|
Allerséilen 2.11.2020
Léif Matchrëschten! Op et mat deem eegenen Doud ganz eriwwer ass, oder op et iergendwéi weidergeet an och wéi et weidergeet, dat si schonn an der Bibel an doriwwer eraus déi bedeitend Froen, déi sech d’Mënschen stellen. Eng vun deene wichtegsten Iddien, déi eise Glawen präägt, ass d’Hoffnung, dass et eng Opersteeung vun Doud gëtt, wéi och ëmmer déi soll ausgesinn. Allerséilen erënnere mir eis ganz däitlech un all eis Verstuerwen. Mir fillen eis mat esou ville Mënschen iwwert den Doud eraus verbonnen. Si sinn an eisem Denken. Si begleeden eis an der Erënnerung. Haut biede mir zu Gott, dass hien dat un hinnen wouer mécht, wat mir hoffen, ee Liewen nom Doud am Fridden an an der Léift. Loosse mir säin Erbaarmen fir si an eis uruffen. Här Jesus Christus, du bass d’Quell vum Liewen. Dagesgebiet
Allmächtegen an éiwege Gott, mir gleewen a bekennen, datt’s du déi Jong als Éischten vun den Doudegen erwächt hues. Stäerk eis Hoffnung, datt’s du och eis Bridder a Schwësteren operstoe léis zum éiwege Liewen. Dorëms biede mir dech duerch Christus, eisen Här. Amen. oder Écoute nos prières avec bonté, Seigneur : fais grandir notre foi en ton Fils ressuscité des morts, pour que soit plus vive aussi notre espérance en la résurrection de tous nos frères défunts. Liesungen: Ijob 19,1.23-27a / Röm 14,7-9.10c-12 / Joh 6, 37-40 Lesung aus dem Buch Ijob. Kv. Der HERR ist mein Licht und mein Heil. Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom. Halleluja. Halleluja. Gott hat die Welt so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der an ihn glaubt, das ewige Leben hat. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre de Job. R/ Ma lumière et mon salut, c’est le Seigneur, alléluia ! Lecture de la lettre de saint Paul apôtre aux Romains. Alléluia. Alléluia. Dieu a tellement aimé le monde qu’il a donné son Fils unique, afin que ceux qui croient en lui aient la vie éternelle. Alléluia. Évangile de Jésus Christ selon saint Jean. Priedegt (2020)
Léif Matchrëschten! Den Dag vun Allerséilen, mat dem Besuch um Kierfecht, mat dem Undenken un eis Verstuerwen ass een Dag voller Suerg an och Nout. Do sinn esou vill Mënschen, déi mir mat grousser Trauer vermëssen. Ëmmer nees erliewe mir an eise Familljen, an eisem Frëndeskrees, an eiser Noperschaft, wéi Mënschen stierwen. Dacks ass dem Doud ee laange Leidenswee virop gaangen. Dacks awer och ass ee Mënsch duerch en Accident oder duerch soss een Ongléck einfach esou aus eiser Mëtt gerappt ginn. An dësen Zäiten, wou mir mat engem klengen béise Virus ze kämpfen hunn, maache mir eis Gedanken iwwert eng Krankheet, déi eis ganz onerwaart an déifsten Nout kéint féieren. An dann hu mir awer och an eiser Welt esou vill Leed an Doud, dee mir Mënsche selwer verschëlden: d’Kricher, d’Hongersnout, d’Flüchtlingskris. Wa mir déi schrecklech Biller vun Zerstéierung duerch Kricher a Streidereien gesinn, da kënne mir scho bal eise Glawen un ee gudde Gott ganz verléieren. Beim Nodenken iwwert dësen Allerséilendag hunn ech déi biblesch Texter gekuckt, déi passend fir den Dag vun haut kéinte sinn. Ganz séier sinn ech bäi deem Text hänke bliwwen, dee mir als Liesung haut héieren hunn, en Abschnitt aus dem Buch Job. De Saz: "Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen." (Ijob 19, 26), huet mech net méi lass gelooss. Dëse Saz gräift eng ganz schlëmm Situatioun vum Job an esou vun all Mënsch op. Wéi dacks gesi mir Biller vun Mënschen, déi duerch Krich a Krankheet hire Kierper zerstéckelt kritt hunn, wann ech dat esou dierf soen. Ass et net esou, wa mir ee Mënsch gesi leiden duerch eng Krankheet, dass dat eis esou änlech virkënnt. Wat ass de Mënsch? Wat ass hien, wann en an déi déifsten Nout kënnt? Mir gesinn esou dacks, wéi Mënschen a schwéiere Krankheeten bis op d’Haut ofhuelen. Mir gesi Mënschen, déi duerch Krankheeten zerfriess sinn um Kierper an dacks och un hirer Séil. De Job schwätzt hei an zimmlech drastesche Biller. An awer ass et aus der Realitéit vun der Nout vum Mënsch gegraff. D’Nout ass bäi ville Mënschen heiansdo riseg grouss. Lo kéint een natierlech higoen an dëse Saz: "Ohne meine Haut, die so zerfetzte, und ohne mein Fleisch werde ich Gott schauen." als eng Flucht aus der Realitéit vum mënschleche Liewen interpretéieren. Ëmmer hin seet de Job jo, dass hien trotz sengem kapotte Kierper Gott wäert kucken. Mä et ass wuel net esou, dass de Job sech hei aus der ierdescher a mënschlecher Nout an een Dramland oder eng reliéis Fantasie flücht. Neen, et ass hei eng ganz kloer Entscheedung vum Job, fir d’Leed däitlech ze gesinn an dann an enger Glawensentscheedung ze iwwerwannen. Dacks sti mir als Mënschen do a mir kënne ganz einfach net hëllefen. Mir kënnen d’Nout net léisen. Dat ass a bleift eng ganz schmäerzlech Erfarung vun eiser mënschlecher Konditioun. De Job kuckt dat mat groussen an offenen Aen. A mir selwer spieren et wuel och ganz déif an eis selwer. Bäi aller Matmënschlechkeet, an allen eisen Bezéiungen, och wann si nach esou no sinn, sou bleiwe mir um Enn dach ëmmer eleng an eiser Nout. De Schmäerz an d’Nout an eisem Kierper oder an eiser Séil kënne mir net deelen. Si gehéieren zu deem Perséinlechsten, wat et gëtt. Kee kann eis dës Nout ewech huelen. Am leschten bleift dofir ebe just nach d’Vertrauen a Gott. An och dëst Vertrauen kënne mir net einfach deelen. Gott ass och ganz perséinlech. Nëmmen ech selwer kann hien an der Nout esou gesinn, wéi ech. Keen aneren kann dat a menger Plaz maachen. "Ihn selber werde ich dann für mich schauen" (Ijob 19, 27a), seet de Job. Mir froen eis natierlech ëmmer nees, grad dann wa mir un eis Verstuerwen denken, wéi et dann nom Doud weidergeet. Wat geschitt do mat eis? Genee déi Fro ass net mat engem dogmateschen Léiersaz ze beäntwerten. Den Job gëtt eis hei eng ganz gutt Iddie, wéi een et kann denken. Eise mënschlechen an ierdesche Kierper zerfält. An dach ebe just och ouni dat alles, sou ass de Job iwwerzeegt, trëtt hien an an dës gëttlech Dimensioun, an en Dialog mat Gott selwer. De Job seet eis hei net wéi et ausgesäit, mä just dass et eng nei Begéinung mat Gott gëtt. Wat heescht et dann elo fir eis? An deene leschte Wochen konnt een ëmmer emol de Saz héieren, dass mir d’Covid19-Krankheet net einfach aus der Welt eraus kréien. Mir misste léieren mat dem Virus ze liewen. Jo, ech denken, dass mir och mam Bléck op dat villfacht Leed an op den Doud vun esou ville Mënschen an eisem Ëmfeld genee esou mussen argumentéieren. Mir musse wéi de Job léieren mat dem Leed an der Nout eens ze ginn. Mir kréien dës Situatiounen ni aus eiser Welt. Awer mir kënnen léieren si ze begrenzen. Mir kënne léieren fir selwer kee Leed ze verursaachen. Mir kënne léieren ze hëllefen. An am leschten bleift dann d’Vertrauen, dass just eleng Gott herno iwwert all dëst Leed gewënnt. "Gottes Treue zum Menschen trägt schließlich den Sieg davon; in ihr enthüllt sich auch der letzte Sinn und der eigentliche Zugang zum Leid: Es ist der lebendige Stachel für die dauerhafte Hinwendung zu Gott, für die wirkliche Begegnung mit Gott." Amen. Fürbitten I — Allerséilen
Zu Gott, dee fir eis d’Opersteeung an d’Liewen ass, komme mir mat allem, wat eis Häerzer nidder dréckt:
Gott, eise Papp, mir soen dir Merci fir déi Dir zum Liewen, déi’s du eis an der Opersteeung vun dengem Jong opgemaach hues. Erbaarm dech eisen Verstuerwenen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eise Brudder an Här. Amen. Fürbitten II — Allerséilen
Jésus nous a ouvert le passage de la mort à la vie. En son nom, nous prions Dieu pour tous nos frères et sœurs. Donne ta paix, Seigneur.
Dieu notre Père, tu ne veux pas notre mort. Tu trouves ton bonheur et ta gloire dans la vie de tous tes enfants. Réalise ce que tu as promis et conduis-nous tous ensemble vers le Royaume éternel. Nous te le demandons par ton Fils, Jésus ressuscité et vivant, pour les siècles des siècles. Amen. (vieliturgique.ca) Gowegebiet
Här, eise Gott, kuck an denger Guttheet op des Gowen. Huel all deng Frënn, eis Bridder a Schwësteren, op an d’Herrlechkeet vun dengem Jong, mat deem och mir duerch dat grousst Sakrament vun der Léift verbonne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. oder: Sois favorable à nos offrandes, Seigneur: que tous les fidèles défunts soient admis dans le Royaume avec ton Fils qui nous unit les uns aux autres par le mystère de son amour. Lui qui règne. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, mir hunn d’Gediechtnes vum Doud an der Opersteeung vu Christus gefeiert fir eis Bridder a Schwësteren. Féier si vum Doud an d’Liewen, aus der Däischtert an d’Liicht, aus der Bedrängnis an déi Fridden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. oder: Ouvre, Seigneur, à nos frères défunts ta maison de lumière et de paix, car c’est pour eux que nous avons célébré le sacrement de Pâque. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement