Gedanken zum Sonndeg vum Wuert vu Gott, 23.1.2022


Home Back Print Kontakt

Aus dem Buch Nehemia. (Neh 8, 1-12)
1 Das ganze Volk versammelte sich geschlossen auf dem Platz vor dem Wassertor und bat den Schriftgelehrten Esra, das Buch mit der Weisung des Mose zu holen, die der HERR den Israeliten geboten hat. 2 Am ersten Tag des siebten Monats brachte der Priester Esra die Weisung vor die Versammlung, Männer und Frauen und überhaupt alle, die schon mit Verstand zuhören konnten. 3 Vom frühen Morgen bis zum Mittag las Esra auf dem Platz vor dem Wassertor den Männern und Frauen und denen, die es verstehen konnten, daraus vor. Das ganze Volk lauschte auf das Buch der Weisung. 4 Der Schriftgelehrte Esra stand auf einer Kanzel aus Holz, die man eigens dafür errichtet hatte. Neben ihm standen rechts Mattitja, Schema, Anaja, Urija, Hilkija und Maaseja und links Pedaja, Mischaël, Malkija, Haschum, Haschbaddana, Secharja und Meschullam. 5 Esra öffnete das Buch vor aller Augen; denn er stand höher als das versammelte Volk. Als er das Buch aufschlug, erhoben sich alle. 6 Dann pries Esra den HERRN, den großen Gott; darauf antworteten alle mit erhobenen Händen: Amen, amen! Sie verneigten sich, warfen sich vor dem HERRN nieder, mit dem Gesicht zur Erde. 7 Jeschua, Bani, Scherebja, Jamin, Akkub, Schabbetai, Hodija, Maaseja, Kelita, Asarja, Josabad, Hanan und Pelaja, die Leviten, erklärten dem Volk die Weisung; die Leute blieben auf ihrem Platz. 8 Man las aus dem Buch, der Weisung Gottes, in Abschnitten vor und gab dazu Erklärungen, sodass die Leute das Vorgelesene verstehen konnten. 9 Nehemia, das ist Hattirschata, der Priester und Schriftgelehrte Esra und die Leviten, die das Volk unterwiesen, sagten dann zum ganzen Volk: Heute ist ein heiliger Tag zu Ehren des HERRN, eures Gottes. Seid nicht traurig und weint nicht! Alle Leute weinten nämlich, als sie die Worte der Weisung hörten. 10 Dann sagte er zu ihnen: Nun geht, haltet ein festliches Mahl und trinkt süßen Wein! Schickt auch denen etwas, die selbst nichts haben; denn heute ist ein heiliger Tag zur Ehre unseres Herrn. Macht euch keine Sorgen; denn die Freude am HERRN ist eure Stärke. 11 Auch die Leviten beruhigten das ganze Volk und sagten: Seid still, denn dieser Tag ist heilig. Macht euch keine Sorgen! 12 Da gingen alle Leute weg, um zu essen und zu trinken und auch andern davon zu geben und um ein großes Freudenfest zu begehen; denn sie hatten die Worte verstanden, die man ihnen verkündet hatte.

Den drëtte Sonndeg am Kierchejoer huet de Popst Franziskus 2019 zum Sonndeg vum Wuert vu Gott erkläert. Dee Sonndeg sollte mir als Chrëschten notzen, fir eis un dee grousse Basistext vun eiser Relioun ze “erënneren”. D’Bibel ass net einfach nëmmen ee Buch mat Geschichten. Hei ass an eisem Verständnis d’Botschaft vu Gott niddergeschriwwen. Awer dëst Buch muss och verstane ginn. Dofir muss et gelies a studéiert ginn. Dëst Joer steet als éischt Liesung ee ganz interessanten Text um Programm, deen eis vläicht ganz besonnesch ka weisen, wéi mir selwer haut mat der Bibel an hirer Botschaft sollten ëmgoen.

I.
Am Liesungstext vun der Mass ass den éischte Vers aus dem aachte Kapitel vum Buch Nehemia ewech gelooss. Deen ass awer ganz wichteg. Do heescht et nämlech, dass d’Vollek sech aus eegener Initiativ versammelt huet an den Ersa als Schrëftgeléierten gefrot huet, fir d’Buch vum Gesetz vum Mose erbäi ze bréngen. Hei sinn déi fënnef éischt Bicher vum AT gemengt, d’Tora, wéi et an der jüddescher Traditioun heescht. Et ass also en Uleies vun de Leit, dass hinnen den Text vun der helleger Schrëft bruecht an dann och virgelies gëtt.

Do geet mir perséinlech gläich d’Fro duerch de Kapp, op mir haut iwwerhaapt nach en Interessi dorun hunn, dass eis d’Bibel virgelies gëtt. Wëlle mir dat héieren, wat do steet? Wie besëtzt iwwerhaapt haut doheem eng Bibel a liest doran? Um Sonndeg vum Wuert vu Gott ass dat scho mol eng ganz eescht Fro, déi jiddereen sech sollt stellen, deen sech wëll als Chrëscht bezeechnen.

II.
Als weideren wichtege Punkt an dëser Schilderung gëtt eis da gesot, dass den Esra op eng Kanzel klëmmt an de Mënschen d’Botschaft, d’Wuert vu Gott virliest. Déi ganz Zeen seet eis, dass déi äusser a materiell Ëmstänn fir d’Verkënnegung vum Wuert vu Gott och praktesch sinn. Jiddereen muss kënnen héieren a gesinn. Et muss also eng däitlech gutt Situatioun gebuede ginn, déi et allen erméiglecht dat Wuert ze héieren.

An och hei kann een sech erëm d’Fro stellen, wéi dann d’Praxis vum Virdroen vum Wuert vu Gott haut bäi eis ofleeft. Maache mir dat och esou, dass et der Würd vun der Botschaft entsprécht? Droe mir et esou vir, dass jiddereen et kann héieren, also akustesch korrekt verstoen? Verkënnege mir et esou, dass et sënnvoll a gutt ausgeschwat gëtt? Leeë mir genuch Suergfalt an d’Verkënnegen oder an d’Virliesen vun de bibleschen Texter an eise Gottesdéngschter oder ginn si nëmmen sou erof gebabbelt? Deen, dee virliest, muss selwer als éischt emol verstoen, wat e liest. Ganz dacks läit do schonn en éischte Problem.

III.
Wiem gëtt d’Wuert vu Gott virgelies? Bäim Nehemia heescht et am Text (Neh 8, 2b): “Männer und Frauen und überhaupt alle, die schon mit Verstand zuhören konnten.” Och dat ass interessant. Jiddereen, dee geeschteg an der Situatioun ass, fir ze verstoen, kritt dat Wuert virgelies. Eng gewëssen Aschränkung gëtt deemno hei gemaach. Fir déi Botschaft ze verstoen an net nëmmen ze héieren, muss ee mat Verstand derbäi sinn. De Gebrauch vum mënschlechen Intellekt ass also duerchaus wichteg. D’Botschaft ass eben net primitiv. Si verlaangt schonn eng geeschteg Ustrengung, wann ee wëll verstoen, wat do gemengt ass.

D’Botschaft vu Gott ass net eppes, dat ee mat léiwe Geschichten oder Märercher ka gläichsetzen. Een, deen sech net duerch d’Nodenken an des Texter kann eraversetzen, ass dofir och onfäeg den déiwe Sënn vum Text ze verstoen. Dat awer verlaangt schonn och vum Mënsch eng Ustrengung. Theoretesch huet jo jidder Erwuessenen eng gewëssen Intelligenz, déi et méiglech misst maachen, fir sech mat esou Texter ze befaassen. Op dat awer gemaach gëtt, ass dann erëm eng aner Geschicht. Et brauch deemno och de Wëllen vum Eenzelen, fir sech mat dem Text vun der Bibel ofzeginn. D’Verständnis kënnt net einfach esou. De Wëllen zum Verstoen ass gefrot. Hu mir haut iwwerhaapt nach dee Wëllen?

IV.
“Man las aus dem Buch, der Weisung Gottes, in Abschnitten vor und gab dazu Erklärungen, sodass die Leute das Vorgelesene verstehen konnten.” (Neh 8,8) Villes an der Bibel ass sécherlech ganz schwéier ze verstoen. D’Texter kommen aus vergaangenen Zäiten, schwätzen eng dacks friem Sprooch, gebrauche Biller, déi eis haut net méi present sinn. Mä och deemools war dat schonn esou. Dofir muss den Text erkläert ginn. Et musse Kommentare gemaach ginn. De Leit muss Hëllef ugebuede ginn, dass si den déiwe Sënn vum Text fir sech kënnen entdecken.

Bäi eis ass dat wuel net aneschters. Mir sinn haut dacks séier do a klasséieren des al a bedeitend Texter als net méi zäitgeméiss of. Vill Mataarbechter an der Kierch si selwer onfäeg de Wäert an de Sënn vun de bibleschen Texter ze verstoen. Wéi kënnen si dann de Mënschen Erklärungen dozou ofginn? Bis haut reege mech perséinlech Aussoen op, déi ëmmer nach vu Leit aus dem pastoralen Déngscht kommen, dass z.B. dat Aalt Testament dach komplett iwwerflësseg wier an dat bréicht een och net méi ze beuechten, oder och, dass déi grouss altestamentlech Erzielungen quasi just als “léif a spannend Geschichtercher” erzielt ginn, ouni deen eigentlechen Sënn an Zweck ze begräifen. D’Bibel ass kee Buch mat “Geschichten” oder “Märercher”, déi just zur Ënnerhalung déngen. Do fänkt de Problem deemno an de Reien vun den offizielle Mataarbechter an der Kierch un. Si musse kënnen dem Vollek d’Botschaft vun der Bibel erklären, sou dass ee Verstoe méiglech gëtt. Awer, wéi gesot, dat setzt als éischt viraus, dass si se selwer verstanen hunn.

V.
“Alle Leute weinten nämlich, als sie die Worte der Weisung hörten.” (Neh 8,9c) Firwat kräischen d’Leit? Si hunn erkannt, dass des Texter vun der Bibel si existenziell betreffen. D’Botschaft an d’Wuert vu Gott huet eppes mat hirem perséinleche Liewe ze sinn. D’Bibel schwätzt vun hirem Liewen. Et geet wierklech ëm des Mënschen, déi héieren, nolauschteren a verstinn. Des déif Betraffenheet mécht, dass si kräischen.

Wa mir haut d’Bibel liesen, dann ass et all ze dacks esou, dass et eis net betrëfft. Mir gesinn al Geschichten, Erzielungen, Uweisungen, Gebieder. Awer déi gehéieren dann net zu eisem Liewen. Mir stelle keng Relatioun zu eisem perséinlechen Existéieren an der Welt hier. Genee dat ass och ee grousse Problem. D’Bibel schwätzt awer net op dem Niveau vu renger a banaler Erzielung. Si wëll eppes zudéifst Existenzielles vermëttelen. Deemools beim Nehemia hunn d’Leit de Sprong gemaach. Et ass net vun iergend eppes geschwat an erkläert ginn, mä vun hinne selwer. Dee Sprong missten och mir maachen. Eréischt da kann dëst Wuert och eis existenziell treffen. Liest d’Bibel einfach emol esou, wéi wann si vun iech an direkt zu iech géif schwätzen. An deem Fall entdeckt een ganz interessant Botschaften, déi engem ënner d’Haut ginn.

VI.
“Dann sagte er zu ihnen: Nun geht, haltet ein festliches Mahl und trinkt süßen Wein!” (Neh 8,10a) D’Auswierkung vun der existenzieller Betraffenheet ass net ëmmer positiv. De Mënsch kann duerchaus do och seng Feeler erkennen. Mä de Mënsch dierf sech viru Gott sécher fillen. Gott ass fir de Mënsch bäi allen banneschten Zweiwelen a bäi allen äusseren Ugrëff eng onbedéngt sécher Hëllef. De Mënsch brauch keng Angscht a keng Suergen ze hunn. Gott a seng Botschaft ginn him een Halt, deen hien och an der Nout erëm opriicht. An dofir dierf de Mënsch och ee Fest feieren an frou sinn.

Eis gouf fréier sécherlech Angscht gemaach mat Gott. Nëmmen d’Strof ass eraus gekéiert ginn. Dobäi ass Gott ee Gott vun der absolutter Léift. An och wann de Mënsch duerch d’Liesen an d’Studéieren vun der Bibel an hirer Botschaft seng eege Klengheet an seng eege Schold entdeckt, sou ass Gott dach awer deen, deen sech dem Mënsch mat Léift zouwent an hien hëlt mat allen Ecken a Kanten.

VII:
“Macht euch keine Sorgen; denn die Freude am HERRN ist eure Stärke.” (Neh 8, 10c) Vläicht kann dat och fir eis haut um Sonndeg vum Wuert vu Gott d’Schlussfolgerung sinn. Mir missten eis an eiser kierchlecher Gemeinschaft wuel erëm méi op des Botschaft vu Gott fokusséieren an si als eng existenziell Botschaft fir eist Liewe gesinn. Si schwätzt net einfach a fréieren Zäit. Si schwätzt haut. Si ass fir eis haut geduecht. Mir kënnen eis an der Botschaft erëm fannen. An eben dann bréngt si Freed a Stäerkt.


Mass vum 23. Januar
Klick op d’Kalennerblat fir d’Gedanken zum Bibelsonndeg als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement