
|
Pilgermass vun der Par Regioun Iechternach St Willibrord - 6.11.2020Votivmass vum hellege Willibrord
Ufanksgebiet
Gudde Gott, du hues deene verschiddenen Vëlker Lesung aus dem Buch Jesaja. (Jes 52, 7-10) Antwortpsalm: Ps 96 (95), 1-2.3 u. 7.8 u. 10 Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. (1 Kor 1, 18-25) Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) + Aus dem heiligen Evangelium nach Markus. (Mk 16, 15-20) Priedegt
Léif Matchrëschten! Do uewen um Ferschweiler Plateau, vu Ferschweiler Richtung Bollendorf am Bësch, steet dat berüümt "Fraubillenkreuz". D’Legend wëll, dass de Willibrord deemools aus engem Menhir, deen op der Plaz veréiert gouf, eegenhänneg dëst Kräiz gehae huet. De Steen, dëse Menhir, deen ongeféier 5000 Joer al a gutt 3,5 Meter héich ass, kann een nach haut bewonneren. D’Fraubillekräiz steet als Symbol do fir Christianiséierung vun eiser Géigend. Den Hannergrond vun der Legend iwwer de Willibrord wëll eis vermëttelen, dass eisen Hellegen deemools aus engem heednesche Steen, aus enger heednescher Plaz eng chrëschtlech Plaz gemaach huet. Heednesch gëtt natierlech an dësem Kontext gläichgesat mat "schlecht". Heednesch ass einfach dat Béist. De Willibrord huet also dat Béist an dat Gutt verwandelt duerch seng Priedegt an duerch säi perséinlechen a kierperlechen Asaz. Och wann ech elo net einfach hin eppes, wat net chrëschtlech ass, mat eppes Béisem gläichsetze wëll, sou ass dës Legend dach derwäert fir iwwer esou munches nozedenken. Wéi dacks begéine mir an eisem Liewen enger Nout, engem Leed, enger Krankheet, jo och dem Doud? Wéi dacks begéine mir Katastrophen, sief et Krich, Flüchtlingskris, Honger, Terrorismus a villes méi? Wéi dacks wousste mir selwer net, wéi mir eis sollte verhalen? Och wa mir hei bäi eis quasi an engem Schlaraffeland liewen, well mir praktesch ëmmer alles zur Verfügung hunn a well trotz Corona-Kris eis medezinesch Versuergung funktionéiert, sou spiere mir dach awer, dass munches an eiser Gesellschaft net esou richteg stëmmt. Mir sinn onzefridden. Mir gesinn déi vill Méiglechkeeten, déi mir net kënnen wouer huelen. Am Moment si mir natierlech ee wéineg ageschränkt an eisen Aktivitéiten duerch dee klengen a béise Virus. Mir maachen eis Suergen ëm eis Gesondheet. Mä ass net och eis gesellschaftlech Gesondheet grad an eiser Zäit extreemst a Gefor? Ëmmer méi dacks héiere mir vun Iddien, Gedanken an Theorien, déi eis veronsécheren. An eiser Gesellschaft ginn och Viren ëm. Dat si keng medezinesch oder biologesch Viren. Neen dat sinn gedanklech Viren, déi ëmmer nees versichen eis Gemeinschaft ze destabiliséieren. Dat laténgescht Wuert "Virus" bedeit an der Iwwersetzung "Gëft, Schläim". Munch Gëft geet duerch eis Zäit. Ëmmer nees gëtt versicht, dat schlecht ze maachen, wat aneren wäertvoll a wichteg ass. Um Ufank vum Chrëschtentum huet wuel déi deemoleg griichesch-réimesch Gesellschaft d’Chrëschten als Viren ugesinn, déi hier al Gesellschaftsform lues a lues opgeléist an zerstéiert huet. A spéidere Joren waren et da Leit wéi de Willibrord, déi ëmgedréint heednesch Gedanken a Formen als Gëft ugesinn a si bekämpft hunn. Hien huet also reagéiert fir seng Relioun, säi Glawen ze verdeedegen. D’Methoden géifen eis haut wuel ee wéineg drastesch virkommen, wéi eben am Fall vum Fraubillenkräiz, awer säin Asaz war gedriwwen vun senger fester Iwwerzeegung. D’Kräiz war d’Zeechen vun de Chrëschten. Hien huet also mat dësem Kräiz dat Béist verdriwwen. Ech maachen alt mol gären esou Versich mat Wuertspiller. Dofir och elo esou ee Wuertspill. Wann ech am Latäin d’Wuert "Virus" huelen an ee Kräiz doran haen, da gëtt aus dem "Virus" "Virtus", also ech setzen een T, ee Kräiz an de Virus. "Virtus" bedeit: "Tapferkeit, Tugend, Tüchtigkeit". "Das Wort vom Kreuz ist denen, die verloren gehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft." (1 Kor 1,18), seet eis den Apostel Paulus an der Liesung um Fest vum Willibrord. Jo, mir mussen déi Dugenden nei entdecken, déi ee Paulus, ee Willibrord an anerer ugedriwwen hunn, deem Béisen an der Welt ze widderstoen an dës Botschaft vum Kräiz an de Virus, an d’Gëft eran ze setzen, sou dass et sech verwandelt an eng nei Dichtegkeet, déi eis allen ze Gutt kënnt. Wa mir d’Kräiz, an dat heescht dem Jesus seng integral an déif Botschaft, unhuelen, da gi mir selwer fäeg, fir gutt an eis Welt eran ze wierken. D’Kräiz ass natierlech ee Symbol. Engersäits ee Symbol vun der Ënnerdréckung, vun der Muecht, vun der Grausamkeet. Anerersäits ass et fir eis als Chrëschten awer eben och ee Symbol, en Zeechen fir déi extrem déif Botschaft vum Jesus, deen sech géint all Grausamkeet an Ënnerdréckung vun der Welt gestalt huet, deen natierlech kierperlech dëser Muecht vun der Welt deemools ënnerleeë war, mä deen awer moralesch dës Grausamkeet duerch seng Léift iwwerwonnen huet. D’Kräiz gëtt dofir fir eis als Chrëschten zu engem Zeechen vum Sig vun der Botschaft vu Christus iwwer dat Béist. Mir dierfen elo sécherlech dëst Symbol net notzen fir selwer anerer ze ënnerdrécken. Dat ass leider all ze dacks och an eiser Geschicht vun der Relioun geschitt. D’Dynamik vum Glawen an och vum falsche Glawen ass leider eng real Gefor an awer och eng positiv Dynamik, déi zu neie Weeër ureegt. Mir dierfen eis net vun der Angscht leede loossen, déi eis ariet, dass mir dëst oder dat verléieren. Wann eise Glawen echt ass, wann eis Iwwerzeegung vun der Botschaft vum Jesus déif an eis erageet, da brauche mir keng Angscht ze hunn, och wann sech d’Zäiten, d’Strukturen, déi gesellschaftlech Zoustänn an esou vill aner Saachen änneren. Wann dës Botschaft vun der Léift dat ass, wat eis am Häerz betrëfft a beweegt, da kënne mir si och positiv notzen. Déi äusser Ëmstänn, déi materiell Gegeebenheeten kënnen sech da roueg änneren. Dat kann an dierf eis dann net treffen. Zweiwel si wuel ëmmer an eis. Awer besteet en Zweiwel dorunner, dass d’Léift ee fir deen aneren dat ass, wat dat Wichtegst ass? Grad elo an dëse schwieregen Zäiten vu Krankheet, mierke mir wéi wichteg et ass, dass mir aus dëser déiwer Léift eraus, eis zesummendinn an eis géigesäiteg schützen, eis hëllefen, eis opmonteren. Et ass elo net un der Zäit fir fanatesch al Kamellen opzekachen. A senger Schrëft "Dynamics of faith" huet de Paul Tillich schonn 1957 kloer op munch Gefor higewisen wann hie schreift: "Bei jenen, die in ihrem unerschütterlichen Glauben ruhen, sind Pharisäismus und Fanatismus unverkennbare Symptome unterdrückten Zweifels." (Paul Tillich, Dynamik des Glaubens (Dynamics of Faith): Neu übersetzt, eingeleitet und mit einem Kommentar versehen von Werner Schüßler, De Gruyter Berlin/Boston 2020, S. 80) An och a senger Schrëft "The Courage to Be" seet hien: "Fanatismus ist das Korrelat der geistigen Selbstaufgabe: die Angst, die der Mensch besiegen wollte, zeigt sich jetzt darin, daß er mit unmäßiger Heftigkeit jeden angreift, der ihm nicht beistimmt und durch seine Abkehnung Elemente in dem geistigen Leben des Fanatikers enthüllt, die dieser in sich unterdrücken muß. Weil er sie in sich selbst unterdrücken muß, muß er sie auch in dem anderen unterdrücken. Seine Angst zwingt ihn dazu, Andersdenkende zu verfolgen. Die Schwäche des Fanatikers liegt darin, daß diejenigen, die er bekämpft, eine geheime Gewalt über ihn ausüben, und dieser Schwäche muß er schließlich unterliegen." (Tillich, Gesammelte Werke XI, 44f.) Wat ass also dat, wat eis wierklech betrëfft an ureegt? Dat kann dach nëmmen dësen déiwe Glawen un dës ultimativ Léift sinn, déi mir da selwer an eisem Liewen ëmsetze sollen. An déi léist eis ni, wierklech ni, zu grausame Fanatiker ginn, déi anerer néier maachen, just well mir Angscht hunn, eis Meenung kéint net duerchkommen. Ech kommen erëm zeréck op de Willibrord. Fir mech ass déi al Legend vum Fraubillenkräiz genee dat. De Willibrord huet en Zeeche gesat. Hie wollt de Leit kloer maachen, dass et net op ee kale Steen ukënnt mä op déi lieweg Léift, déi bis an den Doud geet an déi duerch eben d’Kräiz symboliséiert gëtt. "Das Wort vom Kreuz ist denen, die verloren gehen, Torheit; uns aber, die gerettet werden, ist es Gottes Kraft.", seet eis haut de Paulus. D’Kräiz kann een als ee Symbol vum Doud huelen. Et kann een et awer och als Symbol vum Asaz fir de Matmënsch, als Symbol fir déi onendlech Léift huelen. Fanatismus a klengkaréiert Angscht virum Verloscht vun iergendwellechen materiellen Virdeeler dierf net eist Uleies sinn. Eist Uleies muss et sinn ëmmer an iwwerall dës echt Dugenden vu Jesus Christus géint dat Gëft, géint de Virus vun der Onvernonft, der Onmënschlechkeet, dem Has ze setzen an all Mënschen eis Léift ze schenken. Eis Aufgab muss et elo an dëser schwiereger Zäit sinn, fir aus eiser Léift zu enaner op enaner opzepassen, eis ze hëllefen a besonnesch fir déi Krank an déi Schwaach do ze sinn. De Willibrord gëtt an der Litanei ugeruff: "Hl Willibrord, Zuflucht der Kranken - Hl Willibrord, Helfer der leidenden Menschen." Loosse mir dat dach och einfach selwer sinn. Gowegebiet
Gudde Gott, huel d’Gowen un, Präfatioun: Votivmass vum hl. Willibrord
Jo, et ass richteg a gutt, dir hellege Papp, Schlussgebiet
Allmächtege Gott, Segen
Den Härgott, den allmächtege Papp, Hie soll iech fest maachen am Glawen, Den Här huet séin treien Denger Willibrord opgeholl an seng Freed; An esou soll hien iech seenen:
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement