|
7. Ouschtersonndeg A - 20./21.5.2023
Léif Matchrëschten! Am Laf vun der Geschicht huet sech d’Kierch schonn en etlech Mol virwerfe misste loossen, dass dat, wat si géif vertrieden a verkënnegen, just eng Vertréischt op eng aner Welt wier, wou een dach ni kéint wëssen, op et dat iwwerhaapt gëtt. Sou betruecht huet eis Glawensgemeinschaft dann näischt ze bidden ausser ee wéineg “Opium” ze sinn, dat d’Vollek géif berouegen. Wa mir dann allerdéngs op de Jesus kucken, da kréie mir do eng Rei Beispiller gebueden, wou hien duerch Zeechen de Mënschen Gott méi no bréngt an och d’Léift vu Gott opliichte léist. Dem Jesus ass et net einfach esou ëm een Himmel gaangen. Hien wollt elo schonn, an dëser Welt, dass d’Mënschen zu Fridden a Gerechtegkeet, zu Léift a Baarmhäerzegkeet géife fannen. Seng Verkënnegung war konkret op dat geriicht, wat deem Moment do war. De Mënsch an sengem Alldag war d’Zil vun sengem Priedegen an Handelen. Mir mussen eis vläicht erëm nei orientéieren an eiser Gemeinschaft. Eist Handelen muss de Mënsch vun haut am Bléck hunn. Dann awer musse mir natierlech och doriwwer eraus weisen. Béides misst eis wichteg sinn an der Kierch. Froe mir d’Erbaarmen vun eisem Här Jesus Christus un. Kyrie
Här Jesus Christus, du bass een Zeechen vun Hoffnung ënner de Mënschen. Här, erbaarm dech. Dagesgebiet
Allmächtege Gott, mir bekennen, datt eisen Erléiser béi dir an denger Herrlechkeet ass. Erhéier eist Ruffen a looss eis erfueren, datt hien all Dag bis zum Enn vun dëser Welt béi eis bleift, esou wéi hien et versprach huet. Hien, dee an der Eenheet vum Hellege Geescht mat dir lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen. Entends notre prière, Seigneur: nous croyons que le Sauveur des hommes est auprès de toi dans la gloire; fais-nous croire aussi qu’il est encore avec nous jusqu’à la fin des temps, comme il nous l’a promis. Lui qui règne. Gütiger Gott, welche Gnade ist es, den Glauben frei in Gemeinschaft leben, teilen, weitergeben und öffentlich verkünden zu dürfen. Schenke allen Menschen auf dieser Welt Glaubens- und Religionsfreiheit, und hilf uns selbst, dieses wertvolle Geschenk im Geist des Dienstes am Evangelium dankbar anzunehmen und mutig gemäß deinem Auftrag zu leben. Darum bitten wir durch Jesus Christus, deinen Sohn, unseren Herrn und Gott, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in Ewigkeit. Amen. Liesungen: Apg 1, 12-14 / 2. Liesung: 1 Petr 4, 13-16 / Joh 17, 1-11a Lesung aus der Apostelgeschichte. Kv. Ich schaue Gottes Güte im Land der Lebenden. Eines habe ich vom HERRN erfragt, dieses erbitte ich: im Haus des HERRN zu wohnen alle Tage meines Lebens; die Freundlichkeit des HERRN zu schauen und nachzusinnen in seinem Tempel. Höre, HERR, meine Stimme, wenn ich rufe; Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Petrus. Halleluja. Halleluja. Ich lasse euch nicht als Waisen zurück. Ich komme zu euch. Dann wird euer Herz sich freuen. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre des Actes des Apôtres. R/ J’en suis sûr, je verrai les bontés du Seigneur J’ai demandé une chose au Seigneur, la seule que je cherche: habiter la maison du Seigneur tous les jours de ma vie, pour admirer le Seigneur dans sa beauté Écoute, Seigneur, je t’appelle! Lecture de la première lettre de saint Pierre apôtre. Alléluia. Alléluia. Je ne vous laisserai pas orphelins, dit le Seigneur; je reviens vers vous, et votre cœur se réjouira. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Predigt
«Wenn ihr wegen des Namens Christi beschimpft werdet, seid ihr seligzupreisen.» (1 Petr 4, 14a) Dëse Saz aus der Liesung vum Péitrusbréif léist mech am Fong net zur Rou kommen. Ech hu scho mol iwwer dës Liesung geschwat an de Jore virdrun. Et kann ee kloer noliesen, a wat fir eng Situatioun eran dësen Text vum éischte Péitrusbréif geschriwwe gouf. Dat eleng ass sécherlech spannend. Awer mech beweegt haut een anert Thema. Dat ass d’Verfolgung vun de Chrëschten an eiser Zäit. Mir hunn an deene leschte Joren vill Saachen erlieft an eise westleche Länner, déi net besonnesch schéi waren. Do si mir als Kierch a besonnesch wuel och d’Hierarchie selwer schold. Dass mir wéinst falschem Verhalen ofgestrooft ginn, ass eng normal Geschicht. Dat ass net dat, wat een als Verfolgung sollt bezeechnen. Mä an eiser ganzer Welt ginn et laut dem «Weltverfolgungsindex» vun «OpenDoors»1] an net manner wéi 70 Länner Verfolgungen vu Chrëschten. 360 Milliounen Chrëschten ginn diskriminéiert. Vun Oktober 2021 bis September 2022 si mindestens 5621 Chrëschten wéinst hirem Glawen ermort ginn, dovun eleng 5014 am Nigeria. An de Länner vun der Subsahara an Afrika huet d’Gewalt géint Chrëschten ganz erhieflech zougeholl. D’Zuelen sinn dat eent. D’Kenntnis an d’Wouer-Huelen vun dëser Situatioun sinn dat anert. An eise Länner gëtt extreem wéineg iwwer des Situatioun vun de Chrëschten an de Medien beriicht. Des Verfolgungen si kaum eng Noriicht wäert. Dat eleng ass schonn ee Skandal. Wat awer soll een dëse Mënsche soen? Geet et duer mat enger frëndlecher Erënnerung un een Text wéi deen aus eiser Liesung? Ass domat fir des Mënschen de Problem geléist? Sécher, mir kënne vun eis aus net all des Problemer einfach esou léisen an och Appeller un déi entspriechend Regierungen notzen do wuel net ganz vill. Ech ka mir net virstellen, dass an Nordkorea, dat op der éischter Plaz am Verfolgungsindex steet, sech iergend een an der Féierung géif un enger Ermanung vun eis stéieren. Awer einfach d’Aen zoumaachen an des schrecklech Situatioun net zur Kenntnis huelen ass och ee Verbriechen. Normalerweis si mir zimmlech séier do, fir de Fanger a Wonnen ze leeën, wann et em d’Verdeedegung vun de Rechter vu Mënsche geet. Bäi Chrëschten an hiert Zerécksetzen an esou ville Länner maache mir awer gären, wéi wann et eis näischt géif ugoen. Heiansdo huet een den Androck, dass déi Situatioun, an déi den éischte Péitrusbréif erageschriwwe ginn ass, nach haut gëllt. Chrëschten waren Exoten, déi een an der Gesellschaft vun deemools net eescht geholl huet. An haut? Gi Chrëschten eescht geholl? Nach eng Kéier, ech si mir bewosst, dass och Chrëschten nach laang net alles richteg gemaach hunn am Laf vun der Geschicht. All ze dacks hunn si sech mat der weltlecher Muecht zesumme gedoen a Profit doraus geschloen. All ze dacks och ware Chrëschten um Ursprong vu munchen Ongerechtegkeeten. An deene Fäll gëllt jo wuel dem Préitrusbréif seng Aschätzung: «Wenn einer von euch leiden muss, soll es nicht deswegen sein, weil er ein Mörder oder ein Dieb ist, weil er Böses tut oder sich in fremde Angelegenheiten einmischt.» (1 Petr 4, 15) Wann also ee Chrëscht Schlechtes gemaach huet, da soll hien och dofir riicht stoen. Awer eleng d’Tatsaach, dass hie Chrëscht ass, ass kee Grond fir en ze verfollegen. Deemools war et esou. Haut ass et op ville Plazen an der Welt esou. «Wenn er aber leidet, weil er Christ ist, dann soll er sich nicht schämen, sondern Gott darin verherrlichen.» (1 Petr 4, 16) Ee Chrëscht, deen näischt Béises gemaach huet, soll net wéinst deem, wat een anere gemaach huet, verfollegt ginn. Wat mech am meeschten ëmmer nees stéiert ass, dass wann een als Eenzelen eppes u Béisem gemaach huet, da ginn all déi aner a Sippenhaft geholl an selwecht schlecht gemaach a verbotzt. Genausou ass et mat der Geschicht. Dat wat fréier un Ongerechtegkeeten duerch Chrëschten geschitt ass, kann een haut net deene virwerfen, déi versichen éierlech hier Relioun ze liewen. Wa mir eis op esou een Niveau erof loossen, da gëtt et wuel kaum nach ee Mënsch op der Welt, deen der betreffender Moral standhält. Et ass fir mech kloer, dass mir eis haut vun all deem, wat schif gelaf ass, distanzéieren. Mä dat, wat fréier schif gelaf ass, dierft haut net deenen an d’Schong geschott ginn, déi näischt dofir kënnen an déi, wéi gesot, versichen éierlech hire Wee ze goen. An dat ass dofir och kee Grond fir haut Verfolgung vu Chrëschten einfach ze iwwersinn an si eventuell och nach als eng gerecht Strof fir fréiert Feelverhalen ze betruechten. Eiser Welt vun haut, eise westleche Regierungen, jo jidderengem géif et gutt zu Gesiicht stoen, wa mir géifen iwwerall op Verfolgungen kucken. All Diskriminéierung vu Mënschen ass falsch. De Péitrusbréif ass dann natierlech och fir eis als Chrëschten eng grouss Erausfuerderung an Uweisung, fir selwer all Diskriminatioun sinn ze loossen. Et ass net einfach ze liewen, wann een ënnerdréckt an zeréckgestallt gëtt. Dat dierf eis awer net derzou verleeden, fir elo selwer mat änlechen Mëttelen zeréck ze schloen. 1] https://www.opendoors.de/sites/default/files/copyright_open_doors_2023_wvi_bericht.pdf Fürbitten
Zu Jesus Christus eisem Här wëlle mir ruffen:
Un dech Här Jesus hu mir eis mat eisen Uleies geriicht. Lauschter op eis an trëtt fir eis an bäi dengem Papp. Dech luewen an éiere mir elo an ëmmer. Amen. II.
Le Seigneur n’oublie aucun de ses enfants. Avec confiance, tournons-nous vers lui et prenons dans notre prière tous nos frères et sœurs. * Dieu notre Père, envoie ton Esprit sur les hommes et les femmes qui souffrent de la violence et de l’injustice, et aussi sur leurs tortionnaires et leurs bourreaux. Dieu notre Père, écoute-nous. * Envoie ton Esprit sur ceux qu’on insulte à cause d eleur foi ou de leur amour pour toi, et aussi sur ceux qui ne te connaissent pas et ceux qui sont révoltés contre toi. Dieu notre Père, écoute-nous. * Envoie ton Esprit sur tous les chrétiens du monde, unis dans la prière par l’Esprit de Pentecôte, et aussi sur les coyants des autres religions et sur tous les hommes et les femmes de bonne volonté. Dieu notre Père, écoute-nous. * Envoie ton Esprit sur toutes les personnes travaillant dans les médias et cherchant à transmettre des informations vraies. Dieu notre Père, écoute-nous. * Envoie ton Esprit sur nos communautés rassemblées d’un seul coeur par l’écoute de ta Parole et de l’Esprit de l’Évangile, au service des plus pauvres. Dieu notre Père, écoute-nous. Entends notre prière, Seigneur notre Dieu, par Jésus, ton fils et notre frère. Lui qui règne avec toi et le Saint Esprit. Amen. Gowegebiet
Här eise Gott, huel eis Gebieder an Affergowen un. Looss eis des helleg Feier mat ganzer Léift an Éierlechkeet feieren, fir datt mir eng Kéier d’Liewen an der Herrlechkeet vum Himmel erreechen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Avec ces offrandes, Seigneur, reçois les prières de tes fidèles; que cette liturgie célébrée avec amour nous fasse passer à la gloire du ciel. Par Jésus. Du, unser Gott und Vater, niemand ist dir näher als dein Sohn Jesus Christus. Was er dir gibt, nimmst du an, als wäre es schon immer das deine. Wir bitten dich: Nimm auch an, was wir dir bringen. Es ist Unseres, weil du es uns gegeben hast: Brot und Wein. Wandle diese Gaben in die eine und einzige Gabe, die uns helfen kann: Jesus Christus. Denn er stillt unseren Hunger nach dir, unseren Durst nach Leben. Dies erbitten wir durch ihn, deinen Sohn, unseren Bruder und Herrn. Präfation – "Reich Gottes in der Welt"
Gott, unser Vater, in Wahrheit ist es würdig und recht, dir zu danken Sanctus Hochgebet – „Magnificat“
Gott, wir danken dir für Jesus, der sich nicht auf hohem Ross Der dem Terror der Tatsachen nicht das letzte Wort überließ und mit der frohen Botschaft V/A: Du bist Licht und du bist Leben; Christus, unsere Zuversicht. Wir danken dir für Jesus, der selbst auf dich, unsern Gott, vertraute. Der beim Mahl mit den Seinen an sein Leben wie auch seinen Tod dachte. Seines Todes und seiner Auferstehung wollen wir jetzt gedenken. So bitten wir dich, allmächtiger Gott: Damals, Vater, brach Er das Brot. NEHMET UND ESSET ALLE DAVON, Danach nahm er den Becher, dankte dir und reichte ihn Seinen Jüngern mit den Worten: NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS, Geheimnis des Glaubens! Lass Jesus Christus in diesen Zeichen von Brot und Wein V/A: Du bist Licht und du bist Leben; Christus, unsere Zuversicht. Und so bitten wir dich, Vater, für deine Kirche: Gib Weisheit und Kraft unserem Papst Franziskus, Gedenke in deiner Güte auch der Menschen, Mit deinem ganzen Volk, mit Maria, der Mutter des Herrn, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Iwwerall op eiser Welt, wou Chrëschten zesumme kommen a bieden, kennen si dat Gebiet, wat de Jesus eis hannerlooss huet. An dësem kuerze Gebiet ass alles zesummebruecht, wat mir viru Gott eis Papp kënne bréngen. Biede mir mat all eis Bridder a Schwësteren wéi eisen Här eis et geléiert huet: Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
A ville Länner gi Chrëschten verfollegt. Biede mir ganz besonnesch fir si ëm de Fridden. Här, Jesus Christus, kuck net op eis Feeler a Sënden, mä op eise gudde Wëllen a schenk eis allen däi Fridden. Schlussgebiet
Erhéier eis, Gott, a schenk eis déi fest Zouversiicht, datt duerch d’Feier vun den hellege Geheimnisser déi ganz Kierch déi Erfëllung erreecht, déi Christus an denger Herrlechkeet elo schonn huet. Hien, dee mat dir lieft an all Éiwegkeet. Amen. Exauce-nous, Dieu notre Sauveur: que notre communion au mytère du salut nous confirme dans cette assurance que tu glorifieras tout le corps de l’Église comme tu as glorifié son chef, Jésus, le Christ. Lui qui règne. Du, unser Gott und Vater, wann immer wir Jesus Christus suchen, suchen wir nach dir. Möge dein Sohn unser Bruder sein in der kommenden Woche, so dass wir ihn an unserer Seite finden und deine Nähe entdecken. Darum bitten durch ihn, unseren Bruder, den Herrn. Amen.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement