„Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um, und glaubt an das Evangelium!“ (Mk 1, 15)

Editorial aus dem Parbréif 2/2018


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

„Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um, und glaubt an das Evangelium!“ (Mk 1, 15)

Dat ass d’Opfuerderung, déi mir um éischte Faaschtesonndeg am Evangelium zougeruff kréien. Ëmkéieren an un d’Botschaft vum Evangelium gleewen ass allerdéngs eng grouss Herausforderung, well mir mussen ëmdenken an ons vu bannen änneren.

An der Basilika zu Iechternach fanne mir een eegenaartegt an och eenzegaartegt d’Chouergestill, dat de elsässesche Kënstler Théophile Klem 1912 fir d’Basilika geschafen hat a wat no enger laanger Zäit am Exil 2016 erëm zrëckkomm ass. Mëttlerweil sinn dës konschtvoll geschnëtzten Déieren- a Mënschefirguren vum Chouergestill net nëmmen Objetën vun der Bewonnerung mä och stëll Begleeder vun eiser wöchentlecher Vesper um Donneschdeg Owend. De regelméissegen Beobachter gëtt vun dësem beandrockenden Zesummespill invitéiert, ze „Liesen“ an ze „Deiten“ , awer och zum Dialog an zum Nodenken. Well wann ee sech Zäit hëllt an déi eenzel Duerstellungen kuckt an op sech awierke léist, da kommen onweigerlech Froën op: Wat ass hei duergestallt? Wat wëll de Kënstler mat sengen Duerstellungen soën? Mir wëssen leider net, wat de Kënstler sech geduecht huet. Awer si fuerderen eis eraus nozedenken a loossen och erkennen, wat gemengt ass. A mir menge schon, datt ee grad dës Duerstellungen an de Kontext vun der Faaschtenzäit erasetze kann. Ëmkéier a Glawen un d’Botschaft vu Jesus Christus ass wuel déi hannergrënneg Botschaft vun dësem Wierk vum Théophile Klem. Op der rietser Säit sëtzt op der éischter Plaz ee Mönch. Hie liest an engem Buch a beobachtet dann natierlech och dat, wat rondrëm hie geschitt. Hannert him gesi mir eng Eil. D’Eil ass traditionell ee Symbol fir d’Weisheet. Mat der Weisheet am Hannergrond kuckt elo dëse Mönch seng Welt, dat, wat virun him geschitt a vergläicht et mat deem, wat a sengem Buch steet. D’Buch ass wuel d’Bibel, d’Helleg Schrëft, d’Botschaft vu Gott a vu Jesus Christus. Hien kuckt nodenklech d’Déieren an d’Mënschen, déi „tëschendéierësch“ an „tëschemënschlech“ Handlungen. Hien schéngt Orientéierung am Buch vun der Bibel ze fannen. Awer, wat gesäit dëse Mönch?

Direkt rondrëm hien kann een erhaben a mächteg Déiere gesinn. Si stelle wuel déi traditionel Kardinoltugenden duer: d’Kaméil d’Mässegkeet a Besonnenheet (temperantia), den Elefant d’Klugheet (prudentia), de Steebock d’Tapferkeet (fortitudo) an den Adler d’Gerechtegkeet (justitia). Dës Kardinoltugenden solle mir als Mënschen selwer verënnerlechen. Allerdéngs ass eis Welt éischter erfëllt vun deem, wat mir als Laster oder als Haltungen, déi zum Doud féieren (déi sogenannt Doudsënden) bezeechnen. De Mënsch ass net perfekt an hien hällt sech wuel och net ëmmer un dat, wat am Mönch sengem decke Buch niddergeschriwen ass.

Wann een am Chouergestill rondrëm sech kuckt an déi eenzel Gestalten betruecht, da sinn esou munech Ontugenden vum Mënsch allegorësch duergestalt. Munecher kann een direkt erkennen, wéi op der lenker Säit déi zwee al Geizhäls, déi krampfhaft hirt Geld an hir Schatzkëscht festhalen (avaratia). Awer och de Pohunn, deen an all senger Pruecht untrëtt an sech breet mecht (luxuria), dann awer vun hannen vun engem Lezard ugegraff a beklaut gëtt. Schéinheet a Räichtum sinn vergänglech an et riskéiert een dra verfaangen ze ginn.

Genee an der Diagonal, op der anerer Säit vum Chouerraum, gesäit de Mönch eng „fabel“-haft Duerstellung vun engem Fuuss hannert enger Gäns, déi gläichzäiteg vun sech iwerzeegt ass an eben och naiv ass. Si ass ouni Ahnung vun hirem imminenten Schicksal. D’Gäns, ee Sinnbild vun der Dommheet (stultitia), gëtt “onerwaart“ vum Fuuss doud gemaach an och gläich gefriess. An dëser duebeler
Szene gëtt ee „Virdrunn“ an en „Nodeems“ vun der net nëmmen déierëscher Wierklechkeet an der Welt ganz staark zum Ausdrock bruecht.

Oder do steet ee stolze Léif, deen déi kleng Maus virun him kaum wouer hëllt. D’Mythologie erzielt eis d’Geschicht, wou de Léif an senger Hochnäsegkeet (superbia) déi kleng Maus wëll friessen an déi dann drëm biedelt fir verschount ze ginn, well ee jo ni ka wëssen, firwat dat gudd ka sinn. Wéineg méi spéit knabbert déi kleng Maus d’Netz duerch, an deem deen héichmiddegen Léif gefaange war.

All dës Biller stellen eis dem Mënsch seng Laster a gläichzäiteg seng Zerbriechlechkeet virun Aan. Dobäi soll grad de Mënsch d’Kroun vun der Schöpfung sinn, d’Apotheose vun der ganzer Entwëcklung an der Welt. Awer de Mënsch selwer ass schwaach an ufälleg. Op der lénker Säit fanne mir ee jonke Mann, deen an senger Lidderregkeet (acedia) vun engem Däiwel vun hannen attakéiert gëtt, an och eng al Fra, déi virun hirem noën Enn a Verzweiflung (desparatio) geréit an esou och vun engem Draach matgeholl gëtt.

De Mönch op der rietzer Säit kuckt a beobacht dës Welt voller Héichten a Déiften, voller Freed a voller Leed, voller geféierlecher Haltungen an Astellungen, déi d’Menschen an d’Gesellschaft zerstéieren kënnen. De Mënsch als Kroun vun der Schöpfung ass dann awer net méi, wéi all déi aner Geschöpfer an der Welt. Op der lénkser Säit sëtzen zwee Aafen. Och si hu Bicher, wou si dra liesen oder schreiwen. Si betruechten, wat scheinbar dichteg Wëssenschaftler (z.B. den darwinischen Evolutionsbefirworter Ernst Haeckel [1852-1919]) sech esou iwwert de Mënsch a seng Entwëcklung geduecht hunn. Deen een fillt sech un de Kapp. Hie kann et net gleewen. De Mënsch ass ëmmer nach a sengen Laster a Schwächten gefaangen, net erléist, net fräi vun Leed a Misär. Dat Ganzt läit wuel u senger Onfähegkeet, Laster ze erkennen an ze duerchkucken, hinnen ze entsoën an sech ze bekéieren zu der Botschaft vun der Léift, déi de Mönch a senger Bibel liest. Erléisung kann et nëmme ginn, wann de Mënsch sech zu deem bekéiert, wat de Mönch a sengem Buch liest an net zu deem, wat den Aaf wuel liest. „Die Zeit ist erfüllt, das Reich Gottes ist nahe. Kehrt um, und glaubt an das Evangelium!“ (Mk 1, 15). Nëmme wa mir d’Evangelium eescht huelen, kann et eng erléiste Welt fir all Geschöpf ginn.
Solle mir ons an dëser Faaschtenzäit net Rendez-vous bäim Chouerrgestill an der
Basilika ginn?

Carlo Morbach an Tom Osborne


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement