche,
als sie ihr Flehen mit den Bitten der Jünger vereinte,
als die Apostel auf die Ankunft des Geistes harrten, den du verheißen hast.
Erhöht zur Herrlichkeit des Himmels,
begleitet sie die pilgernde Kirche mit mütterlicher Liebe
und lenkt ihre Schritte zur ewigen Heimat,
bis der gloreiche Tag der Ankunft Christi hereinbricht.
Darum preisen wir jetzt und in Ewigkeit dein Erbarmen
und singen mit den Chören der Engel den Hochgesang von deiner Herrlichkeit:

Sanctus ...

Ja, du bist heilig, großer Gott, du bist der Quell aller Heiligkeit. 
Darum bitten wir dich: 
(an Sonntagen:) 
Darum kommen wir vor dein Angesicht
und feiern in Gemeinschaft mit der ganzen Kirche
den ersten Tag der Woche als den Tag,
an dem Christus von den Toten erstanden ist.
Durch ihn, den du zu deiner Rechten erhöht hast, bitten wir dich:

Sende deinen Geist auf diese Gaben herab und heilige sie,
damit sie uns werden Leib und Blut deines Sohnes, unseres Herrn Jesus Christus.

Denn am Abend, an dem er ausgeliefert wurde
und sich aus freiem Willen dem Leiden unterwarf,
nahm er das Brot und sagte Dank, brach es,
reichte es seinen Jüngern und sprach:

Nehmet und esset alle davon:
Das ist mein Leib, der für euch hingegeben wird. 

Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum,
reichte ihn seinen Jüngern und sprach:

Nehmet und trinket alle daraus:
Das ist der Kelch des neuen und ewigen Bundes,
mein Blut, das für euch und für alle vergossen wird zur Vergebung der Sünden.
Tut dies zu meinem Gedächtnis.

Geheimnis des Glaubens. 
Deinen Tod, o Herr, verkünden wir, 
und deine Auferstehung preisen wir, 
bis du kommst in Herrlichkeit.

Darum, gütiger Vater, feiern wir das Gedächtnis des Todes
und der Auferstehung deines Sohnes und bringen dir so das Brot des Lebens
und den Kelch des Heiles dar.

Wir danken dir, dass du uns berufen hast, vor dir zu stehen und dir zu dienen. 
Wir bitten dich: Schenke uns Anteil an Christi Leib und Blut
und lass uns eins werden durch den Heiligen Geist.

Gedenke deiner Kirche auf der ganzen Erde und vollende dein Volk in der Liebe,
vereint mit unserem Papst Franziskus, unseren Bischöfen, Priestern und Diakonen
und mit allen Frauen und Männern, die zum Dienst in der Kirche bestellt sind. 

Gedenke (aller) unserer Brüder und Schwestern,
die entschlafen sind in der Hoffnung, dass sie auferstehen.
Nimm sie und alle, die in deiner Gnade aus dieser Welt geschieden sind,
in dein Reich auf, wo sie dich schauen von Angesicht zu Angesicht. 

Vater, erbarme dich über uns alle,
damit uns das ewige Leben zuteil wird in der Gemeinschaft
mit der seligen Jungfrau und Gottesmutter Maria,
mit deinen Aposteln und mit allen,
die bei dir Gnade gefunden haben von Anbeginn der Welt,
dass wir dich loben und preisen durch deinen Sohn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Amen.

Vers zur Kommunioun

Preiset den Herrn, unseren Gott: Er erhöht die Niedrigen. Die Hungernden beschenkt er mit seinen Gaben und läßt die Reichen leer ausgehen.
Louons le Seigneur notre Dieu: il élève les humbles. Il comble de biens les affamés, renvoie les riches les mains vides.

Schlussgebiet

Härgott, du hues all Muecht: Am Sakrament, dat mer emfaang hun,
verkënnege mer den Doud an d’Operstoë vun déngem Sonn.
Gëf äis d’Kraaft, fir mat sénger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen
an d’Leed vun hirem Sonn ze delen, fir datt mer och deelhun u séngem Operstoën.
Duefir biede mer duurch hien, Christus, eisen Här. Amen.

Nous t’en prions, Seigneur notre Dieu,
nous qui annonçons dans ce sacrement la mort et la réssurection de ton Fils,
accorde-nous d’être unis à ses souffrances
comme la beinheureuse Vierge Marie, sa mère,
pour recevoir avec elle toute consolation dans la gloire. Par Jésus.


Mass vum 30. Abrëll
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 14. Mee

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement