|
5. Sonndeg am Joereskrees B - 6./7.2.2021
Léif Matchrëschten! „Ora et labora – biet a schaff“, dat ass Leetwuert vum Uerden vun de Benediktiner. Mä dëse Saz kann awer och fir eis all ee Leetwuert fir eis Liewe sinn. D’Schaffen, eis Aarbecht hëlt sécherlech méi Raum an eisem Liewen an wéi d’Rou oder esouguer d’Gebiet. Et ass dofir gutt, wa mir eis reegelméisseg e bëssi Zäit huelen an zur Rou kommen. Et ass och gutt, wa mir eis dann viru Gott stellen an him alles virleeën, wat eis am Moment beweegt, wat eis frou mécht an och wat eis traureg mécht. Loosse mir dat elo maachen. Huele mir eis eng Rei Momenter a gi mir an eis, fir ze kucken, wat eis um Häerz läit. Kyrie
Här Jesus Christus, Villes mécht eis frou a léist eis liewen. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Härgott, du suergs fir eis wéi eng Mamm fir hir Kanner. Mir setzen eist ganzt Vertrauen an dech a Bieden: Bleif béi eis a gudden an a béissen Deeg, a schütz eis an all Gefor. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här. Amen. Dans ton amour inlassable, Seigneur, veille sur ta famille ; et puisque ta grâce est notre unique espoir, garde-nous sous ta constante protection. Par Jésus Christ. Gott, unser Vater, wir sind dein Eigentum und setzen unsere Hoffnung allein auf deine Gnade. Bleibe uns nahe in jeder Not und Gefahr und schütze uns. Darum bitten wir durch Jesus Christus. Liesungen: Ijob 7, 1-4.6-7 / 1 Kor 9, 16-19.22-23 / Mk 1, 29-39 Lesung aus dem Buch Ijob. Kv Lobet den Herrn; er heilt die gebrochenen Herzen. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Christus hat unsere Leiden auf sich genommen, unsere Krankheiten hat er getragen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. Lecture du livre de Job. R/ Bénissons le Seigneur qui guérit nos blessures ! Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. Le Christ a pris nos souffrances, il a porté nos maladies. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Marc. Priedegt (2021)
Léif Matchrëschten! "Ist nicht Kriegsdienst des Menschen Leben auf der Erde?" "Vraiment, la vie de l’homme sur la terre est une corvée." D’Liesung vun dësem Sonndeg aus dem Buch Ijob ass schonn ganz däitlech. Si ass gepräägt vun der Nout an dem Leed vum Mënsch. An eisem Text vun der Liesung klot de Ijob net einfach nëmmen. Hie bréngt all seng Kloen viru Gott. Hie klot Gott selwer un. Wann ech un all déi mënschlech Nout an eiser Welt vun haut denken, wann ech all déi Mënsche gesinn, déi am gréisste Misär sëtzen, da kann ech verstoen, dass munch Mënschen net méi un ee Gott kënne gleewen, dee gutt a léif ass, dee gerecht ass. All dat, wat Mënschen heiansdo an hirem Liewe mussen erdroen, ass net grad witzeg. Do kann ee scho verstoen, dass si mat Gott ufänken ze streiden oder awer eben och ganz einfach zum Entschloss kommen, dass et iwwerhaapt kee Gott gëtt. De Ijob deit dem Mënsch säin Dosinn an dëser Welt zimmlech negativ als ee Krichsdéngscht, als eng "corvée". De Ijob mécht wuel d’Erfarung, déi vill Mënschen eben och haut maachen, dass si um absolutten Existenzminimum liewe mussen, jo ganz dacks och nach drënner. Mënschen, déi an esou enger existenzieller Nout musse liewen, hu wierklech all Dag Suergen, op si nach do eng Kéier erauskommen oder op si dat iwwerhaapt iwwerliewen wäerten. Si mussen Dag an Nuecht ëm hiert Liewe kämpfen. Dat ass scho wéi an engem Krich, wou een sech ëm säin Iwwerliewen muss beméien an andauernd an der Angscht muss sinn, am nächste Moment net méi do ze sinn. Ass dat net wierklech sënnlos sou ee Liewen ze féieren? Ass d’Liewen am Ganzen net sënnlos? "Nie mehr schaut mein Auge Glück." "Mes yeux ne verront plus le bonheur." Ass dat dat lescht Wuert, wat mir iwwer eist Liewe kënne soen? Ass alles sënnlos? Am Laf vun der Geschicht hu sech vill Mënschen genee déi Fro gestalt. Wat ass de Sënn vun eisem Liewen, vun eisem Dosinn an enger Welt, déi esou vill Misär bréngt? Et ass schonn erstaunlech, dass an eiser Bibel dës Thematik esou däitlech ugeschwat gëtt. D’Bibel verschount eis net mat dësen existenzielle Froen. Si verschweigt och net dee grousse Misär, d’Leed an d’Nout, déi d’Mënsche ploen. Si weist eis net nëmme Mënschen, déi wonnerbar aus der gréisster Nout a Krankheet gerett ginn. Si ass ganz einfach realistesch an der Aschätzung vun eisem mënschleche Lous an dëser Welt. Wa mir dann haut an eis Welt an Zäit erakucken, da musse mir soen, dass sech net allze vill geännert huet. Mir hei an de räiche Länner hunn natierlech eng enorm gutt Versuergung an alle Beräicher fir eis opgebaut. Mir haten zënter dem zweete Weltkrich och net méi allze vill Suergen an Nout. An awer si mir elo zënter bal engem Joer getraff vun enger Krankheet, déi einfach esou iwwert eis era gebrach ass an déi eist ganzt Liewen bestëmmt an aschränkt. Mir sinn an deene leschte Méint zeréck verwise ginn op eis eigentlech ganz fragil Konditioun. Mir sinn net d’Hären iwwer dës Welt a Schëpfung. Mir si mat all eiser Gescheitheet u Grenze gestouss, déi mir net méi um Schierm haten. Wat dat mat eis mécht gesi mir iwwerall. Do si Mënschen, déi sech beméien, fir eng Léisung um medezinesche Plang ze fannen. Do sinn awer och déi aner, déi alles leegnen an net wëlle wouer hunn. Do sinn déi vill, déi sech an hiert Schicksal erginn oder mussen erginn, déi stierwen, déi extrem krank ginn, déi hier berufflech Existenz verléieren an sou villes méi. Et ass dat, wat de Ijob hei beschreift. "Ist nicht Kriegsdienst des Menschen Leben auf der Erde?" "Vraiment, la vie de l’homme sur la terre est une corvée." Awer wéi do erausfannen? Vläicht kann eis d’Evangelium eng Piste ubidden? Hei gëtt eis erzielt vu Mënschen, déi krank sinn. De Jesus hëlleft a mécht gesonnt. Gutt, hien kann eis haut net duerch een Zaubertrick aus dëser Pandemie eraushëllefen. Och deemools huet hien net mat engem eenzegen Wuert oder Zeechen all Krankheeten an Noutsituatiounen vun de Mënsche geléist. Sou einfach war et net. Mech beweegen ëmmer nees esou Sätz, wéi och haut am Evangelium, wou et heescht: "Er trieb viele Dämonen aus." Wat sinn dës Dämonen? Sinn dat net dem Mënsch seng falsch Virstellungen, seng falsch Sécherheeten, seng Wënsch an Dreem, déi kee Bezuch hunn zur Realitéit vum echten an allgemengen mënschlechen Dosinn an der Welt? Mënschen, déi vun Dämonen besiess sinn, liewen an enger Parallelwelt. Si liewen an enger anerer Wierklechkeet. Si sinn ganz op sech an hier Wënsch bezunn. Ware mir dat net och an deene leschten Joerzéngten an eise räiche Länner? Sinn eis Dämonen net och déi gewiescht, dass mir net méi wollten wouer hunn, dass mir villfach an engem Scheinparadäis gelieft hunn, dass mir nëmmen nach just eis selwer, eise Profit an eisen Amusement kannt hunn? Ass d’Ausdreiwen vun den Dämonen duerch de Jesus net een Zeréckhuelen vun deene Mënschen an d’Realitéit vum eigentlechen Liewen? Dat echt mënschlecht Liewen ass net einfach. Et ass kee Spaass. Et ass kee Paradäis. D’Liewe muss all Dag nei erschafft ginn. Mir mussen eis all Dag nei beméien, fir all dat ze hunn, wat mir fir eisen Ënnerhalt brauchen. Net de Weekend mat senge Partien ass dat Eigentlecht vum Liewen mä d’Woch, d’Schaffdeeg, wou mir eis asetzen. De Ijob dréckt et drastesch aus. Et ass a sengen Aen ee Krichsdéngscht, ee "Frondienst", wéi een et och kann iwwersetzen. Awer genee dat ass nu mol eis Positioun an dëser Welt. Mir sinn ëmmer nees zudéifst nidder gedréckt, wa mir mengen et géif eis Onrecht geschéien. Mir fillen eis net wuel, zeréckgesat an ausgegrenzt. Dat ass e bëssi wéi d’Féiwer vun der Schwéiermamm vum Péitruss. Mir wëllen net schaffen an eis andauernd asetzen. Mä mir brauchen vläicht och méi dacks een, deen eis mat der Hand hëlt an opriicht: "Er fasste sie an der Hand und richtete sie auf. Da wich das Fieber von ihr und sie diente ihnen." Mir brauchen och elo an dëser Pandemie een, deen eis mat der Hand hëlt. Wéi wier, wa mir eis vläicht grad elo géigesäiteg, net real, mä virtuell bäi der Hand géifen huelen a gemeinsam opstoen. Eisen Déngscht ass elo gefrot. Eisen Asaz, och wann en eis schwéier fält, ass gefrot. Riichte mir eis géigesäiteg op a gi mir un d’Aarbecht. Da verschwënnt och d’Nout an d’Leed. Mir hunn et selwer also an der Hand. Jo och mir dierfen Gott ukloen fir de Misär, deen et villfach gëtt. An awer läit et och an eiser eegener ganz perséinlecher Verantwortung als fräi Mënschen, wat mir aus eisem Liewe maachen a wéi mir eis engagéieren an dëser Welt. De Jesus huet eis do ee Beispill ginn. Hien ass eis ee Virbild am Asaz ee fir deen aneren. Maache mir him et einfach no. Fürbitten
Eisen Här Jesus Christus, ass ni laanscht eng mënschlech Nout gaangen ouni ze hëllefen. Hie léist sech och haut vun eise Suergen beweegen. Dofir biede mir:
Dech, Här Jesus Christus luewen an éiere mir, elo an an all Éiwegkeet. Amen. II.
Dieu le Père a envoyé son Fils unique pour que le monde soit guéri et sauvé. Chaque personne a son lot de souffrances et a besoin de guérison. Tournons-nous vers celui qui peut nous visiter et nous pacifier encore aujourd’hui. Ô Seigneur, entends notre prière.
Dieu notre Père, tu as tout donné, tu as même voulu que ton Fils partage notre vie. Dans la foi, nous te demandons de recevoir notre humble supplication, par ce même Jésus, qui vit et règne avec toi dans l’unité du Saint-Esprit. Amen. Gowegebiet
Här eise Gott, du hues Brout a Wäin gemaach, fir eis Mënschen an dësem vergängleche Liewen Nahrung a Freed ze schenken. Maach des Gowen zum Zeechen, dat eis éiwegt Liewe bréngt. Dorëms biede mir duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Seigneur notre Dieu, tu as voulu choisir dans ta création le pain et le vin qui refont chaque jour nos forces: fais qu’ils deviennent aussi pour nous le sacrement de la vie éternelle. Par Jésus. Herr, wir bringen in Brot und Wein unsere Welt und unser Menschsein zu dir. Schenke uns deine Gegenwart in diesem geschwisterlichen Mahl, lasse uns von neuem spüren und erfahren, dass du mit uns sein willst. Schenke uns die Einheit mit dir. Amen. Hochgebet – „Gott befreit durch Christus“
Sanctus Ja, Vater, du bist der Quell des neuen Lebens, der Gabe des Geistes. Sende deinen Geist auf Brot und Wein herab, Denn am Abend, an dem er ausgeliefert wurde und sich aus freiem Willen dem Leiden unterwarf, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Vater, dankbar erinnern wir uns an alles, was Jesus in deinem Namen vollbracht hat: Mach uns eins mit ihm durch den Heiligen Geist zusammen mit allen, Lass uns die Gaben deiner Schöpfung und die Früchte unserer Arbeit heil bewahren Mit Maria und allen Heiligen versammle uns in deinem Reich, Denn durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Et ginn heiansdo Zäiten, wou mir et net fäerdeg bréngen, fir ee perséinlecht Gebiet ze soen. Dann ass et gutt, wa mir mat engem Gebiet aus dem Mond vun eisem Här Jesus selwer kënnen viru Gott trieden. Biede mir, wéi de Jesus eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Iwwer de Fridden gëtt vill geschriwwen a geschwat. Fridden muss awer gelieft ginn. Verzeien a Versönen, Neiufank a Gedold si Grondlagen fir de Fridden. Dofir biede mir: Här Jesus kuck net op eis Feeler. Kuck op eist Beméien a schenk eis all däi Fridden. De Fridde sief mat iech all. Schlussgebiet
Gudde Gott, du hues eis dat ee Brout an deen ee Kellech gereecht. Tu as voulu, Seigneur, que nous partagions un même pain et nous buvions à la même coupe: accorde-nous de vivre tellement unis dans le Christ que nous portions du fruit pou le salut du monde. Par Jésus. Guter Gott, in dieser Feier hast du uns Anteil geschenkt an deinem göttlichen Leben. Lass uns niemals von dir getrennt werden, sondern bewahre uns in deiner Liebe. Darum bitten wir durch Christus, unsern Herrn.
|