Mir stellen eis vir

Aus dem Parbréif vum 29.10 - 3.12.2017


Home GoBack Print Kontakt

Frënn vun de Kierchen aus der Gemeng Mompech

Nodeems vill Leit, mat Suerg, den Dossier vun der sougenannter „Trennung vu Kierch a Staat“ verfollegt hunn, gouf an der Gemeng Mompech eng a.s.b.l. gegrënnt, déi sech den Erhalt vun de Kierchen um Terrain vun der Gemeng Mompech op de Fändel geschriwwen huet.

An enger Welt wou permanent alles méi séier muss goen, an de Mënsch ëmmer méi dat schwaacht Glidd an der Kette gëtt, ass et wichteg eng Plaz ze hunn, wou ee Jesus ka begéinen, a fir sech a Rou ze besënnen. Eng gefestegt Traditioun bitt Sécherheet, an hëlleft, sech fir d’Zukunft ze orientéieren.

Och an Zäite vu GPS, kann eng schéi Kierch am Zentrum vum Duerf nach als Orientéierungshëllef déngen, sief et spiritueller oder geographescher Natur. Déi flott Architektur an déi schéi Géigestänn, verleeden och Leit déi net reliéis sinn dozou, op engem Ausfluch emol ee Bléck an eng Kierch ze woen.

Fir net Gefor ze lafen datt dës Zeie vu Kultur, Konscht a Spiritualitéit iergendwann verkommen, gesäit ons a.s.b.l. sech als Supporter-Veräin, deen d’Kierch op hirem Wee an d’Zukunft begleet, an duerch gezielten Aktiounen, de Kierchen um Terrain vun der Gemeng Mompech ënnert d’Äerm gräift.

Dës Aktioune kënne jee no Fonds de caisse, zum Beispill d’Rëschte vun de Kierche fir d’Feierdeeg, d’finanziell Ënnerstëtzung vun den Aktivitéite vun de Massendénger, den Akaf vun neie liturgesche Géigestänn, oder finanziell Ënnerstëtzung bäi Renovatioune sinn.

Wann Dir ons wëllt bäi onser Missioun ënnerstëtzen, kënnt Dir dat mat engem Don op onsen CCP-Kont ( IBAN LU44 1111 7053 0215 0000 ) maachen. Wann Dir un enger Memberschaft interesséiert sidd, kënnt Dir Iech gäre mam Kathy Bauer (Email: kbauer pt.lu ) a Verbindung setzen.

Am Numm vum Comité an all de Membere vun de Frënn vun de Kierchen aus der Gemeng Mompech, soe mir Iech elo scho Merci fir d’Vertraue wat Dir ons entgéint bréngt.

SPEDENER Jean-Claude BAUER Kathy
President Sekretärin

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement