Seminaristewoch 2013

Kierch sinn an der Pastoralregioun Norden

An der Seminariste-Woch ware mer vum 9. bis de 16. August 2013 op Besuch an der Pastoralregioun Norden. Mir, dat sinn de Präses vum Séminaire Abbé Patrick Hubert, de Spiritual Père Josy Birsens sj an d’Seminaristen Alberto, Daniel, Jacques an Yves. D’Iddi war d’Pastoralregioun Norde kennen ze léieren, vu datt mir all, Präses a Spiritual inclus, an oder no bei der Stad wunnen an dofir den Norden nach net sou kënnen.

alles auf dem Weg

Départ war beim Séminaire. Du goung et op Wooltz (si schreiwen do uewe Wooltz, net Wolz). Wooltz war eis Bas, vu wou aus mer an dëser Woch eis Excursioune gestart hunn. Mir woren am Papa Klein, engem Chalet vun de Scouten, dee matzen a Wooltz läit (ronn 50 Meter nieft dem Schlass). De Chalet ass fir 15 Leit geduecht. Mir waren zu 6, haten also méi wéi genuch Plaz.
Nodeems mer akafe waren, hu mer den Deche Martin Molitor begéint. Hien huet eis bal d’ganz Woch begleet an eis d’Pastroralregioun Norden méi no bruecht. Déi éischt Nuecht war déi schwéierst. Souwuel am « Hären »-Zëmmer wéi am « Maxen »-Zëmmer gouf déi ganz Woch gutt dru geschafft, Beem ëmzeseeën.

weil er staunt und stählt

Den zweeten Dag hate mer moies Rendezvous zu Rulljen am Haff vun der Famill Klein. Si hunn eis gewisen an erzielt, wat et bedeit, haut Mëllechbauer zu Lëtzebuerg ze sinn. Mir kruten zum Schluss och 3 Liter Mëllech geschenkt, Mëllech direkt vun der Kou.
Nomëttes si mer dunn nach weider an den Norde gefuer bei den Abbé Michel Meyer, Paschtouer vum Parverband Ëlwen-Wäisswampech. Hien huet mat eis déi zwou Kierchen vun Ëlwen, eng Franziskanerkierch, a vun Holler, déi als Monument classé 2011 renovéiert gouf, besicht. Déi 2 Kierchen sinn iwweregens all Dag op a sinn derwäert besicht ze ginn. Owes konnte mer dunn d’Mass mat him an de Leit zu Wäisswampech feieren.

und es ist Sonnenzeit, unbeschwert und frei

Sonndes hat e mer d’Mass an der Kierch zu Wooltz. Fir déi, déi net vun do sinn : Zu Wooltz ginn et 2 Kierchen, eng uewe bei der Klinik an eng ënnen am Dal. Déi am Dall ass déi vun Nidderwooltz, déi uewen ass déi vu Wooltz (net Uewerwooltz, dat gëtt et net).
Sonndes mëttes hate mer fräi. Ee vun eis ass dunn zréck an d’Stat gefuer an huet ënnert anerem eng Decke matbruecht. Am Norde sinn et, soen se do uewen, ëmmer ronn zwee bis dräi Grad manner wéi an der Stad.
Owes hu mer de Kräizwee op Bäessent gebiet, wou mer déi zwou Geschichten (d’Versprieche vum Deche Colling am Krich an d’Veréierung vun der portugisescher Communautéit fir d’Notre-Dame de Fatima) erkläert kruten. Duerno hu mer ronderëm engem Lagerfeier den Dag ofgeschloss an den Daniel huet sech op de Wee op Roum gemeet, wou hien dëst Joer studéiert.

teil mit mir deinen Frieden

Méindes ware mer dunn an der Belsch. Moies ware mer zu Warnech, wou mer d’Communauté des Frênes kenne geléiert hunn. Mëttes goung et op Ciney, wou den Dechen a Leit aus der Par eis d’Cellules paroissiales d’évangélisation erkläert hunn. Owes hu mer d’Kompleet no bysanthineschem Ritus an der Abtei Chevetogne gebiet.

das Firmament hat geöffnet

Dënschdes hate mer d’Geleeënheet, mat de Verantwortlechen aus der Pastoralregioun Norden an dem Parverband Wooltz ze schwätzen, wou si eis hir Iddien a Projete virgestallt hunn. Mëttes huet den Deche mat eis en Tour duerch d’Kierchen vun « senge » Parverbänn gemeet. Owes hu mer d’Helleg-Geescht-Mass fir d’nächst Schouljoer gefeiert, déi och den Abbé Patrick Muller, den neie Präses vum Séminaire, matgefeiert huet. Duerno hu mer de Rosaire intercommunautaire an der Kierch zu Nidderwooltz gebiet. Dat ass all 13. vum Mount tëscht Mee an Oktober. Avis aux amateurs.

ich will nur dein Wort

E Recollectio-Dag an der Abtei zu Klierf stoung mëttwochs um Programm. De Père Henri Delhougne huet eis driwwer geschwat, wat et heescht « Écoutez-le ».Owes hu mer de Präses sortant verabschid. Eng Roll gespillt hunn ënnert anerem en Antrag auf Erteilung eines Antragsformulars zur Bestätigung der Nichtigkeit des Durchschriftexemplars, déi éischt Wierder vum Härgott, eng Tut, e Schal an als Special guest eng Rat.

weil er wärmt, wenn er erzählt

Op Léiffrawëschdag hu mer un der Rochusprozessioun op Bäessent zu Wooltz deelgeholl. Zwee vun eis haten d’Éier, d’Rochus-Statue ze droen. Nomëttes huet dunn d’Presidentin vun den « Amis du St Pirmin – Pörmesfrönn » eis d’Pörmeskapell an d’Pörmesquell bei Kauneref erkläert.
Owes si mer aus der Pastoralregioun Norden eraus op Viichten gefuer, wou mer un der Marie-Prozessioun deelgeholl hunn. Am Kader vun der Mass krut den Alberto vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich d’Lektorat. Nieft de Leit vu Viichten an Emgéigend an eis hunn och de Präses an 3 Seminariste vu Metz, wou den Alberto studéiert, un dëser Feier deelgeholl.

alles auf dem Weg 2

No der Ofschlossmass freides hu mer dunn nach agepaakt, geraumt an de Papa Klein gebotzt. Hien ass elo eng richteg Pärel. Du war no enger Woch eis Septemberwoch matzen am August fäerdeg.

weil er mitfühlt

Mir wëllen de Leit an der Pastoralregioun Norde fir hire flotten Accueil Merci soen. E besonnesche Merci dem Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich fir d’Lektorat fir den Alberto, dem Regionaldeche Martin Molitor, dem Dechen Nico Jans, dem Dechen Pierre Renard, dem Abbé Michel Meyer, dem Abbé Joël de Brouwer, dem Père Henri Delhougne an de Benediktiner vu Klierf, der Communauté des Frênes, dem Pastoralteam aus der Pastroralregioun Norden an dem Parverband Wooltz, der Famill Klein vu Rulljen, der Presidentin vun den Amis du St. Pirmin – Pörmesfrönn, de Leit aus de Paren a Parverbänn Wooltz, Ëlwen-Wäisswampech, Ciney a Viichten an all deenen, déi mer an dëser Woch begéint hunn.

1 Pastoralregioun an e klengen Détour an d’Belsch, 2 Kilo Nuddelen, 3 Generatioune Bauer, 4 Seminaristen, 5 Stäreschnäizen, 6 verschidde Parverbänn, 7 Etappen um Abschid vum Präses, 8 Deeg, 9 Massen, 10 Rullen Toilettepabeier, 12 Liter Spruddelwaasser, 15 Matratzen an den Dortoiren, 18 Kierchen, Kapellen a Grotten, 28 Dëppercher Joghurt, gefillten 100 mol vu Moustiquë gepickt ginn, 530 Kilometer duerch den Norden, 1000 flott Andréck…

Yves

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement