5. Ouschtersonndeg B - 1./2.5.2021 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! «Op eemol war alles anescht...», ass d’Thema vun eiser Muttergottesoktav vun dësem Joer. Zënter engem Joer huet sech Villes bäi eis geännert. Villes ass wierklech anescht ginn. D’Pandemie huet eis gewisen, wéi ufälleg mir och an eiser moderner Zäit sinn. Et war vun engem Dag op den aneren alles anescht. Et ass eppes geschitt, dat mir eis net erwaart haten. Mä grad des Krankheet léist eis un déi Zäiten zeréck denken, wou d’Mënschen och a schwéierer Nout waren a wou si bäi wäitem net déi medezinesch Méiglechkeeten haten, déi mir haut hunn. Deemools hunn si sech an eiser Géigend un d’Maria, d’Mamm vum Jesus, d’Tréischterin am Leed gewannt an si ëm Hëllef ugeruff. Wa mir haut hei zesumme sinn, da solle mir vläicht dankbar sinn, dass mir dach awer scho munch Hëllef hunn. Niewent der Fro ëm weider Hëllef kënne mir och trotz der Krankheet eise Merci viru Gott bréngen. Loosse mir eis dofir haut um Fest vun eiser Tréischterin opmaachen fir d’Botschaft vum Jesus. Soe mir eise Merci a ruffe mir säin Erbaarmen un.

* Här Jesus Christus, du bass Mënsch ginn vun der Maria, eiser Tréischterin am Leed. Här, erbaarm dech eiser.
* Här Jesus Christus, du hues um Kräiz d’Maria och eis zur Mamm ginn. Christus, erbaarm dech eiser.
* Här Jesus Christus, du lauschters ëmmer nees op d’Virsprooch vun der Maria, eiser grousser Patréinesch. Här, erbaarm dech eiser.

Dagesgebiet

Härgott, eise Papp, du bass baarmhäerzeg, du gëss äis all Trouscht:
däi Sonn huet um Kräiz Maria, seng Mamm, och äis zur Mamm ginn.
Lauschter op eis Patréinesch, déi fir äis schwätzt,
a schenk äis an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef.
Duerfir biede mer duerch Jesus Christus, däi Sonn,
eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.

Liesungen vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27

Lesung aus dem Buch Jesaja.
Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o Erde, freut euch, ihr Berge! Denn der HERR hat sein Volk getröstet und erbarmt sich seiner Armen. Doch Zion sagt: Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen. Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht. - Spruch des Herrn.

R. Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr.
Wie liebenswert ist deine Wohnung, du HERR der Heerscharen! +
Meine Seele verzehrt sich in Sehnsucht*
nach den Höfen des HERRN.
Mein Herz und mein Fleisch, *
sie jubeln dem lebendigen Gott entgegen. R
Selig, die wohnen in deinem Haus, *
die dich allezeit loben.
Selig die Menschen, die Kraft finden in dir, *
die Pilgerwege im Herzen haben. R
Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft *
und erscheinen vor Gott auf dem Zion.
Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen *
als tausend andere. R
Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild. *
Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit.
Nicht versagt er Gutes denen, die rechtschaffen wandeln. *
HERR der Heerscharen, selig der Mensch, der auf dich sein Vertrauen setzt! R

Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeind ein Korinth.
Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.

Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit standen bei dem Kreuz Jesu seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.

Priedegt

Léif Matchrëschten! Mir feieren haut d’Fest vun eiser Landespatréinësch, der Tréischterin am Leed. D’Thema vun der Oktav dëst Joer ass: „Op eemol war alles anescht!“ Jo effektiv war deemools fir d’Maria alles anescht an och fir déi Mënschen, déi sech zum Jesus spéiderhi bekennen, war alles anescht. Eise Glawen setzt aner Ziler a Gedanken an des Welt. Mä Villes, wat mir esou als Glawen bekennen ass dann dach zimmlech komplizéiert. Munches ass eis och ganz friem, eben anescht, wéi dat, wat mir am allgemengen liewen.

Grouss Schwieregkeeten bereet eis haut jo och déi Ausso am Glawensbekenntnis, déi d’Maria betrëfft, well si eben esou anescht ass wéi dat, wat eis Welt haut lieft: „Jesus Christus, ... empfangen durch den Heiligen Geist, geboren von der Jungfrau Maria.“ Hei si gläich zwou Aussoen gemaach, déi eis zimmlech komplex virkommen. Do ass d’Empfängnis duerch de Geescht vu Gott an dann eben d’Gebuert duerch d’Jongfra Maria. Des Aussoen bereeden eis extreemt Kappzerbrieches. Si si dach am héchste Moos net kompatibel mat eisem Verständnis vun der Welt vun haut, jiddefalls net op deen éischte Bléck. Ech schécken viraus, dass ech perséinlech des zwee Glawensartikelen kengesfalls als eng biologesch Realitéit gesinn. An ech wëll och guer net iwwert biologesch Tatsaachen an dësem Punkt diskutéieren. Ech denken, déi sinn an eisem wëssenschaftlechen Verständnis vun der Welt haut gekläert. Et ass duerchaus esou, dass a fréieren Zäiten des Aussoen wuertwiertlech verstane goufen. Et ass awer och genausou kloer, dass deemools op den Konzilien vun der Urkierch, wéi eis Glawensbekenntnisser formuléiert goufen, des Sätz duerchaus net als reng a platt biologesch Tatsaachen gesinn goufen. Dofir ass d’Thema vill ze vill héich theologesch.

Et muss een de Grond fir des Formuléierungen kucken. Wat wollten d’Chrëschten deemools soen? Eigentlech geet et an alleréischter Linn an och eenzeg an eleng hei an dësem Deel vum Credo ëm de Jesus. An eben dëse Jesus gouf vun Ufank un als Mënsch mä eben och als Gott gesinn. Wéi kritt een awer des béid Dimensiounen vun der Mënschlechkeet a vun der Gëttlechkeet an eng eenzeg Persoun? Dorëms geet et. Wéi ka Gott an engem Mënsch an des Welt kommen? Wier de Jousef de biologesche Papp vum Jesus, da wier dee kengesfalls Gott. Deemools war d’Wëssen iwwert Zeugung an d’Gebuert jo nach ee ganz anert wéi eist Wëssen haut. Eenzeg an eleng de Papp huet d’Liewen weiderhin. D’Mamm war nëmmen souzesoen de „Brutkasten“ fir dat neit klengt Kand. Deemno kann de Jousef net Papp sinn, well soss wier de Jesus een einfache Mënsch. Mat aneren Wierder de Jesus huet missten een aneren Papp hunn. Ech ka mir et nëmmen esou denken, dass einfach eng Entscheedung geholl gouf, déi an d’Weltbild an an d’Wëssen vun deemools eragepasst huet an déi weder Diskussioun nach Zweiwel zougelooss huet iwwert d’Gëttlechkeet vum Jesus. Dofir huet den Hellegen Geescht bäi der Empfängnis missten intervenéieren.

Déi zweet Ausso betrëfft jo dann d’Maria direkt. Et ass vun der Jongfra Maria rieds. Wat soll dat heeschen? Och hei ass weder deemools nach haut eng biologesch Tatsaach gemengt. Dat zweet Konzil vu Konstantinopel am Joer 553 definéiert d’Maria als „immerwährend jungfräulich“, also virun, wärend an no der Gebuert vum Jesus. Och deemools woussten si an si waren sech do ganz kloer bewosst, dass dat biologesch gesinn eng paradox Ausso wier, fir d’Maria als Jongfra an als Mamm ze gesinn. Schonn deemools also konnt et nëmmen esou sinn, dass d’Iddie vun der „immerwährenden Jungfräulichkeit“ eng reng spirituell Iddie war an ass. Jongfralechkeet bedeit ganz einfach, dass sech d’Maria ganz ënnert de Wëllen vu Gott gestalt huet. Si huet hiert Liewen ganz fir Gott ginn. Si huet sech total, mat hirem Wiesen an den Déngscht vu Gott gestalt. Näischt aneres wëll des Iddie soen. An dëser Iddie schwéngt sécherlech eng ganz altertëmlech Virstellung vun der Fra mat. Wéi schonn virdrun gesot, war d’Fra an d’Mamm just do fir d’Kand, dat vum Mann „gezeugt“ gouf, an sech ze droen an him Gebuergenheet an deenen éischten Méint vun senger Existenz ze ginn. D’Fra hat an dëser Optik eng reng dréngend Funktioun. D’Maria huet sech also grad eben an dëser Gedankewelt ganz an den Déngscht vu Gott bezéiungsweis vum Jesus gestalt. Wéi gesot, dat ass net eis Gedankewelt. Dat ass net eis Siicht vum Verhältnis tëschent Mann a Fra. Mä et ass eben och keng biologesch Ausso weder deemools nach haut. Mir kënnen eis iwwert esou eng Ausso am Credo haut lëschteg maachen. Dat weist awer dann och nëmmen just, dass mir net versicht hunn ze verstoen, wat d’Chrëschten deemools wollten ausdrécken. Wann ech dat awer bis verstanen hunn, da kann ech ganz gutt liewen mat dësen Aussoen, da kann ech si net nëmmen einfach an der Mass mat bieden, mä da kann ech si och gleewen.

Nach ee leschten Gedanken: Egal wéi a wat mir eis virstellen, Gott gëtt Mënsch am Jesus an d’Maria ass bereet fir sech als Mamm fir de Jesus hier ze ginn an him hiert Liewen ze schenken. Si mécht sech op net nëmmen fir ee Mënsch, mä och fir eng Aufgab a fir eng Botschaft. Si léist Gott an hiert Liewen. Si orientéiert hiert weidert Liewen u Gott. Si empfänkt Gott an hirem déifsten Wiesen. Si ass awer fräi an hirer Entscheedung. Si gouf net gezwongen. Si huet an aller Fräiheet hiert Jo-Wuert zu dësem Wee gesot. Och dat ass Jongfralechkeet, des fräi Entscheedung fir dee Wee mat Gott a mat Jesus Christus. D’Maria ass net ouni Wëllen. Si léist sech uschwätzen fir matzeschaffen un enger Saach, déi si zwar eréischt lues a lues begräift, mä déi si awer mat klorem Jo kann ugoen, well si erkennt, dass Gott nëmmen duerch Mënschen an eiser Welt wierkt. Sinn och mir bereet eis esou an den Déngscht vu Gott ze stellen? Si mir bereet fir Gott duerch eis an der Welt vun haut wierken ze loossen? Empfänken och mir Jesus Christus a loosse mir hien nei gebuer ginn an eiser Welt vun haut? Amen.

Fürbitten

D’Maria ass d’Mamm vum Jesus. Si war seng éischt Jüngerin. Matt Vertrauen dierfe mir eist Gebiet un de Jesus hire Jong riichten:

  • Här Jesus, Erléiser vun der Welt, schenk op d’Firsprooch hin vun denger Mamm Maria eis an der ganzer Schëpfung Undeel un denger Herrlechkeet. Christus, héier eis.
  • Här Jesus, Erléiser vun der Welt, d’Maria huet mat groussem Courage hiert Liewen an dengem Déngscht ugeholl. Erwäch och an den Häerzer vun de Chrëschten vun haut dëse Courage fir en festen Asaz an dengem Déngscht. Christus, héier eis.
  • Här Jesus, Erléiser vun der Welt, deng Mamm huet fir Fridden an hirem Ëmkrees gesuergt. Schenk och eiser Welt vun haut Fridden. Christus, héier eis.
  • Här Jesus, Erléiser vun der Welt, du hues deng Mamm an deng Herrlechkeet opgeholl. Huel all eis Verstuerwen bäi dech a maach si glécklech. Christus, héier eis.

Här, eise Gott, du hues Grousses un der Maria gemaach an si eis zum Virbild geschenkt. Erhéier eis Gebieder, déi mir op hir Firsprooch hin un dech riichten. Mir luewen an éieren dech duerch Christus eise Brudder an Här. Amen.

Gowegebiet

Här, looss d’Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen,
a maach se zum Läif an zum Blutt vun dengem Sonn.
Hien huet vu Maria eis Mënschennatur ugeholl.
An dëser helleger Feier soll hien äis säi gëttlecht Liewe schenken.
Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.

Schlußgebiet

Härgott, du hues all Muecht:
Am Sakrament, dat mer empfaangen hunn,
verkënnege mer den Doud an d’Operstoe vun dengem Sonn.
Gëff äis d’Kraaft, fir mat senger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen
an d’Leed vun hirem Sonn ze deelen,
fir datt mer och deelhuelen u sengem Operstoen.
Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.


Mass vum 25. Abrëll
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!
Mass vum 25. Abrëll

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement