Mam Geescht vu Gott an eng nei Zäit vun eiser kierchlecher Gemeinschaft


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Am Moment wou ech dës Zeilen nidderschreiwen, ass eis Muttergottesoktav grad am gaangen. „Mat dir an eng nei Zäit“, ass d’Thema. Effektiv brécht fir eis Lëtzebuerger Kierch eng nei Zäit un. Villes mécht eis Suergen an Angscht. Wat kënnt do alles op eis zou? Wéi geet et weider? Kaum een huet déi passend a richteg Äntwert. Munnechmol kënnt et vir, wéi wann alles um zerfale wier. Et ass bal wéi mat dem Kierchtuerm vu Breidweiler, deen zimlech marode ass. D’Substanz léist sech op. Déi fest Steng sinn um zerbréckelen an zerfalen zu Stëpps. Ass et net och dacks grad dat Gefill, wat iwwert eis kënnt, wa mir op eis Kierch insgesamt als Gemeinschaft kucken? Sou vill Mënschen hunn dës Gemeinschaft verlooss oder notzen si just nach zu besonneschen Geleeënheeten. D’Botschaft vu Jesus Christus zerfält ëmmer méi an der haideger Gesellschaft. Also, wéi kënne mir an eng nei Zäit eragoen?

D’Fest vu Päischten steet virun der Dir. An grad do kréie mir ganz gutt gewisen, wat dat soll bedeiten, fir an eng nei Zäit ze goen. Dem Jesus seng Frënn, d’Apostelen an all déi aner, déi matt him eng Rei Joeren ënnerwee waren, haten deemools vläit en ähnlecht Gefill wéi mir haut. Um Päischtfest hu si deen entscheedenden Impuls kritt. De Geescht vu Gott koum a si. Dëse Geescht huet si staark gemaach. Si haten vun engem Moment zum aneren den Duerchbléck, wéi hir nei Zäit als Jesusgemeinschaft kéint ausgesinn. Si hu sech begeeschteren gelooss an hunn ugefaangen mat hiren Mëttelen a mat hiren Iddiën vum Jesus a senger Botschaft ze erzielen. An nach vill méi: si hunn dës Botschaft och gelieft. Si hunn dat gelieft, wat si gepriedegt hunn.

D’Welt huet sech wuel zënterhier verännert. D’Mënschen hunn dës Welt verännert. An awer si mir am Kär, an eisem Häerz, déi selwecht bliwwen. An d’Botschaft vum Jesus ass och haut nach wichteg a wäertvoll. Deemools hunn d’Chrëschten vill nei Memberen fir hir Gemeinschaft fonnt duerch hiert virbildlecht Liewen. Kann een un eis nach erkennen, dass mir Chrëschte sinn an dem Jesus seng Botschaft eescht huelen? Wa mir am Geescht vum Jesus liewen an handelen, da si mir och haut een Zeechen, dem vläicht hei an do widdersprach gëtt, mä dat awer och Virbild gëtt an dat Loscht mécht fir matzemaachen.

Op Päischten heescht et an der Apostelgeschicht: „Wieso kann sie jeder von uns in seiner Muttersprache hören?“ (Apg 2, 8) D’Äntwert ass einfach: D’Sprooch vun der Léift an der Baarmhäerzegkeet, d’Sproch vum Fridden an der Wourecht ass universell. Déi versteet all Mënsch. Wann ech een aneren gutt behandelen, wann ech him mat Léift a Respekt begéinen, wann ech baarmhäerzeg sinn, da brauch ech keng grouss Wierder ze maachen.

D’Steng, matt deenen eist Gebai vun der kierchlecher Gemeinschaft muss gebaut sinn, sinn d’Steng vun der Léift a vun der Baarmhäerzegkeet. Dës Steng musse mir erëm als eist Fundament fir eng nei Zäit an eiser Gemeinschaft leeën. D’Léift an d’Baarmhäerzegkeet muss all eist Handelen an der Kierch duerchdréngen, da ka kee schlecht Wierder, kee Reen a kee Frascht eist Mauerwierk zerstéieren.


Carlo Morbach, Paschtouer



Komm herab, o Heil‘ger Geist,
der die finstre Nacht zerreißt,
strahle Licht in diese Welt.
Komm, der alle Armen liebt,
komm, der gute Gaben gibt,
komm, der jedes Herz erhellt.
Gib dem Volk, das dir vertraut,
das auf deine Hilfe baut,
deine Gaben zum Geleit.
Lass es in der Zeit bestehn,
deines Heils Vollendung sehn
und der Freuden Ewigkeit.



aus der Sequenz vu Päischten
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement