Missionare vun der Léift

Oktober 2015


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Missionare vun der Léift

An dësen Deeg feiere mer d’Fest vum Hellege Willibrord. E groussen europäesche Missionar. Seng déif Iwwerzeegung a säi staarke Glawen un den dräifaltege Gott, dee Mënsch ginn ass a Jesus Christus, wollt hie net fir sech behalen. Hien huet sech op de Wee gemaach, fir dohinner ze goen, wou d’Mënschen hie gebraucht hunn. Hie konnt a wollt déi Léift zu Christus a senger Kierch net fir sech behalen. Hie huet seng Iwwerzeegung a säi Glawe weiderginn un aner Mënschen. Sou gouf hien bei eis, jo fir ganz Europa, zum Baumeeschter vum Glawen an zum Baumeeschter vu Kierchen, Schoulen a Kléischter.

Zu Iechternach zieren mer haut nach un deem, wat hien deemools gemaach a gelieft huet. Sou schéin et och ass : Mir dierfen eis net zefridde ginn mat deem wat mer hunn a sinn. Eise Liewens- a Glawenswee geet weider. Deemools war et de Willibrord, haut ass et un eis Missionare ze sinn vu Jesus Christus. Aner Mënschen ze begeeschteren vun der Botschaft vum Evangelium. Ze liewen a weiderzeginn, wat mer gleewen.

Den Apostel Péitrus schreift : « Seid stets bereit, jedem Rede und Antwort zu stehen, der nach der Hoffnung fragt, die euch erfüllt. » (1 Petr 3,15) Firwat net aner Mënschen uspriechen a begeeschteren, fir mat eis ze bieden, mat eis ze liewen, fir mat eis Liturgie ze feieren? Komm mat, mir brauchen Dech an der Kierch, mir brauchen Dech an der Chorale, mir brauchen Dech an de Fraen a Mammen, mir brauchen Dech an de Massendénger, mir brauchen Dech als Lektor oder Kommunionhelfer. A wa mer e Schrëtt weider ginn : Mir brauchen Dech als Priester, als Uerdensfra, als haaptamtleche Mataarbechter…

Fir aner Mënschen « unzestiechen » vun eiser Iwwerzeegung a Begeeschterung, musse mer natierlech fir d’éischt mol selwer iwwerzeegt a begeeschtert sinn. Dat heescht vläit och, datt mer eis - vläit méi wéi bis elo - mam Liewen a Wierke vu Jesus mussen ausenanersetzen. Datt mer eis fir d’Kierch an hir Mënschen interesséieren, datt mer eis fir d’Liewen an der Welt opmaachen an d’Realitéit wouer huelen. Datt mer eis weiderbilden. An virun allem : datt mer eis Relatioun mat Christus verdéiwen an intensivéiren.

Missionaresch täteg sinn, bedeit awer net nëmmen, datt mir Mënschen bei eis invitéieren, mä datt mir och bei si ginn. Sou wéi de Jesus et gemaach huet. Dat heescht : oppen Oueren an Häerzer hunn, fir déi Mënschen déi eis brauchen an hinnen eis konkret Hëllef ubidden. Besonnesch an dësem Ablack, wou onendlech vill Mënschen op der Flucht sinn, well se hir Heemecht duerch Krich, Terror a Gewalt verluer hunn.

Wa mer op d’Liewen kucken vum Hl. Willibrord, da gi mer encouragéiert, sou wéi hien Missionaren ze sinn an der Zäit vun haut. Grad an der Basilika vun Iechternach ass eng Plaz, wou mer dofir Kraaft vum Härgott geschenkt kréien, well do schonns dausende, jo Millioune Mënschen am Laf vun den Joerhonnerte hi komm sinn, gebiet a gefeiert hunn.

Loosse mer eis inspiréieren vun der grousser Perséinlechkeet vum Hl. Willibrord, an traue mer eis Mënschen ze sinn, mat Réckgrad a Visiounen, déi net fäerten hir Iwwerzeegung an hire Glawen ze liewen a weiderzeginn un eis Welt vun haut.

Dat wënscht Iech vun Häerzen
Ären Dechen a Paschtouer
Francis Erasmy
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement