|
Pilgermass fir den Dekanat OstenMëttwoch, 9. November 2022
Willibrordusoktav 2022Mëttwoch, 9. November 2022 Oktavpriedegt vum Josiane Mirkes
LesungLesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korínth. Schwestern und Brüder! Der Gnade Gottes entsprechend, die mir geschenkt wurde, Denn einen anderen Grund kann niemand legen Ob aber jemand Wisst ihr nicht, dass ihr Gottes Tempel seid PsalmenGott ist uns Zuflucht und Stärke, Die Wasser eines Stromes erquicken die Gottesstadt, Der Herr der Heerscharen ist mit uns, Aus dem Heiligen Evangelium nach JohannesDas Paschafest der Juden war nahe, und Jesus zog nach Jerusalem hinauf. PredigtLéif Pilgerinnen a Pilger aus dem Dekanat Osten, schéin, dass Dir haut hei sidd. Verschiddener vun iech hunn eng intensive Bindung hei zu Iechternach a komme reegelméisseg heihinner fir ze bieden oder bäi besonnesch festleche Geleeënheeten eng Hand mat unzepaken. Et schéngt sou, wéi wann den Hellege Willibrord an d’Basilika eng Aart Magnéit wär, wat eis all unzéit an zesummenhale kann. Den Hellege Willibrord an seng Basilika, oder eis Basilika, kënne Fundamenter fir eng lieweg Gemeinschaft sinn. Wéi vill Pilgergruppe kommen am Laf vum Joer heihinner un d’Graf vum Hellege Willibrord? Wéi vill Leit bréngen hier hir Uleies, an hoffen em e Liichtbléck, ëm Kraaft fir hire Wee weider ze goen, grad dann, wann et hinnen u Kraaft feelt? Sécher, den Iechternacher ass d’Basilika besonnesch un d’Häerz gewuess an den Hellege Willibrord souwisou. Mee och eis ass et eng Heemecht ginn, wou mir Rou fanne kënnen a wou mir nodenke kënnen, bieden a sangen, kloen a Merci soen. Kuckt emol ronderëm Iech: An de Kierchefënsteren si wichteg Momenter vum Willibrord sengem Wee, wichteg Meilesteng fir eise Glawen um Altor mat deene 4 Evangelisten, an der Krypta, verbuergen an och net, dem Willibrord säi Graf. Op dem Fundament vu sengem Graf steet den ënneschten Altor. De Steen vum Altor ass a Muschelform geschnidden, d’Muschel als Zeeche vum Liewen. Den Altor ass op ënnendrënner, sou dass een d’Fundament erahne kann. En revanche ass d’Graf och op uewendriwwer, bildlech gesinn, et ass op fir d’Gemeinschaft, déi ronderëm dësen Altor feiert an och op fir de Lien no uewen wou mir traditionell Gott mengen domat, wa mir vun „uewen” schwätzen. D’Bindunge ginn an all Richtungen. Eng lieweg Gemeinschaft? Nun, an der Liesung vun haut aus dem 1. Korintherbréif gëtt vu Jesus Christus geschwat, den d’Fundament ass, op dem mir bauen. Jidderee muss awer iwwerleeën, wéi en op dem Grond weiderbaut. Mir kréien awer Vertraue geschenkt bäi der Missioun: Mir sinn den Tempel Gottes, dësen Tempel si mir als Eenzeler an als Gemeinschaft. Den Härgott huet säi Geescht an ons geluecht. Fir et e bësselchen ze ëmschreiwen, kéint ee soen: Hien huet seng Iddien, seng Richtung an eis geluecht, an duerch de Fait, dass hien seng Kraaft an eis geluecht huet, mécht hien et méiglech, dass mir fir seng Botschaft, fir seng Liewensrichtung, seng Wäerter kënne brennen, richteg an den Träipe gepaakt ginn a mat dem Sëtz vum Wëllen, eisem Häerz, entscheeden, wat mir domadder maachen an och net maachen. Et ass méiglech, dass mir beréiert sinn, bis an eist Ënnert. Et ass natierlech och méiglech, dass mir d’Relatioun mam Jesus längstens, éier mir beréiert waren, ofgebrach hätten. Dëst an den Träipe gepaakt ze sinn, léisst eis als Gemeinschaft lieweg sinn, e Liewen wat net iwwerflächlech ass, wat net u Materiellem oder Vergänglechem hänkt, wat bewosst weider geplangt gëtt, wat een net zerstéiere kann. Am Evangelium hu mer vun der beschtbekannter Tempelreinigung héieren, wou de Jesus als dee beschriwwe gëtt, deen sech engagéiert fir déi déif Wäerter, dass den Tempel fräi bleift vu Geschäfter an Händler, also iwwerflächlech gëtt. Et ass dëst eng Zeen, déi och an der Musek lieweg gi gelooss gëtt. Den Zoltan Kodaly huet an „Jesus and the Traders“ op ganz androcksvoll Aart a Weis dem Jesus seng Arrivée virun Ouschteren zu Jerusalem feierlech, an der Rou, gesammelt , an sou a Musek gesat, eng Rou déi ënnerbrach gëtt vum Ierger vum Jesus, wou hien am Tempel opraumt, d’Händler déi rausfléien, alles duercherneen ass, och an der Musek realiséiert, éier dann d’Nodenke kënnt wat den Tempel ass, wou den Tempel ass a wéi mir dem Tempel kënnen a senger ganzer Hellegkeet (Heiligkeit) Éier erweisen an dem Jesus nogoen. Dass am Leiden en neit Liewen läit, wat eis iwwer eist ierdescht Liewen erausféiert. Dass den Tempel net nëmmen e Gebai ass, mee e Bild vun eisem Liewen. Dass dat schliisslech de Message ass, den d’Mënschen dozou féiert, fir dem Jesus nozegoen an un hien ze gleewen, den Tempel, deen hien duerch d’Leiden erduerch nees zu neiem Liewen erwächt. Erënnert dat eis net u vill Noutsituatiounen, wou Mënschen eppes brauchen, wat se iwwer de Misär vum Moment ewech zu neiem Liewe féiert, e Liewen wat méi déif ass an anescht ass, wéi dat wat mir vermudden oder souguer erwaarden. Erënnert et eis net un eis Gemeinschaft um synodale Wee? De Wee mam Jesus ass net einfach. Et ass net ëmmer romantesch mat gëllene Wolleken, also alles rosa. Wat géif de Jesus eis haut soen, wann hien an den Tempel bäi eis géif kommen, souwuel de kierchlechen Tempel wéi och eise perséinlechen, eist Liewen? Wat hu mir zougelooss, dass aus der kierchlecher Gemeinschaft gemaach ginn ass? Wat hu mir selwer draus gemaach? Ass et en Haus, eng Gemeinschaft ginn, déi ëm Floskele kreest, déi Ritualer huet, déi awer net an d’Déift vun eisem Mënschsinn gräifen? De Wäert vun engem Gottesdéngscht läit weder am Wäirauch, nach an de gëllene Käerzeliichteren oder an de schéine Gewänner, déi eis heiansdo u vergaangen Zäiten erënneren. Sinn se Oflenkungsmanöver, ass et en Ausdrock vun der Muecht aus vergaangenen Zäiten oder féieren si eis an d’Déift? Mir schwammen heiansdo selwer vun der Déift ewech, deemno u wéi enge Critère mir eis orientéieren fir ze feieren. Wat bréngt den Tempel vun eisem Liewe weider? Wier net wéineger heiansdo méi? Bescheidenheet wier ugesot, sou wéi se beim Stroumspueren, beim Spritspueren ugesot ass. Wa mir an eiser haiteger Zäit wëllen den Tempel vun eisem Liewen éieren, da musse mer eis net froen, ob mir dat schéinste Kleed unhunn. Villméi musse mer ons froen: Wéi vill Minutten am Dag halen ech Rou aus? Wéi vill Sekonnen am Dag verwenden ech fir un anerer ze denken, statt un eise Misär, deen doranner besteet, dass mir selwer net eens ginn an duerfir an autoreferentieller Manéier duerch d’Liewe geeschteren, kloen a jéimeren. Wéi vill Minutten am Dag hunn ech e Gedanken, dass ech meng Situatioun unhuelen an dankbar sinn fir dat wat mir geschenkt ginn ass? De Jesus raumt am Tempel. Villäicht kann dat eis inspiréieren, fir och ze raumen an dat ewech ze huelen, wat eis vum Jesus trennt an eis vun den anere Mënschen ewechhält. De Willibrord ass wéi e Weeweiser. Hien huet sech net ofbrénge gelooss vun der Botschaft vu Gott, dem Zeechness vu Jesus Christus. Hien huet der Kraaft vu Gott Raum ginn. Op dem geschenkten Terrain vun der Schwéiermamm vum Pippin II, der Irmina, huet hie gebaut um Tempel fir d’Botschaft vu Gott lieweg ginn ze loossen. Villäicht musse mir eis grad an dem Punkt nei orientéieren an zesummen op de Wee goen, ganz bescheiden, mee zesummen. Wiem gi mer Raum an eisem Liewen? Wat ass fir eis wichteg? Nun, mir sinn eis eens. Mir hunn nach eng Mëtt an eisem Liewen. Schéin, dass Dir hei sidd an dass mir eise Glawen deele kënnen. Quels sont nos valeurs pour la vie ? Jésus arrive à Jérusalem avant Pâques. Il entre au temple, voit les commerçants, les marchandises, les animaux qu’ils vendent, le bruit qui se développe. Sans doute la communauté s’est éloignée des valeurs qui devraient la marquer : la simplicité, le calme, l’intériorité.
Links:
|