Ouschteren, dëst Joer anescht ?

12. Abrël 2020


Home GoBack Print Kontakt

Léif Kanner, léif Jugendlech, léif Leit, Bridder a Schwësteren, déi mir e gemeinsame Glawen deelen a Kraaft sollen doraus schäffen.

Dëst Joer ass alles anescht. Jo, den 11. Mäerz war ech fir d’lescht an dëser Faaschtenzäit offiziell a mengem Beruff ënnerwee, den 12. Mäerz hate mir owes an der Basilika nach Kräizwee gebiet an mir hunn d’Vesper zesumme gesongen. Vu Freides un hu mir dat ëffentlecht Liewen agestallt a sinn heiheem, dëst zu ärem Schutz an och zu eisem.

Et ass tatsächlech eng Faaschtenzäit ginn, eng Zäit vun der Besënnung, eng Zäit vum Gebiet, eng Zäit vun der Konzentratioun op dat Wesentlecht. Ganz onweigerlech hunn ech mir des Ëfteren an de leschte Wochen déi Fro gestalt, wat en fir ze liewe brauch. Et ass net schrecklech vill: mir brauche Gesondheet a Fridden.

Méi wéi jee ass a leschter Zäit grad d’Gesondheet a Fro gestallt. A och wa verschidden Zäitgenosse mengen, et géif eng harmlos Gripp eis Welt an Otem halen, sou ass, wann een et méi genee kuckt, grad e geféierleche Virus am Gaang, eis Welt ze ploen a villes aus den Aangelen ze hiewen. De Covid 19 bedeit Angscht, eng grouss Virsiicht an e ganz soignéisen Ëmgang, wann een iwwerhaapt erausgeet, jo, e bedeit grouss Suerg ëm eis vulnerabel Leit, an och ëm déi, déi scheinbar net als vulnerabel gëllen, wann e verschidde Krankheetsverleef op sech awierke léisst. An och wann déi gesondheetlech Kris iergendwann iwwerstane wär, sou wäerte mir eis wirtschaftlech gesinn, nach laang un dës Kris erënneren.

Och fir eis kierchlech Gemeinschaft ass alles anescht an dëser Zäit. Mir versammelen eis net fir ëffentlech Gottesdéngschter, mir streamen oder kucken op der Televisioun, lauschteren um Radio, oder mir maachen et am Stëllen doheem, andeem mir doheem an der Helleger Schrëft liesen a Gebietszäiten anhalen an zesummen deelen. Et schéngt eng Faaschtenzäit ze sinn, well eis d’Gemeinschaft feelt. Jo, villäicht ass et souguer eng richteg Klagezäit (Karwoch kënnt vum aldäitsche Wuert Kara, wat souvill heescht wéi Klage).

Mee villäicht ass et och grad d’Zäit fir en neit Bewosstsinn ze entwéckelen, dass d’Kierch net eis Gebaier sinn, mee och, a vläicht virun allen eis Gemeinschaft. Op eis Kierchen op oder zou sinn, op mir doheem bleiwen, wat ech wäermstens recommandéieren, oder op mir an der Natur spadséiere ginn, mir kënnen iwwerall déi Gemeinschaft liewen andeem mir een un den aneren denken, d’Texter vun der Helleger Schrëft liesen an driwwer nodenken a bieden. Och sou entsteet eng Gemeinschaft. Wa mir déi verschidde Fester vun der Karwoch meditéieren, an d’Wechselbad der Gefühle vun dëse Fester eescht huelen, da gesi mer, dass grad dës Karwoch ganz no bäi eis ass.

Pällemsonndeg feiere mir, dass de Jesus a Jerusalem anzéiht a vu senge Frënn wéi e Kinnek begréisst ginn ass. Et ware sécher awer du schonn och déi kritesch Stëmmen do, déi de Jesus verrode wollten, ausliwwere wollten. Dat passt gutt bäi eist Liewen, oder?

Grëngendonneschdeg feiere mir dat lescht Abendmahl. Mat ganz einfachen Zeechen ass de Jesus ënner senge Frënn present, jo bis haut nach. Hie gëtt hinne mat der Fusswaschung dat Beispill, dass si, an domat och mir, een dem aneren dénge kënnen. E Message och un eis, grad an dëser schwiereger Zäit!

Karfreideg: De Jesus hëlt säi schwierege Wee, de Wee bis op d’Kräiz op sech. Wie geet de Wee mat?

Karsamschdeg: De Jesus gëtt an d’Graf geluecht. Faasse mir den Dag als en Dag vu Rou, vu Matleiden op, en Dag de mir mam Jesus ginn, en Dag wou mir och fir eis un all Hoffnungen denken, déi a Fro gestalt sinn oder déi souguer begruewe sinn. Jo, dat si keng einfach Gedanken, Gedanken, déi mir net ëmmer gären zouloossen, a wou ech trotzdeem hoffen, dass mir en ënnere Fridden hu fir domat ëmzegoen.

Mee no der Karwoch kënnt Ouschteren. Ech hu mech an dëse Wochen oft gefrot wat mir eigentlech Ouschtere feieren. Ass d’Opersteeung a Fro gestalt?

Nu, ech mengen, mir feieren eng ganz wäertvoll Opersteeung; d’Opersteeung vun de klenge Gesten, vun de bescheidenen Iddien, vun eisen heemleche Gebieder a Wënsch, e fir den aneren. Loosse mir d’Liewen eescht huelen, an e mat dem anere sinn! Grat dann gëtt de Jesus nees lieweg bäi eis a mir kënne soen, hien kritt op Ouschteren en neit Liewen, och wann de Wee schwéier ass.

Halleluia, dësen, eise Jesus lieft a geet eise Wee mat eis.
Denke mir een un den aneren, dann hunn och mir eng Ouschterfreed!

Geseenten Ouschteren fir Iech all.

Josiane Mirkes

Links:

Top Lëscht

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement