5. Ouschtersonndeg C - 14./15.5.2022 - Héichfest vun der Tréischterin am Leed


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! Dëse WE feiere mir d’Héichfest vun eiser Tréischterin am Leed. D’Fest ass eigentlech um Samschdeg vun der 4. Ouschterwoch, also dëst Joer de 14. Mee. „D’Schéinheet vum Glawen“ ass Thema vun der Oktav. Vläicht ass dat ee gutt Thema, fir emol nozedenken iwwer eise Glawen. Ganz dacks maache mir eis jo net esou déif Gedanken dozou. Villes maache mir aus Traditioun, well mir et esou geléiert haten. Villes awer och stéiert eis dorun a well et eis an eisem moderne Liewen net méi schenkt ze passen, vergiesse mir et. De Glawen an seng Fester sinn zum gudden Deel un de Rand vun eiser Gesellschaft vun haut geroden. D’Schéinheet vum Glawen mat der Andeelung vum Joer a besonnesch Zäiten a Fester kann eis awer och uleeden eist Liewen ze organiséieren. An da sinn all des Fester an Deeg an dem Zyklus vum Kierchejoer och eng Erënnerung u Mënschen an Ereegnisser, déi bis haut eist Liewen prägen. Doriwwer nozedenken, deem no ze goen, ass a mengen Aen schonn eppes Wichteges. Froe mir eisen Här ëm seng Hëllef a Begleedung, sou dass mir dorausser Kraaft schäffen fir eist Liewen vun haut.

* Här, Jesus Christus, um Kräiz hues eis deng Mamm zur Mamm ginn.
* Här, Jesus Christus, deng Mamm trëtt bäi dir fir eis an.
* Här, Jesus Christus, du schenks eis duerch si däin Trouscht.

Dagesgebiet


Härgott, eise Papp, du bass baarmhäerzeg,
du gëss äis all Trouscht:
däi Sonn huet um Kräiz Maria, seng Mamm,
och äis zur Mamm ginn.
Lauschter op eis Patréinesch, déi fir äis schwätzt,
a schenk äis an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef.
Duerfir biede mer duerch Jesus Christus, däi Sonn,
eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här ass an all Éiwegkeet. Amen.

Liesungen vum Fest vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27

Lesung aus dem Buch Jesaja.
Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o Erde, freut euch, ihr Berge! Denn der HERR hat sein Volk getröstet
und erbarmt sich seiner Armen. Doch Zion sagt: Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen. Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht.

R.: Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr.
2 Wie liebenswert ist deine Wohnung,
du HERR der Heerscharen!
3 Meine Seele verzehrt sich in Sehnsucht
nach den Höfen des HERRN.
Mein Herz und mein Fleisch,
sie jubeln dem lebendigen Gott entgegen.

5 Selig, die wohnen in deinem Haus,
die dich allezeit loben.
6 Selig die Menschen, die Kraft finden in dir,
die Pilgerwege im Herzen haben.

8 Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft
und erscheinen vor Gott auf dem Zion.
11 Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen
als tausend andere.

12 Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild.
Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit.
Nicht versagt er Gutes denen, die rechtschaffen wandeln.
13 HERR der Heerscharen, selig der Mensch,
der auf dich sein Vertrauen setzt!

Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.
Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus, der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes. Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben, alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost, mit dem auch wir von Gott getröstet werden. Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind, so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil. Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil. Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost; er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden. Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich, denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.

Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit, Mutter der Hoffnung und der Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
In jener Zeit standen bei dem Kreuz Jesu seine Mutter und die Schwester seiner Mutter, Maria, die Frau des Klopas, und Maria von Magdala. Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte, sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn! Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter! Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.

Lecture du livre du prophète Isaïe.
Cieux, criez de joie ! Terre, exulte ! Montagnes, éclatez en cris de joie ! Car le Seigneur console son peuple ; de ses pauvres, il a compassion. Jérusalem disait : « Le Seigneur m’a abandonnée, mon Seigneur m’a oubliée. » Une femme peut-elle oublier son nourrisson, ne plus avoir de tendresse pour le fils de ses entrailles ? Même si elle l’oubliait, moi, je ne t’oublierai pas.

R.: Heureux les habitants de ta maison, Seigneur!
De quel amour sont aimées tes demeures, Seigneur, Dieu de l’univers !
Mon âme s’épuise à désirer les parvis du Seigneur ; *
mon coeur et ma chair sont un cri vers le Dieu vivant !

Heureux les habitants de ta maison :
ils pourront te chanter encore !
Heureux les hommes dont tu es la force :
des chemins s’ouvrent dans leur coeur ! R

Ils vont de hauteur en hauteur,
ils se présentent devant Dieu à Sion.
Oui, un jour dans tes parvis en vaut plus que mille.
J’ai choisi de me tenir sur le seuil, dans la maison de mon Dieu, *
plutôt que d’habiter parmi les infidèles. R

Le Seigneur Dieu est un soleil, il est un bouclier ; *
le Seigneur donne la grâce, il donne la gloire.
Jamais il ne refuse le bonheur à ceux qui vont sans reproche.
Seigneur, Dieu de l’univers, heureux qui espère en toi ! R

Lecture de la deuxième lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens.
Frères, béni soit Dieu, le Père de notre Seigneur Jésus Christ, le Père plein de tendresse, le Dieu de qui vient tout réconfort. Dans toutes nos détresses, il nous réconforte ; ainsi, nous pouvons réconforter tous ceux qui sont dans la détresse, grâce au réconfort que nous recevons nous-mêmes de Dieu. En effet, de même que nous avons largement part aux souffrances du Christ, de même, par le Christ, nous sommes largement réconfortés. Quand nous sommes dans la détresse, c’est pour que vous obteniez le réconfort et le salut ; quand nous sommes réconfortés, c’est encore pour que vous obteniez le réconfort, et cela vous permet de supporter avec persévérance les mêmes souffrances que nous. En ce qui vous concerne, nous avons de solides raisons d’espérer, car, nous le savons, de même que vous avez part aux souffrances, de même vous obtiendrez le réconfort.

Alléluia. Alléluia. Nous te saluons, Mère de miséricorde, Mère d’espérance et de la grâce, Vierge Marie. Alléluia.

Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean.
En ce temps-là, se tenaient près de la croix de Jésus sa mère et la sœur de sa mère, Marie, femme de Cléophas, et Marie Madeleine. Jésus, voyant sa mère, et près d’elle le disciple qu’il aimait, dit à sa mère : « Femme, voici ton fils. » Puis il dit au disciple : « Voici ta mère. » Et à partir de cette heure-là, le disciple la prit chez lui.

Priedegt (15.5.2022)

Léif Matchrëschten! An der Liesung aus dem zweete Bréif un d’Leit vu Korinth schwätzt de Paulus vum „Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes”, „le Père plein de tendresse, le Dieu de qui vient tout réconfort”. Op den éischte Bléck, a sécherlech an den Aen vu munche Kritiker vun der Relioun, kéint een duerch eis Liesung an der Meenung bestätegt ginn, dass dat Ganzt just ee rengt Vertréischte wier. D’Leed an d’Nout an der Welt musse mir unhuelen an et gëtt nëmmen déi Léisung, dass Gott eis iergendwann fräi mécht vun all deem an dat eben an der anerer Welt bäi him.

Wann een dat esou denkt, dann hunn ech scho meng grouss Schwieregkeeten. Geet et hei wierklech nëmmen em ee Vertréischten op besser Zäiten? Ass dat alles, wat eis Relioun ze bidden huet?

Mir musse wëssen, dass eis Liesung op Griichesch geschriwwen ass. Dat Wuert, dat mir haut héieren hunn op däitsch “Trost”, huet an der griichescher Sprooch awer eng vill méi grouss Bedeitung wéi just Trouscht. Munch Iwwersetzer vun der Bibel huelen dofir och een anere Begrëff nämlech “Ermutigung”. Och wann eis Iwwersetzung hei mat “Trouscht” oder “tréischten” net falsch ass, sou musse mir gesinn, dass dat Wuert, wat de Paulus benotzt, ee gréisseren Hannergrond huet. Hannert dem griicheschen Wuert steet och een hebräescht Wuert, dat mir vun enger ganz prominenter Platz am AT kennen. Beim Prophet Jesaja heescht et: “Tröstet, tröstet mein Volk, spricht euer Gott.” (Jes 40,1) De Walter Klaiber schreift heizou, dass dee Saz net géif heeschen: “Helft meinem Volk über den Verlust seiner Heimat und seines Heiligtums hinweg”, sondern: “Macht meinem Volk Mut”. Dat wëll deemno soen, dass den Trouscht net einfach nëmmen eng Stäip ass an enger Situatioun, déi kaum Auswee huet, mä dass Gott mat senger Hëllef agräift an aus der Nout an aus dem Doud erausféiert. Gott gëtt de Mënschen Mutt, sech op ze riichten an hier Nout hannert sech ze loossen.

Mutt maachen, Kraaft ginn, dat ass eppes, wat de Mënsch erhieft, sou dass hien erëm nei kann säi Liewen liewen. Fir mech ass et wichteg dat hei esou ze gesinn. Gott gëtt mir Kraaft a Mutt, dass ech selwer kann an der Welt eppes erreechen. Am weideren Text vun der Liesung geet et jo dann drëm, dass mir, déi mir Trouscht oder Mutt kritt hunn, déi Kraaft och weider ginn, dass mir selwer also Mutt maachen an hëllefen, dass et besser geet an der Welt.

Eis Muttergottesoktav steet ënner dem Thema: “D’Schéinheet vum Glawen”. Glawen ass a mengen Aen net schéin, wann hie just vertréischt, wann hie just op eng ausgläichend Gerechtegkeet bäi Gott verweist. Glawe gëtt schéin, wann hien de Mënschen Mutt mécht, elo an der Welt, wou si liewen, nei Kraaft, neien Elan ze fannen. Eise Glawen ass net nëmmen eng Übung an der Frëmmegkeet. Eise Glawen ass ee konkret Handelen an der Welt vun haut.

D’Maria, eis Patréinesch, déi mir feieren, dréit den Titel “Tréischterin am Leed”. Hei kéint ee wuel elo och déi aner Iwwersetzung uwenden a soen, dass d’Maria eis Mutt mécht, dass si eis nei Kraaft schenkt, dass si eis och opfuerdert selwer an des Welt anzegräifen an si zum Gudden hin ze veränneren. Ech denke schonn, dass mir net einfach esou dierfen dobäi stoe bleiwen, dass mir eis just tréischte loossen. Neen mir solle Kraaft schäffen fir ze handelen. Mir als Chrëschten hunn eng Missioun an dëser Welt. Déi besteet net einfach am Ubieden vu Gott. Si besteet am Asaz fir d’Mënschen an Nout. Et gehéiert wesentlech zu eisem Glawen, dass mir an eisem Liewen versichen d’Nout méi kleng ze maachen. D’Schéinheet vum Glawen weist sech, wa mir esou handelen, dass et de Mënschen besser geet. D’Schéinheet vum Glawen ass, dass mir de Mënschen Mutt maachen fir ze liewen. Ech wëll schléissen mat deenen zwee éischte Versen vun eiser Liesung an der Iwwersetzung vun der “Neier Genfer Iwwersetzung”: “3 Gepriesen sei Gott, der Vater unseres Herrn Jesus Christus! Denn er ist ein Vater, der sich erbarmt, und ein Gott, der auf jede erdenkliche Weise tröstet und ermutigt. 4 In allen unseren Nöten kommt er uns mit Trost und Ermutigung zu Hilfe, und deshalb können wir dann auch anderen Mut machen, die sich ebenfalls in irgendeiner Not befinden: Wir geben ihnen den Trost und die Ermutigung weiter, die wir selbst von Gott bekommen.“ (NGÜ) Amen.

Fürbitten

Eisen Här Jesus Christus, wëll eis net eleng loossen. Op d’Firsprooch vun senger Mamm biede mir zu him:

  • Schenk alle Mënschen d’Kraaft, hiert Liewen esou ze gestalten, dass si och hier Matmënschen kënnen mat liewe loossen.
Christus, héier eis.
  • Hëllef allen, déi eleng sinn an sech verloosse spieren, gutt Frënn ze fannen, déi hiert Liewen mat hinnen deelen.
Christus, héier eis.
  • Féier déi Mächteg vun dëser Welt, dass si Gedanke vum Fridden denken an d’Fräiheet vun de Mënschen uechten. Kuck ganz besonnesch op déi vill Mënschen an der Ukrain, déi an Nout sinn.
Christus, héier eis.
  • Lauschter op d’Gebieder an d’Froen vun deenen, déi sech an hirem Leed a Misär, an hirer Krankheet oder Trauer un dech wenden.
Christus, héier eis.
  • Looss all eis Verstuerwen deng Verspriechen vum éiwegen Liewen un sech erfueren. 
Christus, héier eis.

Här Jesus Christus, dir an dengem Papp gehéiert eise Merci fir all déi Suerg ëm eis Mënschen. Op d’Firsprooch vun eiser Tréischterin erhéier eis Gebieder. Mir luewen an éieren dech, elo an an all Éiwegkeet. Amen.

II.

Le commandement nouveau nous invite à partager toutes les joies et toutes les souffrances de notre monde. Qu’aujourd’hui, notre prière soit vraiment universelle.
Dieu de l’univers, écoute-nous.
– Pour l’Église, afin que sa parole et son action missionnaire soient partout dans le monde un ferment de paix et d’unité, prions le Seigneur.
– Pour tous les dirigeants politiques ou religieux, afin qu’ils privilégient toujours dans leur administration les appauvris, les exploités, les personnes malmenées par la vie, prions le Seigneur.
– Pour l’ensemble des baptisés, afin qu’ils s’ouvrent toujours davantage aux autres et se mettent à leur service, prions le Seigneur.
– Pour les personnes qui ne connaissent pas l’amour ou qui n’en connaissent que des déformations, prions le Seigneur.
– Pour tous les membres de notre communauté chrétienne, afin qu’ils saisissent toute la beauté et toute l’exigence de la Loi d’amour et prennent la décision d’en vivre, prions le Seigneur.
Seigneur, donne-nous la force de vivre pleinement ta loi d’amour et de reconnaître en chaque personne ton enfant bien-aimé. Nous te le demandons par Jésus, ton Fils, lui qui nous aime maintenant et pour les siècles. Amen.
(http://www.vieliturgique.ca)

Gowegebiet

Här, looss d’Kraaft vum Hellege Geescht
op eis Gowe kommen,
a maach se zum Läif an zum Blutt vun dengem Sonn.
Hien huet vu Maria eis Mënschennatur ugeholl.
An dëser helleger Feier soll hien äis
säi gëttlecht Liewe schenken.
Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.

Hochgebet - Maria


Präfation
Ja, wir haben allen Grund, dich, Gott, zu preisen
und zusammen mit Maria zu loben:
du erbarmst dich aller, die sich an dich wenden
und richtest die Erniedrigten auf.
Die Hungernden erfüllst du mit Gütern
und machst wahr, was du Abraham und Sara,
Isaak und Rebekka, Jakob, Rachel, Lea,
Elisabeth und Maria verheißen hast.
Daher stimmen wir vereint mit ihnen
und mit der ganzen Schöpfung
in das Loblied der Engel ein und singen:
Sanktus

Immer und immer wieder
wollen wir uns die Geschichte erzählen von dir, unserem Gott.
Du hast uns und unsere Welt geschaffen, uns kunstvoll und mit Liebe gestaltet.
Du hast uns gesegnet und uns verheißen, die leidende Schöpfung zu heilen.
An Jesus, deinem Sohn und unserem Bruder
ist sichtbar geworden, wie ernst du es mit uns meinst.

Seiner gedenken wir, wenn wir jetzt bitten und beten:
Sende deinen Heiligen Geist auf die Gaben von Brot und Wein,
damit sie uns Leib † und Blut unseres Herrn Jesus Christus werden.

Denn in der Nacht, in der Jesus verraten wurde
und sich aus freiem Willen dem Leiden unterwarf,
nahm er das Brot, sagte dir Dank, reichte es den Seinen mit den Worten:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON,
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.

Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch,
dankte wiederum und reichte ihn den Seinen mit den Worten:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES IMMER WÄHRENDEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Geheimnis des Glaubens

Guter Gott, dankbar wollen wir uns in dieser Stunde
an Jesus erinnern und wie er gelebt und gewirkt hat.
Den Blinden gab er das Augenlicht zurück,
dem Lahmen reichte er die Hand, Aussätzige schloss er in seine Arme.
Mit Hungernden teilte er sein Brot.
Weil er ganz aus dir, guter Gott, lebte, fürchtete er sich nicht vor den Mächtigen.
Sie aber fürchteten die Macht des Ohnmächtigen und kreuzigten ihn.
Du, Vater, hast Jesus aber von den Toten auferweckt,
hast seinen geschundenen Körper heil gemacht und uns damit gezeigt:
Nie werden vor dir die Menschen bestehen können,
die den Körper der anderen missachten und missbrauchen.

Guter Gott, wir danken dir auch für Maria:
An ihr hast du uns gezeigt, was wahre Liebe und Treue ist.
Sie lebte bescheiden und zurückgezogen als Mutter deines Sohnes.
Sie liebte dich als unsern Gott.
Sie war dir immer treu, selbst in der schmerzlichen Todesstunde
ihres Sohnes und unseres Herrn Jesus Christus.

Ihre Bescheidenheit, ihre Liebe und Treue
macht sie in unseren Augen groß.
Lass uns, wie Maria, stets offen sein
für dich und füreinander und dir allein dienen,
damit alle Menschen in Zufriedenheit leben können.

Vater im Himmel, wir bitten dich für unsere Kirche,
für unseren Papst Franziskus, unseren Bischof N.,
für alle Frauen und Männer, die ihr Vertrauen auf dich setzen:
Schenke ihnen jene Demut, Bescheidenheit und Größe,
die Maria ausgezeichnet hat.

Wir gedenken in dieser Stunde auch all der Menschen,
die wir geliebt haben und die gestorben sind.
Nimm sie in dein Reich des Glücks
und des immerwährenden Friedens auf.

Wenn unser irdisches Leben sein Ende findet,
dann lass auch uns in dir geborgen sein.

Zusammen mit der Gottesmutter Maria,
dem Zimmermann, dem hl. Josef,
deinen Aposteln, den Heiligen ... , unseren Namenspatronen
und allen heiligen Frauen und Männer
loben und preisen wir dich durch unsern Herrn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
(Quelle unbekannt)

Vater Unser

Am Gebiet, dat eisen Här Jesus eis geléiert huet, froe mir ëm eist deeglecht Brout. Dëst Gebiet soll och fir eis eng Opfuerderung sinn mat de Mënschen an Nout ze deelen, sou dass och si hiert deeglecht Brout kënnen genéissen: Vater Unser ...

Friddensgebiet

Trouscht schenken am Sënn vu mengen Priedegt Gedanken, kann och heeschen, dass mir eis konkret fir de Fridden an eiser Welt asetzen. Dacks kucke mir just no, wa Mënschen wéi am Moment an der Ukrain duerch ee Krich all Fräiheete geholl kréien. Eis chrëschtlech Missioun misst et sinn, fir selwer drun ze schaffen, dass erëm Fridden entsteet. Här Jesus Christus looss eis iwwerall antrieden fir de Fridden fir all Mënsch an dëser Welt.

Schlussgebiet

Härgott, du hues all Muecht:
Am Sakrament, dat mer empfaangen hunn,
verkënnege mer den Doud an d’Operstoe vun dengem Sonn.
Gëff äis d’Kraaft, fir mat senger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen
an d’Leed vun hirem Sonn ze deelen,
fir datt mer och deelhuelen u sengem Operstoen.
Duerfir biede mer duerch hien, Christus, eisen Här. Amen.


Mass vum 8. Mee
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement