Journée de Commémoration Nationale 2020

Home Back Print Kontakt

Aféierung an d’Mass

Léif Matchrëschten! Mir sinn zesummen fir un déi schwéier Zäit vum Zweete Weltkrich mat all hiren Doudegen zeréckzedenken. Bis haut sinn si net vergiess an och d’Leed, dat vill aner Mënschen erdroen hunn, ass net vergiess. Deemools huet sech eng Aart Schleier iwwert eis Äerd geluecht a besonnesch an deene Länner, wou de Krich staark Verwüüstungen ugeriicht huet, war et, wéi wann alles ënnert engem Bierg vun Nout a Leed géif verschwannen. Mä bis haut huet eis Weltgemeinschaft et net fäerdeg bruecht fir een dauerhafte Fridden ze schafen. Dofir bleift et ëmmer wichteg sech un dës Schrecklechkeeten ze erënneren a mat Dankbarkeet op dat ze kucken, wat an deene Joren bis elo u Guddem geschitt ass. Mir musse wakereg sinn an och bleiwen fir d’Nout an d’Leed, dat haut geschitt a besonnesch och fir déi nei Tendenzen vun Onfridden an Intoleranz, déi ëmmer nees opbléien. Froe mir eisen Här Jesus Christus ëm seng Hëllef an ëm säin Erbaarmen.

Dagesgebiet

Baarmhäerzege Gott, an denger Muecht léit et fir Kricher of ze wenden
an den Iwwermutt vun deene Mächtegen ze briechen.
Mir soen dir Merci, datt mir kennen am Fridde liewen.
Erhal eiser Heemecht d’Fräiheet
an huel all Nout a Leed vun allen Natiounen op der Welt ewech.
Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här, déi Jong,
dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen.

Liesungen: Liesung: Jes 25, 6-10a + Psalm (vum 28. SoA) Evangelium: vum jeweilegen Sonndeg

Lesung aus dem Buch Jesája.
An jenem Tag wird der Herr der Heerscharen auf diesem Berg – dem Zion – für alle Völker ein Festmahl geben mit den feinsten Speisen, ein Gelage mit erlesenen Weinen, mit den feinsten, fetten Speisen, mit erlesenen, reinen Weinen. Er verschlingt auf diesem Berg die Hülle, die alle Völker verhüllt, und die Decke, die alle Nationen bedeckt. Er hat den Tod für immer verschlungen und Gott, der Herr, wird die Tränen von jedem Gesicht abwischen und die Schande seines Volkes entfernt er von der ganzen Erde, denn der Herr hat gesprochen. An jenem Tag wird man sagen: Siehe, das ist unser Gott, auf ihn haben wir gehofft, dass er uns rettet. Das ist der Herr, auf ihn haben wir gehofft. Wir wollen jubeln und uns freuen über seine rettende Tat. Denn die Hand des Herrn ruht auf diesem Berg.

Priedegt

Léif Matchrëschten! Mir hunn haut ee ganz interessanten Liesungstext héieren. Eis Liesung aus dem Buch vum Prophet Jesaja gëtt dacks als Apokalypse bezeechent. An deem ganzen Textkonglomerat ronderëm eis Liesung ass vun utopeschen Biller vun Ënnergang a Rettung rieds. An den Zeilen virun eiser haiteger Liesung steet de Merci fir den Ënnergang vun der feindlecher Stat an da setzt mat den Zeilen, déi mir jo lo just héieren hunn, eppes ganz Neies an. Et gëtt eng Festmoolzecht gehalen fir all Vëlker um Bierg Zion. No enger Zäit vun Nout gëtt et also eng wierklech festlech Moolzecht mat beschtem Iessen, mat beschtem Wäin. Héich interessant ass, dass hei all Natiounen ageluede sinn, fir dëst Fest ze feieren a fir sech sat ze iessen an ze drénken. Et ass ee Fest vu Freed, dass d’Feinden vernicht sinn, dass si dout sinn an net méi kënnen an d’Weltgeschicht agräifen. Duerch déi feindlech Natiounen a Mächten louch ee Schleier iwwert de Vëlker. Et war ee Schleier vun Nout an Doud, ee Schleier vun Ënnerdréckung.

Gott gräift an fir den Doud op ëmmer ze vernichten an dass dann een éiwegt Fest ka stattfannen. Natierlech kuckt eise Liesungstext an eng Zukunft, déi et elo nach net gëtt. Mir wëssen alleguer, dass et ëmmer nach Nout an Doud an der Welt gëtt. Eise Liesungstext weist dofir als Apokalypse an eng Zäit, déi no eiser ierdescher Zäit spillt.

An awer: Wa mir esou haut op dësem Dag vun der Commemoratioun nodenken, dann verleet deen eis dann dach och zu engem méi ierdeschen Denken. War net déi Zäit, un déi mir haut mat Schrécken a Suergen zeréck denken, grad esou eng Zäit vun Doud, déi verursaacht gouf vun Natiounen, vu Mächten, déi liewensfeindlech, déi intolerant, déi abaarteg waren? Hunn net deemools d’Machthaber een ongeheieren Schleier vun Nout a Leed iwwert d’Mënschheet bruecht? Hunn si net mat hiren Uspréch vun absolutter Muecht an Herrschaft eng deck a schwéier Decken iwwert Millioune vu Mënsche geluecht, jo si zum Deel mat Tonnen vun Buedem zougedeckt, nëmmen dass kee méi sech géint hier Muecht géif opleenen a protestéieren? Hunn si net och all déi „feinsten, fetten Speisen, mit erlesenen, reinen Weinen“ (Jes 25,6) grad just fir sech an Usproch geholl an dem groussen Deel vun de Mënschen virenthalen? D’Nout an der Zäit war riseg grouss.

An der gréisster Nout huet de Mënsch ëmmer nees op eng gerecht Entscheedung vu Gott gehofft. Zur Zäit, wou de Prophet Jesaja schreift, war dat esou. Et war och esou an den Zäiten vum Krich. Mënschen hu gehofft op eng Erléisung. Si hu gehofft erëm eng Kéier kënnen ze feieren. Dacks awer konnt dës Hoffnung nëmmen nach an eng Zukunft projezéiert ginn, déi bäi Gott läit. Dacks waren d’Aussiichten esou schlecht, dass dat deen eenzegen Auswee war, fir nach iergendwéi op Gerechtegkeet kënnen ze hoffen. Ass et net och am Krich ville Mënschen grad just esou gaangen?

Nom Krich, wéi dee ganze Spuk eriwwer war, wéi d’Machthaber zum Deel sech selwer der Verantwortung entzunn haten, war trotz allem Leed d’Freed grouss. Ëmmer nees kann ee jo och Biller gesinn, wou d’Befreier komm sinn an d’Mënschen hinnen zou gewénkt hunn. Freed, dass et endlech besser géif goen, stoung de Leit an d’Gesiicht geschriwwen. Trotz bleiwenden schrecklechen Erënnerungen, trotz villfacher Nout, war et wéi ee Fest. Mënschen hunn sech wéi um Bierg Zion an enger Aart Paradies gefillt.

War et net deemools ebe just esou? Hunn d’Mënschen net grad dat gefillt, wat de Jesaja hei fir seng Zäit seet: „Er verschlingt auf diesem Berg die Hülle, die alle Völker verhüllt, und die Decke, die alle Nationen bedeckt.“ (Jes 25,7)? Jo Gott huet den Doud ewech geholl deemools. Dat war d’Gefill, dat vill Mënschen an sech gespuert hunn. Tréine sinn ewech gewëscht ginn.

Allerdéngs, an dat mécht mech perséinlech am Moment nodenklech: Ass den Doud, dee vu Mënschen verschëlten Doud, wierklech aus eiser Welt verbannt? Neen! Neen, mir Mënsche séinen bis haut ëmmer nach den Doud een iwwert deen aneren. Mir kriche weider. Mir produzéiere weider Waffen a setzen si an, vläicht net hei direkt bäi eis, mä op ville Plazen uechtert d’Welt.

„Er hat den Tod für immer verschlungen ... und die Schande seines Volkes entfernt er von der ganzen Erde.“ (Jes 25,8) Gott wëll dat sécherlech. Hie wëll Mënschen, déi Léift am Häerz droen. Awer den Doud verbreeden och mir hei ëmmer nach. Mir si mat Schold un deem villfachen Doutmaachen an der Welt. D’Schimmt vun eiser Verstréckung an dës Muecht vum Doud läit och op eis. En Dag wéi dee vun haut misst eis oprëselen, misst eis wakereg maachen, misst eis rout am Gesiicht gi loossen, well mir nach ëmmer an déi selwecht doudbréngend Herrschaftsverhältnisser matverstréckt sinn. Den Doud huet weiderhin Muecht iwwert all Mënschen. Den Doud kann nëmme Gott endgülteg aus der Welt huelen. Et ass déi mënschlech Muechtbesiessenheet, déi ëmmer weider zu Nout an Doud féiert. Dofir ass et wichteg, dass mir eis erënneren. Dofir ass et wichteg, dass mir eis all Joer nei soe mussen: Dat dierf net méi sinn! A vläicht wier et dofir och grad haut erëm batter noutwendeg, dass mir eis als Gemeinschaft op déi al Dugenden vu Léift a Gerechtegkeet, vu Respekt an Uechtung, ganz einfach vun Nächsteléift anstatt vun Has besënnen.

„Siehe, das ist unser Gott!“ (Jes 25,9) Wou ass Gott? Ass Gott an eiser Muecht, an eiser Wirtschaft, an eiser Iwwerhieflechkeet? Wa Gott nëmmen nach am Credo vun eiser Zäit ze fannen ass, dass mir no ëmmer méi Geld an Afloss an der Welt kucken, dann geet et schif. Gott muss an eiser Nächsteléift sinn. Nëmmen da kann eis Welt zum Gudde weider entwéckelt ginn. All Kéiers dann, wa mir Wuesstem a Muecht, Räichtum an Afloss an d’Plaz vu Gott setzen, komme mir fréier oder spéider erëm an déi Situatioun, un déi mir haut zeréckdenken. Schonn a ganz fréien Ausleeungen vun eisem Liesungstext gëtt dohinner interpretéiert, dass ee politesche Weltfridden nëmmen da ka sinn, wann dee leschten ierdeschen Herrscher net méi do ass. Krich a Mord wäerten nëmmen dann ophéieren, wa Mënschen net méi hier Muecht ausüben iwwert anerer. Amen.

Fürbitten

Gott ass gutt. Hien huet en Häerz fir all déi, déi an Nout sinn. Hien biede mir:

  • Stéi alle bäi, déi onschëlleg Affer vun ongerechter Gewalt gi sinn. Härgott, héier eis.
  • Weis Weeër zum Fridden, do wou Gewalt deen eenzegen Auswee aus de Konflikter ze si schéngt. Härgott, héier eis.
  • Schenk d’Bereetschaft zu Ëmkéier a Versönung, wou Mënschen an eng Situatioun ouni Auswee gerode sinn. Härgott, héier eis.
  • Féier d’Mënschen, déi un de Rand vun der Gesellschaft gerode sinn, aus der Isolatioun eraus. Härgott, héier eis.
  • Léier eis dankbar ze sinn fir alles, wat mir onverdéngt aus denger Hand oder aus der Hand vu Matmënschen geschenkt kritt hunn. Härgott, héier eis.
  • Fir déi, déi an de Weltkricher hiert Liewen fir eis Heemecht gelooss hunn. Datt si béi dir gebuerge sinn. Härgott, héier eis.
  • Huel all eis Verstuerwen bäi dech a gëff hinnen hire verdéngte Loun. Härgott, héier eis.

Dir Härgott soe mir Merci fir deng Suerg ëm eis a fir all Guddes, dat’s du eis all Dag gëss. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Gowegebiet

Baarmhäerzege Gott,
déi Jong Jesus Christus huet eiser Welt de Fridde bruecht
an duerch séi Blutt den Haass ausgeläscht.
Kuck op d’Nout vun deenen,
déi ënnert Krich an Terror ze leiden hunn,
a schenk hinnen wéi och eis allen Fridden a Sécherheet.
Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.

Schlussgebiet

Baarmhäerzege Gott, du hues eis an dëser Feier gestäerkt.
Hëllef eis, datt mir eis an eiser Welt asetzen
fir de Fridden an d’Gerechtegkeet vun alle Mënschen.
Looss deng Léift an eis wuessen,
esou datt mir si un all aner Mënschen weiderschenken.
Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.


Mass vum 18 Oktober
Journée de Commémoration Nationale 2020
Mass vum 25 Oktober

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement