Seminaristen a Beruffung: e puer Temoignagen

Mäin Numm ass Romain Richer, ech si 26 Joer al, kommen aus der Poar Bascharage an sinn elo a mengen 5. Joer am Séminaire hei zu Lëtzebuerg! Meng Studie maachen ech zu Tréier, nodeems ech och e Joer zu Paräis studéiert hunn. Meng Beruffung baséiert op véier wichtege Päileren:

Fir d’éischt d’Spiritualitéit: ech hu gemierkt, dass Gebied a Meditatioun mir Kraaft ginn hunn an nach ëmmer ginn. Dann natierlech d’Helleg Schrëft: mir hunn d’Texter ëmmer gutt gefall, déi ech am Alen a Neien Testament fonnt hunn. Se si mer e Kompass a mengem Alldag! Den drëtte Punkt ass un sech de Wëllen, dat alles, wat ech selwer entdeckt hunn, de Mënsche weiderzeginn, hinnen domadden ze hëllefen; wier et net e bësschen egoistesch vu mir, wann ech dat, wat mir gutt deet, just fir mech eleng géif halen? Mee den ausschlaggebende Punkt wor meng Frëndschaft mat engem Priister, an zwar mengem Duerfpaschtouer. Eng Vocatioun ass eng Relatioun. De Jesus huet seng zukünfteg Apostelen ugeschwat. An esou krut och ech eng Kéier d’Fro gestallt: “Romain, wéi wier et? Hues du dir schons eng Kéier d’Fro gestallt Priister ze ginn?” Jo, dat hat ech! An ech wor frou, wou ech dës Fro, déi ech mir schons eng Zäitche gestallt hunn, aus dem Mond vun engem Priister héieren hunn.

Fir mäi Priisterbild ass d’Léift fundamental, esou wéi mir et och am 1. Johannesbréif héieren: “Liebe Brüder, wir wollen einander lieben; denn die Liebe ist aus Gott, und jeder, der liebt, stammt von Gott und erkennt Gott. Wer nicht liebt, hat Gott nicht erkannt; denn Gott ist die Liebe.” (1 Joh 4,7- 8) D’Léift zu Christus, zum Dräieenege Gott an zu de Matmënsche muss d’Basis si fir meng Aarbecht, mäi Liewen. Mir fannen dës Léift ëmmer erëm, z.B. am Gebied: Gebied ass net nëmmen en Opsoe vu Wierder, mee et ass e Lauschteren, an zwar mam Häerz! A wa Leit bei äis kommen, jo sécher, da musse mer och mat den Ouere lauschteren, mee ower och mam Häerz! A wann ech well Priister ginn, da liewen ech an enger Communautéit vu Mënschen, schaffe mat hinnen, deele gläichsam d’Liewe mat hinnen. Wéi kann aus dësem Zesummeliewen en optimistesche Wee ginn, wann déi Léift net präsent ass?! A Gottvertrauen, iwwerhaapt meng Relatioun mat Gott, ass dat net e Zeeche vu Léift? A besonnech an dësem Priisterjoer konnte mer vill vum Curé d’Ars héieren an eise Poopst, de Benoît XVI., huet bei der Ufanksfeier vun dësem Joer e puer ganz wichteg Wierder gesot: “Sich ganz von Christus vereinnahmen lassen! … Dies war das Ziel des ganzen Dienstes des heiligen Pfarrers von Ars… dies sei auch das Hauptziel eines jeden von uns.”

Romain RICHTER
Por Saint-Willibrord, Bascharage
Juni 2010


Priister ginn heescht fiir mech…

… op de Ruff vum Herrgott ze lauschteren an ëmmer nees bereet ze sinn, HIM “Hei sinn ech” ze soen. Priister sinn heescht, sech dem Herrgott an senge Mattmënsche ganz an den Déngscht ze stellen. Dëst Sech-an-den-Déngscht-Stellen ass d’Äntwert op den “ECH brauch DECH”, deen den Herrgott op eng ganz perséinlech Manéier un ee riicht. Dëst ass dann eng Beruffung.

Duerch mäi spirituellt Liewen an duerch d’Theologiestudium gëtt dës Beruffung zum Priistertum gekläert, verfeinert an och konkretiséiert. Am Gebiet verstäerken ech meng Bezéiung zu Jesus Christus, deen d’Zil vu menger Beruffung a vu mengem Liewen ass. Ouni dës Christus-Bezéiung ass ët onméiglech, den Herrgott ze verstoen an seng Botschaft ze verkënnegen. An d’Verkënnege vum sengem Evangelium ass d’Haaptaufgab vum Priister.

An deene letschten dräi Joer, säitdeem ech am Seminaire sinn, kann ech soen, dass eng Beruffung eng Aventure mam Herrgott ass. Vum éischte Schrëtt un bis elo kann ech awer soen, dass ech mech vum Herrgott net am Stach gelooss gefillt hunn. D’Seminaireszäit ass fiir mech eng Zäit, wou ech dem Herrgott ganz no ka kommen an hien ëmmer erëm vun e neits kenneléieren. Dozou passt e schéint Zitat vun eisem Poopst Benedikt XVI., wou hie seet: “Je tiefer Du ihm begegnest, umso mehr drängt es Dich, ihn zu suchen.”

Charles BREMER
Por Saint Jean-Baptiste, Bous
Juni 2010


Ech sinn de Ricardo.

Esou stellen ech mech all Joer an der Radiosmass, wou d’lëtzebuerger Seminariste mat hirem Präses deelhuelen, ëmmer erëm vir. Haut hunn ech déi grouss Éier, mech perséinlech un Iech, léif Lecteuren, ze wenden.

Ech sinn de Ricardo Monteiro, si 25 Joer al a komme vun Diddeleng. Ewéi mäin Numm et schonns verréit, sinn ech e Südlänner, an zwar sinn ech gebierteg vu Figueira da Foz a Portugal. Säit 18 Joer wunnen ech zu Diddeleng, wou ech och bei de Massendénger wor, an och während engem Joer Koschter wor. Ech hunn zu Mamer mäin Ofschloss am Génie Civil vun der Sectioun Bâtiment absolvéiert. Säit dräi Joer sinn ech elo am Seminaire, dovunner sinn ech säit zwee Joer zu Lantershofen (D) am Studium. Um Weltmissiounssonndeg, de 25. Oktober vum vergaangene Joer, sinn ech vum Här Bëschof Felix Genn (vu Münster) zum Akolyth beoptragt ginn.

Wéi mierkt een, ob ee beruff ass? Op dës Fro äntweren ech ëmmer ganz perseinlech. Ech hu vu klengem un ëmmer de Wonsch gehat an awer och deif a mer gespuert, dass ech Paschtouer wéillt ginn. Also war et bei mir keng spontan Entscheedung, mee eng Entscheedung, déi sech iwwer Jore gezunn huet. Ech si frou, e Paschtouer ze hunn, dee mech encourageiert huet, och meng fréier Kapléin an d’Diakonen. Déi Begéignungen hu mech geprägt, a motivéiert. Ech muss soen, ech bereien et nach ëmmer net, dëse Wee gewielt ze hunn.

Ech ka nëmmen encourageieren, dësem Ruff nozefollegen an sech op de Wee ze maachen zum Priistertum. D’Welt an och Lëtzebuerg brauchen och nach haut gutt Paschteier! Leif Greiss vu Lantershofen!

Ricardo MONTEIRO
Por Saint-Martin, Dudelange
Juni 2010


Priister ginn heescht fiir mech…

… an enger Gesellschaft, déi sech ëmmer méi vum Evangelium, vu Gott distanzéiert, e kloert an onmëssverständlecht Zeechen ze setzen.

Duerch Reflexioun, Liesen an der Helleger Schreft iwwert d‘Liewe vu Christus, d’Virbild vun deene groussen Hellegen (Franziskus, Ignatius…) a nach aneren Erfahrunge sinn ech zu der déiwer Iwwerzeegung komm, datt an deër gëttlecher Botschaft een enormt Potenzial läit, eng Kraaft a Wourecht, déi iwwert alle mënschlechen Ideologien steet. Vun den Hellege wees ech, datt grouss ënnerlech Freed deem Mensch geschenkt gëtt, deen en Effort mécht, fir säi Liewe no deër Botschaft ze gestalten. Dozou en Zitat vun eisem Poopst Benedikt: “Nur von den Heiligen, nur von Gott her kommt die wirkliche Revolutioun, die grundlegende Änderung der Welt.” D‘Evangelium ass de Wee, dee mir goe mussen, an zwar konsequent a radikal, fir aus der Sënnlosegkeet an dem Chaos vun eiser Zait erauszekommen.

Aus deër déiwer Iwwerzeegung geet bei mir de Wonsch ervir, mäi Liewe ganz der Verkënnegung ze widmen; a genau dat ass d‘Aufgab vum Priister: Verkënnegung. Als speziell Liewesform wielen ech den Zölibat, deen e wonnerbart Zeechen dofir ass, datt ech et mat der Verkënnegung seriö mengen a bereet si, mech mat grousser Kraaft dem Zäitgeescht entgéintzestellen. De Courage fir esou ze handelen, gewannen ech duerch mäi Vertrauen, dat ech ganz ob Gott setzen. Ech gleewen drun, dass Hie mir hëlleft, Krisen a mengem Liewen ze iwwerwannen, wann ech Him trei bleiwen an d‘Hoffnung net opginn.

Daniel BERCHEM
Por Marie-Reine-de-la-Paix, Bonnevoie
Juni 2010


«Écoute, je me tiens à la porte et je frappe ; si quelqu’un entend ma voix et ouvre la porte, j’entrerai chez lui, je prendrai un repas avec lui et lui avec moi.» (Ap 3,20)

Oui, Le Seigneur frappait à ma porte, mais je croyais que c’était la porte du voisin et pas la mienne qu’il appelait. Sa voix, je l’ai entendue plus nettement et enfin j’ai réalisé que c’était à ma porte qu’il frappait, alors je me suis abandonné à son amour et à sa miséricorde et j’ai ouvert ma porte en répondant : «Me voici, Seigneur… parle, ton serviteur écoute.» Comment ne pas suivre celui qui, par amour, a donné sa vie pour moi ? Comment ne pas proclamer sa bonté et sa sainteté ? Rencontrer le Christ dans le sacrement de son amour comme membre de son Eglise, comme fils adoptif du Père, comme frère et ami de Jésus.

Devenir un témoin de ses merveilles et aller annoncer sa bonne nouvelle au monde entier avec la force de son Esprit, c’est le plus profond souhait de mon être.Aimer Dieu et le suivre implique que je consacre humblement et dispose librement toute ma vie à lui pour me laisser former, arriver à être un instrument de son amour et un jour pouvoir parler aux hommes de Dieu et parler à Dieu des hommes. Fiat voluntas tua ! Amen.

Alberto CHAMBI
Juin 2010


Vom Lamm überwältigt…

Priester werden – das wollte ich schon fast immer. D.h. nicht immer, zuerst wollte ich wie mein Vater Pilot werden. Dann Tierarzt. Später in der Primärschule kam ich dann aber auf den richtige Geschmack. Im dritten Schuljahr hatte ich es herausgefunden. Naja, die Motive waren damals andere als heute, aber irgendwie blieb mir der Gedanke stets erhalten: Priester werden – warum nicht?

Kirchgang machte Spass, und so wurde ich nach meiner ersten heiligen Kommunion Messdiener. Die Faszination am Göttlichen hatte mich gepackt und sollte mich fortan nicht mehr loslassen, so dass manche Leute meinen, ich sei in einem Sakristeischrank geboren. Dem war allerdings nicht so. Über die Gottesdienstfeier und dem Spass am “heiligen Spiel” (Romano Guardini) kam dann der Kontakt mit dem lebendigen Gott, der unser Leben bereichert und bunt macht. Deswegen ist mir bis heute eine schöne, ansprechende Liturgie wichtig, die Gott und Menschen verbindet, in der sich Himmel und Erde berühren.

Nach Wiederaufnahme der Berufstätigkeit meiner Mutter wurde ich Schüler an einer Stadtluxemburger Klosterschule, bevor ich ins Lyzeum und ins Internat in Echternach wechselte. Auch dieses Umfeld hat mich geprägt und mir eine lebendige Beziehung zu Gott ermöglicht. In dieser Zeit waren es sicher die Geistlichen im Internat und an den Schulen und die Kapläne in der Heimatpfarrei, die mich auf den Geschmack brachten: Priester sein ist etwas Schönes. Zudem war ich nicht allein mit diesen Fragen unterwegs. Zwei ältere Mitschüler stellten sich die gleichen Fragen nach einer geistlichen Berufung und sind auch mittlerweile Priester geworden. Ein weiterer Mitschüler steht als angehender Religionslehrer im Dienste Jesu Christi. Eine Gebetsgruppe in der Abteistadt, geleitet von einem jungen Kaplan, war ein Ort des gemeinsamen Gebets und Erlebens mit Gleichaltrigen. Last but not least, darf ich den Einfluss des heiligen Willibrord nicht vergessen. Schliesslich lebte ich die entscheidenden Jugendjahre in den Mauern seiner ehemaligen Abtei unweit seines Grabes. Heilige sind ja keine langweiligen und verstaubten Gestalten der Kirchengeschichte, sondern grosse Schwestern und Brüder sowie Vorbilder für das eigene Leben. ‚In Dei nomine feliciter! In Gottes Namen froh voran!‘ schrieb Willibrord. Das wollte ich auch.

Christus, das Lamm Gottes, hatte mich überwältigt. So kam es wie es kommen musste. Nach dem Abitur klopfte ich an die Türen des Priesterseminars - wörtlich zu übersetzen mit “Priestergewächshaus”. Anschliessend begann ich mit zwei anderen jungen Männern das Propädeutikum, ein Vorbereitungsjahr zur Klärung der eigenen Berufung, im Luxemburger Seminar, dem Centre Jean XXIII. Nach diesem Jahr beschloss einer meiner Weggefährten der Benediktinergemeinschaft der Abtei Clerf beizutreten, während ich mein Theologiestudium in Trier aufnahm. Hier lebte ich mit anderen (mehr oder weniger jungen) Männern, die das gleiche Ziel anstrebten: Priester werden, Gott und den Menschen dienen. “Willst du die Welt sehen, musst du ins Kloster gehen” – so ein alter Spruch. Aber auch an der Uni und im Seminar war es möglich die ganze Bandbreite des Katholischen zu entdecken und wertvolle Erfahrungen für Glauben und Leben zu machen. Gott trägt uns, auch auf schwierigen Wegen, das konnte ich oft verspüren. Ein Erlebnis besonderer Art war ohne Zweifel mein Studienjahr in Toulouse. Unter der Sonne des Südens konnte ich meine Horizonte erweitern, Neues kennenlernen, Bewährtes vertiefen und die Freundschaft mit Christus intensivieren. Bevor ich zu den Abschlussexamen im vergangenen Sommer zugelassen wurde, beschäftigte ich mich in meiner Diplomarbeit mit der Luxemburger Muttergottesoktave im 20. Jahrhundert. Im Herbst bin ich heimgekehrt. Nach dem ersten Semester Pastoralkurs im Centre Jean XXIII und einem Schulpraktikum in den Primärschulen von Limpertsberg und Leudelingen, bin ich nun als Diakon in den Pfarrgemeinschaften von Grevenmacher, Manternach und Lellig tätig. Noch immer hat der Herr “mich betört und ich liess mich betören. Du hast mich gepackt unnd überwältigt” (Jer 20,7) und so will ich meinen Weg mit Gott gehen: in seinem Namen froh voran! Ebenso lade ich Sie ein: Geben Sie Gott einen Platz in Ihrem Leben! Lassen Sie sich auf das Abenteuer Gottes ein. Er macht unser Leben froh und vielseitig. Bleiben wir auf diesem Weg mit dem gegenseitigen Gebet verbunden.

Luc SCHREINER
Pfarrer des Pfarrverbandes Fiels


Répondez avec joie à la volonté de celui qui vous appelle !

Après plusieurs années de vie professionnelle, j’ai frappé en septembre 1997 à la porte de l’Église qui est à Strasbourg, pour prendre le temps, avec elle, de discerner ma vocation au service de Dieu et des hommes. En réponse, et pour moi cela n’ est aujourd’hui plus un mystère, à l’appel lancé par Mgr Roger Heckel, alors évêque coadjuteur, lors de ma confirmation : «L’Église a besoin de vous, l’Église embauche !»

Ce qui est premier pour moi, c’est le regard amoureux du Seigneur qui s’est posé sur moi et qui m’a dit : «Viens !». Cet Amour passionné pour Dieu et les hommes qui m’habite toujours encore! Un amour où le Christ et les hommes sont inséparables. Le Christ m’a saisi dans son Amour et sa présence me brûle comme un feu : je ne peux les garder pour moi.

Oui, l’Église est une bonne mère qui sait prendre soin de ses enfants, qui sait avec sagesse nous donner du temps pour tout: les études de théologie, la formation au séminaire, la vie de prière. Sans oublier la dimension pastorale, celle d’avoir pu participer à une équipe de visiteurs de malades, de vivre le quotidien au sein d’une paroisse. L’expérience au sein même d’une paroisse (d’une unite pastorale), j’ai pu la vivre pleinement durant toute une année à Larochette (Luxembourg). Cette dernière a dans mon cheminement été déterminante quant à mon engagement futur de prêtre, au sein de l’Église qui est à Luxembourg.

Oui, maintenant je suis prêtre. Le ministère de prêtre est un ministère d’accompagnement et d’encouragement : il marche avec les enfants dans leur découverte de la vie et de Dieu. Il chemine avec les jeunes dans leurs questions et leur idéal. Il accompagne les adultes dans leurs convictions et leurs doutes. Il s’arrête auprès des personnes âgées et de leur sagesse. Le prêtre est au service de chacun dans la route quotidienne.Comme l’a dit le concile Vatican II, l’homme est la route de l’Église. C’est ainsi que j’ai découvert, jour après jour, sur ce chemin me conduisant vers le ministère ordonné, la liberté d’être un serviteur heureux.

Denis WELLISCH
Curé de la communauté pastorale Biekrech-Useldeng


Gott ruft auch heute noch!

Ruft Gott heute noch? Wie kann man heute noch Priester werden? Eine oft gestellte Frage. Eine Frage, die auch ich nicht so ohne weiteres beantworten kann. Nicht nur deshalb, weil der Mensch letztlich immer vor dem unbeschreiblichen Geheimnis steht, das wir Gott nennen. Würde ich trotzdem versuchen, eine Antwort zu finden, dann kämen mir die Worte des ehemaligen Seminarpräses Michel Schmitt in den Sinn, der stets zu sagen pflegte: “Zuerst beruft Gott, dann ruft die Kirche und schliesslich antwortet der Betroffene!” Ja, es ist eine Antwort auf Gottes Ruf. Ein Ja zu Gott, zu seiner Nachfolge, ein Ja zu den Menschen. Denn Gott ruft auch heute noch. Auch wenn sein Ruf oft überhört wird in der Beschäftigkeit und Hektik desAlltags. Es ist ein Ruf Gottes, der durch Erlebnisse, durch Erfahrungen und Menschen zu einem dringt.

Geboren wurde ich 27. November 1970 in der Stadt Luxemburg. Aufgewachsen bin ich in Hamm, dem kleinen “Dorf in der Stadt”. Schon früh fühlte ich mich von Jesus angezogen. Anfangs war es sicher das tägliche Gebet, das meine Mutter vor dem Schlafengehen mit mir betete. Es folgten prägende Erlebnisse in der Ministranten- und Jugendarbeit. Glücklicherweise hatten wir einen herzensguten Pfarrer, der viel Zeit für uns hatte. Dass ich mich trotz aller Begeisterung für Jesus und seine Kirche zunächst nicht für einen kirchlichen Beruf entscheiden konnte, hatte eine plausible Ursache: Meine Familie führt einen traditionsreichen Schreinereibetrieb, und somit lag es nahe, dass ich das Schreinerhandwerk erlernen würde. Doch Gott ist treu, sein Ruf lies mich nicht los und drängte mich regelrecht zu einer Antwort. Nach der Meisterprüfung wagte ich schliesslich den Schritt ins Priesterseminar einzutreten. Es waren vor allem die wertvollen Erfahrungen, die wir als Kinder und Jugendliche in der Pfarrei machen durften, die mich bei der Entscheidung bestärkten.

Seit acht Jahren habe ich mich auf die Priesterweihe vorbereitet. Auf den ersten Blick eine lange Zeit, sicher. Aber auch eine äusserst wertvolle und wichtige Zeit der Vorbereitung. An den Studienorten Luxemburg (propädeutisches Jahr am Priesterseminar), Luzern (Universität Luzern) und Paris (Institut Catholique) waren es - neben der Philosophie und der Theologie - vor allem auch die Begegnungen mit Menschen und ihrer Geschichte, die mich beeindruckten. Nicht selten sind daraus wertvolle Freundschaften entstanden. Neben der wissenschaftlichen Ausbildung standen in der vorlesungsfreien Zeit einige Praktika an. In der Zitha-Klinik, im Foyer St.Joseph und in den Pfarreien Mamer-Koerich durfte ich einen Einblick in den vielseitigen Alltag von Menschen und Kirche gewinnen. Während einigen Monaten arbeitete ich als Diakon im Pfarrverband Diekirch. Ja, ich kann sagen, dass ich dankbar bin für den vielfältigen und äusserst interessanten Dienst, für den Gott mich bestellt hat. Meine Antwort auf den liebenden Ruf Gottes ist deshalb der Versuch, diese faszinierende Liebe Gottes an andere Menschen weiterzugeben, sie nicht für mich zu behalten. So, wie Paulus es beschreibt: “Die Liebe Christi drängt uns.” (2 Kor 5,14)

Francis ERASMY
Pfarrer des Pfarrverbandes Lënster


Priester fir d’Leit a mat de Leit…

Mäin Numm ass Joël Santer, gebuer de 4. Abrëll 1972 an der Stad, an ech si vu Wecker. Schon als klenge Bouf war ech vu Gott a senger Léift zu äis Mënschen esou faszinéiert, datt et fir mech e Liewe laang feststoung, Geeschtlech ze gin. No menger Primärschoulzäit zu Biwer an duerno am Lycéee zu Iechternach, war et fir mech selbstverständlech, an de Seminär anzetriëden. Ech erënnere mech nach gutt un déi grouss Freed, déi ech empfond hun, wéi de Seminärpräses mir matgedeelt huet, dass ech am Lëtzebuerger Priesterseminär ugeholl wär. No engem propädeutësche Virbereedungsjoër an eisem Seminär um Weimëschhaff sin ech fir meng philosophësch an theologësch Studien op Bréissel gaangen, wou ech am Bréisseler „Séminaire archidiocésain“ gewunnt hun. Déi Bréisseler Zäit huet mech ganz besonnësch um spirituelle Plang geprägt. Niewent dem normale Seminärs- a Studieliewen zu Bréissel hun ech zwee Joer ee klenge Stage, engsougenannt “insertion pastorale” an der Por Saint-Paul zu Bréissel/Woluwé-Saint-Pierre gemaach, wou ech an der “Equipe baptêmes” matgeschafft hun. Während weideren zwee Joer war ech an engem Pastoralstage an de Pore Saint-Médard a Saint-Lambert zu Jodoigne (Brabant Wallon). Doniewent hun ech an der grousser Vakanz heiheem e Stage am Institut Saint-Joseph zu Betzder an am Centre hospitalier an der Stad gemaach. Erëm heiheem ukomm, war ech vu September bis Februar am Seminär an der Stad am sougenannte “Pastoralcours”, wou ech ënnert anerem Reliounsunterrecht an zwou Schoulen zu Diddeléng gehalen hun. Nodeems ech mat méngen dräi Matbridder den 18. Dezember 1999 zum Diakon geweit gouf, war ech zënter dem 1. Mäerz als Diakon an der Por Diddeléng täteg, wou ech mech op d’Priesterwei virbereed hun.

Wann ech op mäi Liewe bis elo zréckkucken, sou muss ech soen, dass ech och geprägt gi sinn vun der pastoraler Situatioun an dem kierchleche Liëwen a menger Heemechtspar Wecker. Bedéngt duerch Priistermangel hun ech selwer kee Paschtouer an eisem Duerf méi erliëwt. Esou sin ech opgewues an enger Por, wou d’kierchlecht Liewe lues a lues ofgeholl huet. A mir selwer huet sech ëmmer erëm d’Fro gestallt: „Wéi geet dat elo weider?“ Ech hu mech beruff gefillt, an dëser Kiercherealitéit eng Hand mat unzepaken. Wéi mäin Heemechtspaschtouer Nicolas Georges 1990 krankheetshalber ausgefall ass, huet sech a mir d’Fro vun der Zukunft vun der Por an der Kierch konkret gestallt. Ech war Member vun enger Por ouni Paschtouer, a wou wéineg Begeeschterung war. Den deemolege Gréiwemaacher Dechen huet mech motivéiert, fir aktiv eng Hand am kierchleche Liewe vu menger Heemechtspor unzepaken. Wéi mir dunn en neie Paschtouer kritt hunn, hu mir zesumme mat anere Leit erëm versicht, eist Porliewen opzebauen, wat eis och gelongen ass.

Esou hun ech selwer als Laien eng Hand mat ugepakt, an des Erfahrung bestëmmt och meng kierchlech Visioun als Priister. Ech wëll d’Priistertum untrieden als Priister fir d’Leit a mat de Leit. Meng Aufgab wäert et sinn, am Numm vu Christus ënnert de Mënschen ze handelen, fir dass eis Kierch esou weiderliewe kann, wéi Christus et wëll. Ech wënschen eis all eng Kierch, di aus Mënsche besteet a fir d’Mënschen do ass. Ech wees och, dass ee sech hautdesdags kengen Illusiounen däerf higinn, an dass Geeschtlech sinn nët sou einfach ass. Duerfir froën ech Äert Gebiet fir eis a fir all déi, déi no eis kommen. Loosse mer bieden, dass d’Kierch och muer nach d’Kierch vu Jesus Christus ka sinn an als seng Kierch och duurch dat drëtt Jordausend goe kann.

Joël SANTER
Paschtouer vum Porverband Sankt Willibrord Helpert


“Ein Segen sollst du sein!” (Gen 12,2)

Dieses ist ein Teil des Auftrages Gottes an Abraham, sein Land und seine Verwandtschaft zu verlassen und aufzubrechen in das Land, das Gott ihm zeigen wird. An Abraham ergeht der Auftrag, Segen zu sein für andere, Zeugen zu sein der Treue und des Erbarmens Gottes zu den Menschen. Abraham, der Urvater des Glaubens, soll zum Segen werden für alle Völker. Von ihm aus soll die Güte Gottes auf alle anderen Völker übergehenund sichtbar werden.

“Ein Segen sollst du sein!”

Diesen Spruch stelle ich über mein Leben als Priester. Auch hier steht am Anfang die Berufung: ein Ruf Gottes, den man durch vielfältige Zeichen, durch andere Menschen, im Gebet und in der Gottesbeziehung immer deutlicher als solchen vernehmen kann. Im nachhinein merkt man dann, wie alle Elemente im Leben wichtig werden und ihren Sinn bekommen. Am 17. Mal 1974 wurde ich in Luxemburg geboren und verbrachte meine Kindheit und Jugendzeit zusammen mit meinem Bruder und meinen Eltern in Warken bei Ettelbrück. Nach der Grundschule In Warten und Ettelbrück ging ich ins Lycée Classique de Diekirch, wo ich im Juli 1993 mein Abitur der „section B classique“ bestand. Im September desselben Jahres trat ich dann ins Priesterseminar in Luxemburg ein. Ein langer Weg stand vor mir, ein Weg, auf dem ich Gott jeden Tag näher kommen konnte. Da ich der einzige war, der damals eintrat, wurde ich zum Propädeutischen Jahr ins Priesterseminar in Limelette bei Brüssel geschickt. Nach diesem Jahr kam ich ins Priesterseminar nach Trier, wo ich das Studium der Philosophie und Theologie an der Theologischen Fakultät begann und mit dem Vordiplom im Juli 1996 einen ersten Abschnitt der Ausbildung abschloss. Mein Weg führte mich dann nach Rom, wo ich an der päpstlichen Universität Gregoriana studierte und im Collegio Teutonico in Campo Santo im Vatikan wohnen durfte. Dieses Jahr des Aussenstudiums hat mir sehr viele Erfahrungen gebracht: es erlaubte mir, aus dem engeren Rahmen herauszutreten und meinen Horizont weit zu öffnen. Ich konnte dort erleben, was Weltkirche heißt und knüpfte Bekanntschaften mit Menschen aus der ganzen Weit. Hier konnte ich lernen, dass es immer nur um Christus gehen kann und die innerkirchlichen Streitigkeiten über Zölibat, Frauenpriestertum und des Weiteren zweit-, wenn nicht sogar dritt- oder viertrangig sind.Auch kulturell war dieses Jahr in Rom sehr fruchtbar. Danach kam ich wieder nach Trier, wo ich letztes Jahr im Juli mein Studium mit dem Diplom in Theologie abschloss. Mein Wunsch, dass das Studium der Theologie mir helfen würde, Gott näher kennen zu lernen und tiefer in sein Geheimnis einzudringen, wurde erfüllt. Besonders auch durch meine Diplomarbeit in der Exegese des Alten Testamentes („Gottes Gedenken an seinen Bund – Biblische Geschichtsbetrachtung in Psalm 106“) kam ich unserem Gott Jahwe näher. So bildet das Studium nicht nur einen wesentlichen Teil der Ausbildung, sondern ist auch von existentieller Wichtigkeit für das Leben des Priesters. Im September 1999 begann ich - zurück in Luxemburg - zusammen mit drei Mitbrüdern den sogenannten Pastoralkurs, in dem wir konkreter und praktischer auf unser Wirken als Seelsorger in der Erzdiözese Luxemburg vorbereitet werden. Am 18. Dezember 1999 empfingen wir in der Kathedrale von Erzbischof Mgr. Femand Franck die Diakonenweihe. Vom 1. März bis zum 1. Juli dieses Jahres absolvierte ich mein Diakonatspraktikum in Vianden und Umgebung.

“Ein Segen sollst du sein!”

Der Priester soll zum Segen werden. Er soll sozusagen derjenige sein, der den Segen, die Güte, die Liebe und das Erbarmen Gottes weitergibt. Durch ihn sollen viele Menschen zu Gott gelangen können. Durch ihn kann die Weit Segen und Heil (auf hebräisch shalom = Ganzheit) erlangen. Er wird für die Menschen zum Segensvermittler, der die erlösende Botschaft Jesu Christi verkündet. Dafür braucht er Kraft und Ihr Gebet. Und deshalb bitte ich Sie: Beten Sie für Ihre Priester, damit es wahre Männer Gottes werden können.

Tom KERGER
Paschtouer zu Clemency


Jo zu Jesus Christus an zu senger Kierch hei zu Lëtzebuerg.

Den 1. Juli hun ech “Jo” gesot zu Jesus Christus an zu senger Kierch hei zu Lëtzebuerg. Wéi koum et zu dësem “Jo”? Ech wëll dese “Jo” un dräi Gedanke festmaachen:

1. Ennerwee sinn…
Den 1. November 1965 sin ech an der Stad op d’Welt komm. Meng Kannerjoren hun ech an der Fiëls verbruecht, an zu Dikkrech an der Hotelschoul hun ech de flotte Beruff vum Kach erléiert. Fir mech war d’Liëwen ëmmer statësch fest a stabil. No der Hotelschoul hun ech am Hôtel Hilger an der Fiels geschafft, an dono hun ech fir 3 Joër d’Gérance vum Hôtel Koch vu Waldbëlleg iwerholl. Vun 1990 un sin ech fir 3 Joër de Kichechef op dem Muselschëff M.S. „Princesse Marie-Astrid“ gewiëscht. Mat der Zäit awer hun ech gemierkt, datt an allem, wat ech gemeet hun, ëmmer eng Grëtz ze wéineg war. Ech hu mech op d’Sich gemaach no där Grëtz, déi gefeelt huet, an hun et mat dem Jesus ze di krut. Duerch de Jesus sin a mengem Liëwe Spannungen sichtbar gin tëschent der Realitéitan den Erwaardungen, den Zukunftsvisiounen, an der eegener Biographie. De Jesus huet mech geléiert, lasszeloossen, äddi ze soën, ze vertrauen, an d’Spannungen un den Härgott ofzegin. Ech hun d’Decisioun geholl, fir mäi Beruff opgegin a ganz dem Jesus nozegoën. Gleeweg Gemeinschaften an eiser Kierch si Plazen, wou mënschlech Erfaarungen a Weërkënnen ausgetosch gin. Mat mengem “Jo” wëll ech mech engagéieren, u sou enger Plaz matzeschaffen.

2. Entscheedung fir säin eegene Wee…
Op deem Wee, bäi deem Sichen hun ech missen Entscheedungen treffen. 1994 hun ech am Seminaire zu Lëtzebuerg e Propädeutëscht Joër gemaach. An desem Joer ass et fir mech ëmmer méi wichteg gin, bäi den Decisiounen – niëwt deene konkrete Situatiounskriterien – och op de Jesus ze kucken. Hien ass an alle Situatioune sengem Optrag, senger Visioun, senger Beruffung, dat wat hie vu sengem Papp matkritt huet, dat wat hie selwer gespiirt a gelieft huet, trei bliwwen. Eng Decisioun, déi sech um Jesus orientéiert, as fir mech zu enger Decisioun an d’Fräiheet gin. Si huet aus der Friembestëmmung eraus a méi Selbstbestëmmung gefouert – méi no zu mir selwer hin, méi no zu mengem Kär, méi déif a mech eran. Esou hun ech nom Propädeutikum en theologëscht a philosophëscht Studium zu Bréissel gemaach. „Liebe deinen Nächsten wie dich selbst“, dëse Saz ass ëmmer méi wichteg gin an menger Seminärszäit. Mäi Sichen ass fir mech zu engem Wee vun den Entscheedunge gin, duerch d’Léift op d’Fräiheet hin. Mat mengem “Jo” wëll ech mech fir dës Wäerter vu Léift a Fräiheet asetzen.

3. Fräi si fir Verantwortung ze droen…
Entscheedungen zu eegener Fräiheet, jo, mee Fräiheet eleng geet net duer. De September 1999 huet déi lescht Etapp vun der Priesterausbildung ugefaang. Am Pastoralcours an der Stad an am Reliounsunterrecht zu Dräibuer an der Regionalschoul hun ech mat dem Jeanny van den Berg-Hansen d’Gespir fir e richtegen Emgang mat Kanner geléiert. Den 18. Dezember 1999 sin ech an der Kathedral zum Diakon geweiht gin. De Wee op d’Priistertum ass fir mech e Wee an d’Fräiheet, mee an och an d’Verantwortung. De Jesus hätt och kënne soën: "Huel Verantwortung fir däin Nächsten, wéi s du och Verantwortung fir mech selwer geholl hues. Vum 1. Mäerz bis den 1. Juli war ech bäim Här Paschtouer Michel Meyer a senger “Joffer” am Kiischpelt, wou ech mäin Diakonatspraktikum gemaach hun. Hei sin ech elo konkret de Mënschen um Terrain vun der Par begéint, mat all hire Suergen, awer och mat hirer Freed. Hei léieren ech, wat et heescht, Seelsorger ze sin. Mat mengem “Jo” wëll ech mech mat Iech op de Wee maachen an zesumme sichen no der Fräiheet an der Verantwortung vun dem Eeenzelnen an der Gemeinschaft.

Esou gesin ech mäin Engagement, als eng Begleedung mat Léift duerch Erfahrungen zur Fräiheet an der Verantwortung. Dobäi soll dem Jesus säi Wiirken a Liewen mer e Virbild an eng Hëllef sin. Hien huet mir e Wee gewisen. Säin Ënnerwee mat eis zu sengem Papp am Himmel ass de Wee dee réusséiert welleng Hoffnung op Ouschteren sëtzt ganz déif an all Mënsch dran. Datt ech dëst schreiwen däerf, verdanken ech ville Mënschen. Ech wëll op dëser Plaz dem Härgott merci soën, datt et si gët. Merci!

Bert DEISCHTER
Paschtouer vum Porverband Notre-Dame

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement