Zitha-Schwësteren verloossen Consdorf

Mäerz 2018


Home Back Print Kontakt

Am Hierscht hate mir gefeiert, dass zënter 100 Joer d’Zitha-Schwësteren zu Consdorf sinn. Mat vill Méi hunn d’Schwësteren zu Consdorf vill geschafft fir d’Gemeinschaft vum Duerf an doriwwer eraus. Lues a lues ass een Altersheim opgebaut ginn, dat ëmmer nees vergréissert an ëmgebaut gouf. Am Ufank hunn d’Schwësteren do d’Aarbecht quasi eleng gemaach. Wat d’Haus an d’Uspréch un d’Fleeg vun deenen eeleren a kranke Leit ëmmer méi grouss goufen, hunn si och professionellt Personal agestallt. Haut gëtt d’Altersheim ganz duerch professionell Leit versuergt. D’Schwësteren waren an deene leschte Joren souzesoen déi gutt Séil an dësem Haus, déi dann och un déi chrëschtlech Wuerzelen erënnert hunn. Si hunn sech um seelsorgleche Plang ëm d’Leit an hirem Haus gekëmmert.

An der éischter Mäerz-Woch ass dat neit Altersheim a Betrib geholl ginn. All Leit sinn an nei Zëmmeren geplënnert ginn. Dat aalt Haus vum Altersheim gëtt an deenen nächste Joer komplett renovéiert a sanéiert. Duerno gëtt och dëst Haus erëm a Betrib geholl.

Fir d’Schwësteren awer bedeit dës ganz Ëmstrukturéierung, dass si selwer keng Wunnecht méi am Altersheim hunn. D’Schwësteren zéien sech op Capellen zeréck. Domadder geet deemno eng iwwer 100-järeg Geschicht zu Enn. D’Zitha-Schwësteren verloossen Consdorf. Mir verléieren am Duerf an an der chrëschtlecher Gemeinschaft esou ee ganz wichtegen Kristalisatiounspunkt vun eisem Glawen a vun eisem Liewen als Kierch. Si waren an ganz villen Fäll Uspriechpartner fir Froen no Glawen an och no Hëllef. Si hunn duerch hier Präsenz op eng ganz wichteg Dimensioun vun eisem kierchlechen Liewen higewisen. Si hunn eis all un eis Flicht erënnert, dass mir als Gemeinschaft och mussen fir déi schwaach a krank, jo och fir déi vergiessen Mënschen vun der Gesellschaft dosinn.

D’Schwësteren hunn an enger Zäit ee ganz wichtegen Déngscht un der Gemeinschaft opgebaut, wou nach kee Politiker an nach keen Humanist sech Gedanken ëm dee konkreten Asaatz fir déi Schwaach an der Gesellschaft gemaach huet. Si hunn hiert Liewen, hiert Engagement hierginn fir all déi vill Mënschen, déi Hëllef gebraucht hunn an dëse ville Joren. Fir all déi Aarbecht musse mir hinnen ee grousse Merci soen.

An deene leschten Joren, wou ech als zoustännegen Paschtouer vu Consdorf reegelméisseg zwee- bis dräimol an der Woch an der Kapell vum Altersheim Mass gehalen hunn, oder wou och eis Parassistentin desöfteren Gottesdéngschter gehalen huet, si mir eis bewosst ginn, wéi wäertvoll dës kleng Gemeinschaft vun de Schwësteren a vum Altersheim fir eis grouss Pargemeinschaft war. Munch Leit hu jo och reegelméisseg de Wee an d’Kapell vum Altersheim fond, fir da matzefeieren. An aller Bescheidenheet hu mir hei vill schéin Stonnen kënnen zesummen feieren. Et deet dofir scho wéi, dass eis Schwësteren fortginn.

Allerdéngs versichen si an der nächster Zäit, esou wäit wéi et hinnen méiglech ass, och weiderhin präsent ze sinn an derfir ze suergen, dass nach Gottesdéngschter am Haus méiglech sinn. Och dofir gëllt hinnen mäi Merci.

Ech wier frou, wa mir an deenen nächste Joren net vergiesse géifen, wou d’Wuerzelen vun dësem Altersheim zu Consdorf leien, wien et opgebaut huet a wien do säi ganzt Liewensengagement dragestach huet.

Ech wënschen eise Schwësteren eng roueg a gemittlech „Pensioun“, dass si eiser Duerfgemeinschaft dann awer nach treibleiwen an weider versichen déi gutt Séil vum Consdorfer Altersheim ze bleiwen.

Carlo Morbach, Paschtouer


Links:

Consdorf

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement