Merci un d’Kommunal Kierchefabrik Rouspert-Mompech

Juni 2019


Home Back Print Kontakt

Zënter dem 1. Abrell gett d’Comptabilitéit an d‘Konteféierung vun de Kommunale Kierchefabriken aus onser Por vum Kierchefong an der Stad gefouert. Domadder wore mir an d’Por Lëtzebuerg Notre-Dame virum grousse Changement den 1. Mee „Versuchskanéngercher“.
D’Verméige bleiwt weiderhinn dat vun onse Gemeinschaften a vun onser Por, wou déi Kommunal Kiercheréit an de „Conseil de Gestion paroissiale“ (CGP) driwwer bestëmmen. Souwuel um Niveau vun onser Gemeng Rouspert-Mompech wéi och vun onser Por St. Willibrord bidden déi nei Strukturen vill Chancen, wou mir ons mat der Zäit vill méi staark opstelle kënnen, wéi dat bis ewell de Fall wor, wou all Kierchefabrik eng aaner Rechtspersoun a Synergien dowéinter schwiereg woren.
Dese Changement bidd mir d’Geleeenheet nach emol all deene Merci ze soen, déi bis deen Dag als Trésorieren bénévol d’Finanzgeschäfter vun onser Kommunaler Kierchefabrik Rouspert-Mompech an hiere Virgängerinnen am Alldag besuergt hunn. Vergelt’s Gott Leo Nies (Bur), Johny Dahm (Hierber), Jos. Wagner (Mompech), Hubert Krier (Rouspert-Dickweiler-Klaus), Leo Weydert (Uesweller) an Alain Hoffmann (Steenem an déi lescht Zäit och Méischdref). Merci och deemselwechten Alain Hoffmann fir seng Disponibilitéit als Trésorier vun onser Kommunaler Kierchefabrik am neie System.

Luc Schreiner

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement