75 Joer Retour aus der Evacuatioun


Home Back Print Kontakt Girsterklaus

Dat nächst Fréijoer wäerten et 75 Joer hier sinn, datt d’Leit vun Iechternach an aus den Dierfer ronderëm aus der forcéierter Evacuatioun nees heemkomme konnten. Mat geflücht wor deemols och d’Gnodebild vun der Muttergottes vun der Giischterklaus, dat den 10. Mee 1945 – zwee Deeg nom Enn vum Zweete Weltkrich – nees op d’Klaus zréck komme konnt.
Den 10. Mee 2020, um zweeten Oktavsonndeg, wëlle mir do besonnesch drunn erënneren, an och d’Wierklechkeet an d’Flucht, vun haut an de Bléck huelen. E Programm fir Kleng a Grouss ass am Gaangen opgestallt ze ginn. Schons elo huet fir moies den Doumpropst an Historiker Georges Hellinghausen zougesot, deem seng Familljegeschicht mat der Evacuatioun vun der Giischterklausener Géigend verknäppt ass. Nomëttes dierfe mir, als Vertrieder vum Kardinol-Äerzbeschof, de Weihbeschof Leo Wagener bei ons hunn.
Sécher wäerten och soss deemnächst munch aner Feiere stattfannen, fir un dës schwéier Zäit an onse Géigenden ze denken. Loosse mir dat net vergiessen a matsuergen, datt esou e Misère net méi kënnt!


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement